Connect with us

Questions parlementaires

Geklaute Master-Key vu Microsoft – och Lëtzebuerg betraff

Verschiddenen däitsche Medien no, ass et chineeseschen Hackere gelongen, duerch ee geklaute Master-Key vu Microsoft, un d’E-Maile vun europäesche Verwaltungen ze kommen. Outlook, Sharepoint, Office365, Teams, Onedrive an Drëttsäiten, déi  „Sign in with Microsoft“ ubidden, solle betraff sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Lëtzebuerger Regierung Informatioune zu dësem Tëschefall vu Microsoft krut?  Wa jo, wéi eng? Wann nee, wäert d’Regierung sech informéieren?

  2. Wäert d’Regierung d’Verwaltungen uweisen, fir ze verhënneren, dass et zu Informatiounsleaks bei staatleche Servicer  duerch vun den Hacker hannerloossen Hannerdieren kënnt? 

  3. Wéi schätzt d’Regierung d’Sécherheetsgefor vun dësem Tëschefall fir d’lëtzebuergesch Verwaltungen an?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8209

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert