Questions parlementaires
Aussoen am Wort zum TICE
An engem Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 28.06 heescht et vun der Mobilitéitsschäffin vun Diddeleng: „Auch wenn der TICE künftig weniger Kilometer fahre, werde niemande entlassen. Sollte es einmal zu viele Busfahrer geben, werde dies durch Wechsel in andere Berufe oder in den Ruhestand ausgeglichen.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Soll den TICE an de Ae vum Staat an Zukunft manner Kilometer fueren?
Wéi vill a wéini si Sitzungen ugesat, fir eng Léisung fir eng nei Konventioun ze fanne virun Enn des Joers?
QP Nummer 958