Connect with us

Ëffentlechen Déngscht

Wéi geet et weider mam CGDIS-Trainingsdépôt zu Waasserbëlleg?

An der parlamentarescher Fro n°3666 vum leschte Joer goung Rieds vun engem Trainingsdépôt zu Waasserbëlleg, dee vum CGDIS benotzt gëtt, fir verschidde Coursë fir Pompjeeën ofzehalen.  Dës Cours’en goufe fréier vun der RAGTAL Asbl organiséiert an zënter der Reform vum Rettungswiesen am Joer 2018 huet de CGDIS d’Coursen iwwerholl an d’Formatioun dem Institut National de Formation des Secours (INFS) ënnergliddert.

De Standuert vum Trainingsdépôt selwer befënnt sech an enger Natura2000-Zon an ënnerleit deemno méi strengen Ëmweltoplagen, wat et méi schwéier mécht, fir de Site weider auszebauen an ze notzen. Wéi d’Inneministesch an hirer Äntwert geschriwwen huet, hat och d’EU-Kommissioun sech schonn ageschalt, fir eng weider Degradatioun vum Natura2000-Habitat ze verhënneren. Deem zu Trotz hält de CGDIS weider drop fest, dass d’Übungsaktivitéite weider op dësem Site solle stattfannen an hofft, dass de Site an Zukunft eng Naturschutzautorisatioun erhält.

Et stellen sech verschidde Problemer um Site : esou feelt et zum Beispill un Duschen, wou d’Participanten an d’Instrukteren sech no de Brandübunge kënne propper maachen. Et existéieren zwar Lavaboen um Site, mee dës bezéien d’Waasser aus engem Reewaassertank an engem Sammelbecken an d’Waasserqualitéit ass deemno bedenklech. Och d’Toilettë funktionéieren am Wanter net, wann dobausse Minustemperature sinn. Grad fir d’Instrukteren, déi d’Übungen e puer Mol d’Woch mussen organiséieren ass dës Situatioun desagreabel an och gesondheetlech bedenklech, well si bei Realbrandcourse permanent a Kontakt mat Brandruuss sinn, deen iwwert d’Haut kriibserreegend ass. Fir dëse Risiko ze minimiséieren, missten d’Leit sech dofir no de Cours’en kënne wäschen.  

Et stellt een sech d’Fro, ob de CGDIS als Patron an der Fliicht steet, fir d’Hygièneskonditiounen op deem Site verbesseren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ee Joer ass zënter der leschter Äntwert vun der Ministesch vergaangen: wéi ass de Stand vun dësem Dossier haut: ass mat enger Naturschutzautorisatioun fir de Site ze rechnen?
    Wäert de Site ëmklasséiert ginn? Falls jo, wéini?
    Hält de CGDIS weider dorunner fest, dass den Trainingsdépôt um Natura2000-Site bäibehale gëtt?

  2. Huet de CGDIS ee Plang B, falls de Site zu Waasserbëlleg keng Geneemegung sollt kréien? Falls jo, wéi eng Sitten géife fir een Trainingsdépôt a Fro kommen a wéi schnell kéinten dës prett gemaach ginn? 

  3. Firwat existéieren an engem Trainingsdépôt, dee reegelméisseg genotzt gëtt, keng Dusche mat propperem Waasser fir d’Instrukteren an d’Participanten? Falls keng Waasserleitung op dësem Site ass: firwat gëtt net einfach eng mobil Dusch mat engem Waassertank an engem Sammelbecken opgestallt?

  4. Generell stellt sech d’Fro, ob den aktuelle Standuert mat sengen Infrastrukturen am Wanter fir Formatioune gëeegent ass.
    1. Kann d’Ministesch bestätegen oder ausschléissen, dass d’Participante bei dëse Formatiounen sech am Wanter bei kalen Temperature bis op d’Ënnerwäsch ënnert engem Zelt mussen ausdoen, bevir se an d’Vestiairen era kënnen?
    2. Kann d’Ministesch bestätegen oder ausschléissen, dass am Wanter keng Méiglechkeet besteet, fir naass Aarbechtskleedung ze drëschnen an deemno d’Participanten an hirer naasser Tenue musse weiderschaffen?
    3. Ass um Site waarmt Waasser, fir dass d’Participanten an d’Instrukteren sech kënne wäschen?

  5. De groussherzogleche Reglement vum 3te November 1995 concernant les directives en matière de sécurité dans la fonction publique gesäit präzis Prozedure vir, fir d’Leit viru kriibserreegende Stoffer ze schützen. Bei de Realbrandcoursen, zum Beispill, kommen d’Participanten  iwwert d’Otemweeër an d’Haut mat esou kriibserreegende Stoffer a Kontakt. D’Prozedur geséit esou och vir, dass kontaminéiert Kleeder a Materialien a speziell virgesinne Beräicher deposéiert musse ginn. Am CGDIS gëtt et dofir een Hygienskonzept mat gielen, rouden, bloen a wäissen Zonen.
    • Gëtt dëst Hygienskonzept, wéi et am groussherzogleche Reglement festgehalen ass, um Site zu Waaserbëlleg zu 100% ëmgesat? 

  6. Ugesiichts vun de verschiddene Mängel, déi um Site existéieren, wéi kann de CGDIS versécheren, dass d’Aarbecht vun den Instrukteren, déi reegelméisseg d’Übungen um Site musse leeden, gesondheetlech onbedenklech fir si ass?

  7. Ass de Site, ugesiichts vun all sengen Nodeeler an dem Fakt, dass een sech an enger Gréngzon befënnt, der Ministesch no nach gëeegent fir permanent Realbrandausbildungen ze halen? Falls jo, wéi eng Grënn schwätze fir de Site?

  8. Wéi eng Institutiounen an Organisatioune sinn zoustänneg fir d’Aarbechts- an d’Hygienesbedingungen um Site Waasserbëlleg ze kontrolléieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5873

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert