Connect with us

Questions parlementaires

Wifi fir d’Luxair

Ëmmer méi europäesch Airlines, zum Beispill Lufthansa, Air France a KLM, bidden hire Passagéier WIFI an hire Fliigeren un. Verschidde Fluchgesellschaften ginn esouguer esou wäit, hire Passagéier eng gratis Highspeed-Internetverbindung während dem Fluch unzebidden. D’Luxair ass aktuell amgaangen, hir Flott ze moderniséieren. Dëst geschitt notamment duerch d’Aféierung vun den neien Embraer E195-E2 an d’Uschafe vun neie Boeing 737. Allerdéngs bitt Luxair, mengem Wëssensstand no, aktuell nach keng WiFi-Verbindung un, iwwer déi d’Passagéier während dem Fluch op den Internet zougräife kënnen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt Luxair, an de kommende Joren eng Internetverbindung u Bord vun hire Fligeren anzeféieren?  Wa jo, wéi gesäit de konkrete Kalenner dofir aus?

  2. Wéi eng Maschinnen bei der Luxair-Flott si mat der néideger Technologie virbereet, fir eng  Internetverbindung z’erméiglechen? Wéi eng Maschinnen sinn nach net equipéiert?

  3. Wat géif et kaschten, fir all d’Luxair Maschinnen esou auszerëschten, dass se Internet u Bord kënnen ubidden? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5176

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert