Questions parlementaires
Exotesch Déieren zu Lëtzebuerg
Den 12ten Juni gouf um RTL driwwer bericht, dass bei Konsdref e Känguru fortgelaf ass. Den 13ten Juni gouf um RTL den Artikel aktualiséiert an d’Veterinärsinspektioun koum zu Wuert. Laut der Veterinärsinspektioun wier zu Lëtzebuerg bis ewell nach ni eng Autorisatioun, fir e Känguru ze halen, ausgestallt ginn. Weider heescht et: „Am Kader vum Déiereschutzgesetz gëtt et eng positiv Lëscht vun Déieren, déi een däerf halen. Do sinn dann och Konditioune festgesat. Wann awer elo een en Déier onbedéngt wëll halen, wat net op där positiver Lëscht steet, da brauch en dofir eng Autorisatioun vum Minister“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Fir wat fir eng exotesch Déiere goufe bis elo esou Autorisatiounen u Privatpersoune vum Ministère ausgestallt?
Ëm wéi vill Déieren handelt et sech heibäi jeeweils opgelëscht no Aart?
A wéi ville Fäll gouf eng Autorisatioun refuséiert a fir wat fir eng Déiere war dat?
QP Nummer 896