Connect with us

Questions parlementaires

Gläichstellung tëschent de Geschlechter–muss eis Verfassung ugepasst ginn, fir dëst Zil z’erreechen?

De Ministère fir d’Gläichstellung tëschent Fraen a Männer huet rezent eng nei Informatiounscampagne gestart, an der d’Stereotyppe vum genderspezifesche Verhalensweisen opgebrach solle ginn. D’Ministesch huet heizou erwäänt, dass et nach 308 Joer kéint dauere bis eng absolut Gläichheet tëscht de Geschlechter erreecht kéint ginn. 

Et ass effektiv esou, dass Fraen a ville Liewensberäicher wéineg bis guer net representéiert sinn. A menger parlamentarescher Fro n°1270 hat ech d’Ministesch op de Fakt opmierksam gemaach, dass Fraen an der kathoulescher Relioun wéinst hirem Geschlecht net kënne Paschtouer ginn. D’Ministesch huet an hirer Äntwert argumentéiert, dass eng Gläichheet vu Fra a Mann am reliéise Glaawenskonstrukt géing d’Grondrecht op Reliounsfräiheet aushillegen. 

D’Fro, déi sech an dem Kontext stellt ass, ob dat konstitutionell virgesaten Zil vun der Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra ab dem Moment onméiglech gëtt, an dem Reliounsfräiheet spezifesch Geschlechter fir gewëssen Aktivitéiten ausschléisst. Wann engersäits an der Verfassung steet, dass de Staat d’Eliminéierung vun de Ongläichheeten tëscht de Geschlechter virundreiwe muss an anerersäits d’Reliounsfräiheet dësem verfassungsrechtlechen Zil Grenzen opsetzt, dann ass d’Ënnerfaange vun der „absolutter Gläichstellung“, vun der d’Ministesch schwätzt, wéinst der Géigesätzlechkeet vu béide Grondgesetzartikelen eventuell zum Scheitere verurteelt. 

Dës Kontradiktioun vu béiden Artikele schléit sech deemno och an eise Gesetzer erëm, esou zum Beispill am Aarbechtsgesetz. Hei gesäit den Artikel L.252-1 Ausnahmebestëmmunge vir, an deenen Diskriminéierunge méiglech sinn. Zum Beispill leit keng Diskriminéierung vir, wann

(1) en raison de la natured’une activité professionnelleou des conditions de son exercice, la caractéristique en cause constitue une exigence professionnelleessentielleet déterminante, pour autant que l’objectif soit légitimeet que l’exigence soit proportionnée.

oder wann

(2) Si dans les cas d’activités professionnelles d’églises et d’autres organisations publiques ou privées dont l’éthique est fondée sur la religion ou les convictions, une différence de traitement fondée sur la religion ou les convictions d’une personne est prévue par des lois ou des pratiques existant au 2 décembre2000, celle-ci ne constitue pas une discrimination lorsque, par la naturede ces activités ou par le contextedans lequel elles sont exercées, la religion ou les convictions constituent une exigence professionnelleessentielle, légitimeet justifiée eu égard à l’éthique de l’organisation.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et méiglech, dass Betriber an Organisatiounen, am Liicht vum Artikel L-252-1 vum Aarbechtsgesetz, Fraen op Grond vun hirem Geschlecht ausschléisse kënnen? Falls jo, wéi eng Beruffer zu Lëtzebuerg stinn ënner dësen Dispositiounen aktuell net fir Fraen op?
  2. Op RTL.lu gëtt d’Ministesch fir Gläichstellung wéi folgt zitéiert:

    „Oft kënnt och aus de Gespréicher eraus, dass deen ee Beruff fir si méi fir d’Fraen ass an deen anere méi fir d’Männer. Mä eigentlech sollten d’Beruffer jidderengem zoustoen. Jiddereen, dee Loscht huet, dat ze maachen, soll och d‘ Chance an d’Méiglechkeet kréien, dat ze maachen.“

    Ass d’Ministesch politesch der Iwwerzeegung, dass dëse Prinzip och fir de Paschtouerberuff gëlle misst?
  3. Gesäit d’Regierung een Handlungsbedarf, fir déi genannte Grondgesetzartikelen an een Aklang ze bréngen? Falls nee, ass d’absolut Gläichstellung, wéi d’Ministesch se genannt huet, an dem Fall iwwerhaapt z’erreechen? 
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert