Connect with us

Questions parlementaires

Kleos Space Faillite

D’Firma Kleos Space huet de 26te Juli Faillite ugemellt. 16 Satelliten huet d’Firma zum Zäitpunkt vun der Faillite bedriwwen, esou d’Tageblatt. Laut Advanced Television huet Kleos Space am Joer 2022 ronn 11 Millioune Verloscht gemaach.  D’Firma ass esouwuel zu Lëtzebuerg ewéi an Australien am Weltraumsecteur aktiv. De Wirtschaftsministère hat d’Entreprise ënnerstëtzt. Esou war den deemolege Minister bei Pressekonferenzen dobäi an d’Firma krut och eng Plaz um Space Campus op der Kockelscheier. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hat de Staat geschäftlech Relatioune mat Kleos Space?  • Wa jo, a wat fir engem Kader ?  • Wa jo, wat a wéi vill huet de Staat Kleos Space iwwert Jore fir dës Servicer bezuelt?

  2. An engem Artikel vu Luxembourg Times vum 3ten Abrëll ass ze liesen: ““Kleos started providing daily data deliveries to government spy agencies and commercial customers – its primary customers – earlier this year, it has told investors, and is now betting its fortunes will rise on the back of that. It landed a contract with a government intelligence agency it did not identify, which should start revenue flowing in the first half of this year, the company said in a separate March statement. A dozen other government agencies – also unnamed – and 31 companies are examining the data offered by Kleos.“” • A wéi fern ass d’Regierung iwwert dës Geschäfter informéiert? • Ass der Regierung bekannt, ob Kleos Space hei mat Firme wéi NSO zesumme schafft? • Handelt et sech bei dem staatleche Geheimdéngscht ëm de SRE? • Weess d’Regierung ëm wéi ee staatleche Geheimdéngscht et sech handelt?

  3. Weider kann een am Artikel vun der Luxembourg Times liesen: ““Luxembourg’s Economy Ministry last month also authorised Kleos to operate a constellation of up to 80 spacecraft, the company said, as the tiny nation is hoping to grab a niche role in the rapidly growing sector.“” Wat geschitt elo mat deenen Autorisatiounen?

  4. Wäert d’Plaz an Zenter op der Kockelscheier elo un eng aner Firma goen? U wéi eng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8196

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert