Streckeradar am Tunnel Markusbierg

De Minister fir Mobilitéit huet op d’parlamentaresch Fro n°2629 geäntwert, datt geplangt ass, ee weidere Streckeradar an den Tunnel Markusbierg op der A13 ze installéieren. De Minister begrënnt de Choix vum Tunnel Markusbierg domadder, datt an dësem Tunnel vill Accidenter passéiert wieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Accidenter gouf et an deene leschten 20 Joer am Tunnel Markusbierg?

  2. Wéi vill Accidenter gouf et an deene leschten 20 Joer an all deenen aneren Autobunnstunnellen hei am Land?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2910

FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Wéi am Reportage „Touristen am ëffentlechen Transport: Wéi Sardinnen an der Béchs?“ op RTL de 25te Juli 2020 geschriwwe gouf, ginn et Kapazitéitsproblemer beim ëffentlechen Transport. Dat war zu enger Zäit, wou ee Groussdeel vun de Leit op den ëffentlechen Transport verzicht hat an deen an der Summerpaus generell manner Passagéier ze transportéieren hat. Enn August mierkt een allerdéngs erëm, wéi d’Densitéit op de Stroossen an am ëffentlechen Transport zouhëlt an d’Gestes Barrières am Bus oder am Zuch net ëmmer agehale kënne ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich gëtt d’Ustiechungsgefor am ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg evaluéiert?

  2. Wéi gëtt geplangt, fir de Schülertransport am September esou ze organiséieren, datt en a korrekte sanitäre Konditioune stattfanne kann? Falls dëst net méiglech ass, firwat ass een Decalage vun de Schoulstonnen, zum Beispill fir eeler Schüler, net als Optioun zeréckbehale ginn? 

Fro n°2769

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2769

CO-Ausstouss vu Rakéiten

Wéi RTL.lu an engem Artikel vun haut beriicht, gouf den éischten a Lëtzebuerg hiergestalltene Satellit an de Weltall geschoss. Dësen Exploit ass fir d’Wirtschaftsplaz Lëtzebuerg sécherlech een Erfolleg a fir d’Regierung sécherlech erfreelech, well d’Regierung sech am Koalitiounsaccord d’Fërderung vum “secteur spatial luxembourgeois” virgehol huet. Allerdéngs sollt een dëse Wirtschaftszweig och aus dem Bléckwénkel vum Klimaschutz betruechten. Wann ee verschidden Ziffere vergläicht, da sinn d’Zäregaser, déi esou eng Rakéit beim Start ausstéisst, beträchtlech. D’Firma SpaceX gëtt zum Beispill un, datt eleng beim Start vun enger Rakéit ronn 336’500 Kilogramm CO2 ausgestouss ginn. Am Vergläich: een Dieselauto, deen 6 Liter op 100 Kilometer verbraucht, stéisst op 15’000 Kilometer – also ronn engem Joer Fueren – ronn 3’000 Kilogramm aus.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt den CO2-Ausstouss, dee beim Start vu Rakéiten, déi zu Lëtzebuerg entwéckelt an zesummegebaut ginn, an déi lëtzebuergesch CO2-Bilanz matagerechent?

  2. Wéi gedenken d’Ministeren d’Fërderung vu Weltraumprojeten, déi aktuell ouni fossil Energien net maachbar sinn, mat engem effikasse Klimaschutz an der Reduzéierung vun de CO2-Emissiounen ze verbannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2765

Sécherheet am ëffentlechen Transport

De leschte Samschde koum et an der Stad erëm zu engem Iwwerfall. Eng Fra, déi an hirem Rollator ënnerwee war, wollt an de Bus klammen a krut d’Hëllef vun engem Passant ugebueden. Deen nobel wierkende Passant hat d’Situatioun awer ausgenotzt, fir der Fra an deem Moment de Portmonnien aus dem Rollator ze entwennen an sech duerch d’Bascht ze maachen. Et ass sécherlech keen Eenzelfall, datt et am ëffentlechen Transport oder op Bushaltestellen oder a Garen zu Déifställ oder zu Iwwerfäll kënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dem Minister bekannt, dass Seniore mat Beanträchtegungen am ëffentlechen Transport oder op Arrêten zu Opfer vun Déifställ oder Iwwerfäll gi sinn? Falls ja, wat fir eng Moossnahmen gi vum Minister ënnerholl, fir dës Leit ze schützen?

  2. Wéi vill Déifställ an Iwwerfäll gouf et an de vergaangene Joren am ëffentlechen Transport oder op Arrêten a Garen?

  3. Wéi eng Pläng huet de Minister, fir d’Bushaltestellen an d’Garen hei am Land fir d’Passagéier méi sécher a méi komfortabel ze maachen?

  4. Wéi gëtt allgemeng fir d’Sécherheet vu Buschaufferen hei am Land gesuergt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2745

Kommunikatioune vum Staat

Gutt Verwaltungen sinn mat eng Bedingung, fir datt ee Land gudd funktionnéiert a bréngen de Biergerinnen a Bierger hei am Land méi Liewensqualitéit, wann d’Démarchen transparent a verständlech sinn an d’Verwaltung erreeschbar fir een ass. Wien sech hei am Land u verschidde staatlech Servicer wennt, wéi z.B. esante.lu, guichet.lu oder den e-commissariat, dee kritt do an deene meeschte Fäll och eng Äntwert. Bemierkenswäert ass awer, datt verschidde Servicer Mailen am Numm vun der Agence oder Verwaltung ënnerschreiwen an een awer net den Numm vun der Persoun gewuer gëtt, déi den Dossier traitéiert huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Fäll gi Kommunikatioune vun de Verwaltungen nëmmen am Numm vun der Verwaltung oder vum Service ënnerschriwwen an a wéi enge Fäll ginn d’Kommunikatioune vun der Persoun ënnerschriwwen, déi den Dossier traitéiert huet?

  2. Sollten, am Kader vun der virdrun ugeschwatener Erreechbarkeet an Transparenz, d’Kommunikatioune vum Staat net och ëmmer vun der Persoun ënnerschriwwe sinn, déi den Dossier traitéiert huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2743

Indemnitéite beim CGDIS – Nofro n°3

A menge parlamentaresche Froen n°429, 971, 1859 hat ech mech, op Basis vun Informatiounen, déi vu Fräiwëllege beim CGDIS u mech erugedroe goufen, iwwert feelend Ausbezuelunge vun den Indemnitéite bei der Ministesch informéiert. Op d’Fro n°971 hat d’Ministesch geäntwert, datt ee groussen Deel vun den Indemnitéite fir d’Permanencen an d’Gardë vum zweete Semester 2018 tëschent de Méint Februar an Abrëll um Kont vun de Pompjeeë gelant waren. D’Iwwerweisunge waren tëschent dem 26te Februar an dem 13te Mee 2019 gebucht ginn. D’Ministesch hat an der leschter Äntwert geschriwwen, datt op den 31te Mäerz 2020 sämtlech Indemnisatioune fir d’Joer 2019 ausbezuelt goufen. Mir gouf awer elo erëm zougedroen, datt d’Indemnitéite fir d’Asätz aus der Period vum 1/7/2018 bis den 31/12/2019 nach ëmmer net ausbezuelt goufen an dat fir d’Fräiwëlleger a mindestens engem Zentrum hei am Land.  Fir dee nämmleschten Zenter goufen och d’Indemnitéiten fir d’Permanencen (Status 2) fir d’Period vum 1/1/2020 bis den 30/6/2020 nach net ausbezuelt. D’Ministesch hat op meng Fro n°971 geäntwert, datt et net ausgeschloss wär, dat verschidden Indemnitéite bei enger klenger Unzuel vun Zentren eréischt méi spéit um Konto waren, doduerch, dass et um Niveau vun den Tableauen, déi hu missten ausgefëllt ginn, zu Retarde koum oder, well Fräiwëlleger falsch Kontosnummeren uginn haten. An dësem Fall gouf eis awer confirméiert, dat d’Kontosnummeren a besotem Zenter all richteg ugi gi wären.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et méiglech, datt d’Indemnitéit fir d’Asätz fir d’Period vum 1/7/2018 – 31/12/2019 a verschiddenen Zenteren nach net bezuelt gouf? Wat kéinten d’Grënn dofir sinn?

  2. Ass et méiglech, datt d’Indemnitéit fir d’Permancen (Status 2) fir d’Period vum 1/1/2020 – 30/6/2020 a verschiddenen Zenteren nach net bezuelt gouf? Wat kéinten d’Grënn dofir sinn?

  3. Kann d’Ministesch wann ech gelift déi nämmlecht Oplëschtung aus der Äntwert op d’Fro n°1859 (Fro 1) fir d’Joren 2018 an 2019 reproduzéieren?

  4. D’Fräiwëlleger a besotenem Zenter bekloen sech allgemeng, nieft verspéideten Ausbezuelungen, iwwert d’Ëmsetzung vun der Reform vum CGDIS, bei där si sech ausgestouss fillen. Sinn d’Responsabel vum CGDIS sech der Gefillslag vun de Fräiwëllege bewosst? 

  5. Wéi evaluéiert d’Ministesch d’vertikal Kommunikatioun an der Hierarchie vum CGDIS?

  6. Existéiert een anonymme Feedbacksystem am CGDIS, wou Membere Kriticken oppen an éierlech un d’Direktioun kënne weiderginn an op déi d’Direktioun ëffentlech Stellung bezéihe kann? Falls nee, wär et net un der Zäit, esou ee System opzestellen?

  7. An der Äntwert op d’Fro Nummer 429 hat d’Ministesch ënnerstrach, datt de Rettungsdéngscht ouni di vill Fräiwëlleger net kéint funktionéieren. D’Ministesch hat an der Äntwert och geschriwwen, datt et fir d’Regierung évident ass, déi geleeschten Aarbecht och an Zukunft beschtméiglechst ze promovéieren an ze honoréieren. Et sollt een och net vergiessen, dass grad elo wärend der Coronapandemie vill Fräiwëlleger weiderhin am Asaz fir eis Biergerinnen a Bierger waren. Wär et an dëser Legislaturperiod net un der Zäit, de Benevolat, virun allem bei de Rettungsdéngschter, besser ze honoréieren, andeems d’Primm fir d’Permanencë vun 1€/Stonn erhéicht géife ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2723

Putsch am Mali

Am Mali koum et hënt zu engem Putsch vun der Arméi, woubäi de Präsident vun der aktueller malescher Regierung zeréckgetrueden ass. D’Putschisten haten ugekënnegt Neiwalen ofzehalen an di bestoend international Traitéen ze respektéieren. Zënter 2015 ass och d’EU militäresch am Mali aktiv, fir d’bannenzeg Sécherheet am Mali ze ënnerstëtzen an d’Sécherheetsreforme vun der malescher Regierung ze ënnerstëtzen. An der sougenannter Mission Civile EUCAP Sahel Mali huelen och zwee Lëtzebuerger Zaldoten deel, déi potenziell tëscht Fronte kéinte geroden.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech d’Risikolag fir eis Zaldoten am Mali ënnert der d’EUCAP Sahel Missioun verännert? 

  2. Plangt d’Regierung fir eis Zaldoten ze rapatriéieren oder op der Plaz ze loossen? Falls d’Zaldote sollten am Mali bleiwen, wéi eng zousätzlech Sécherheetsmoossname gi getraff?

  3. Huet de Minister Kenntniss dovunner wien am Moment am Mali d’Kontroll ausüübt?

  4. Wéi ass d’Positioun vu Lëtzebuerg par Rapport zum presuméierte Putsch-Versuch am Mali?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2683

Subventiounen vu Gemengen am Kader vun der Covid-19-Pandemie

Verschidde Gemengen hunn am Kader vun der Covid-19-Pandemie ee Programm opgestallt, fir iwwert d’Hëllefe vum Staat eraus weider Subventiounen un déi lokal Betriber ze verdeelen. Als Beispill: d’Gemeng Lëtzebuerg huet an hierem Gemengereglement ee “subside unique forfaitaire en faveur des commerces établis sur le territoire de la Ville de Luxembourg” agefouert.  Wärenddeem hunn aner Gemengen decidéiert punktuell Hëllefen fir eenzel Betriber opzestellen. Verschidde Gemengen hunn esou zum Beispill deenen Entreprisen, déi Lokalitéite vun der Gemeng lounen, eng Reduktioun, voire een Erlooss vum Loyer accordéiert. An der Circulaire n° 3847 vum Inneministère un d’Gemenge schreift d’Inneministesch: “”La législation communale ne s’oppose pas à des mesures pareilles qui s’inscrivent dans les compétences du conseil communal auquel il appartient de régler tout ce qui est d’intérêt communal en vertu de l’article 28 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. L’intérêt communal se définit communément comme comportant le nécessaire, l’utile et l’agréable de la collectivité locale. Il appartient dès lors au conseil communal de vérifier si les mesures de soutien financier qu’il envisage, rentrent dans sa compétence et comportent un intérêt pour la collectivité. Le cas échéant le conseil tiendra compte de ces critères pour déterminer les commerces, les entreprises ou les activités économiques éligibles.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Approche vu selektiven Hëllefen un eng limitéiert Zuehl vu Betriber konform mam Prinzipp, deen d’Ministesch an der Circulaire nennt (“L’intérêt communal se définit communément comme comportant le nécessaire, l’utile et l’agréable de la collectivité locale.”), wann ee weess, datt d’Hëllef nëmme verschiddenen Entreprisen zegutt kënnt an net der Allgemengheet?

  2. Wéi eng Krittäre sinn entscheedend, fir datt d’Hëllefen dem Prinzip vum “intérêt communal” entspriechen? 

  3. Missten d’Gemengeresponsabel virum Accord vu selektiven Hëllefen net och d’Situatioun vun der Entreprise op Basis vum Bilan, Finanzsituatioun a Maartundeel evaluéieren?

  4. Däerf d’Gemeng no Loscht a Laun d’Montante fir d’Hëllefe festleeën?

  5. Stelle selektiv Hëllefen (wéi zum Beispill eng Reduktioun vum Loyer fir eenzel Entreprisen) eng Verzerrung vun der Konkurrenz duer, wëssend, datt aner Entreprisen eidel aus esou enger Decisioun erausginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2666

Personal vum Grand-Duc zu Cabasson – Nofro

Am Uschloss vu menger parlamentarescher Fro n°2573 iwwert d’Summerresidenz vum Grand-Duc zu Cabasson wëll ech e puer Nofroe stellen zu der Roll vum Personal a vun der Police, déi d’Sécherheet vum Grand-Duc assuréiert. Ech präziséieren, datt et sech bei folgende Froen net ëm Detailer zu organisatoreschen oder sécherheetsrelevante Punkten handelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung garantéieren, datt d’Aarbechts– a Rouhzäite vun de Polizisten, Beamten an Employéen zu Cabasson respektéiert ginn an am Aklang mat de legalen Dispositiounen zu Lëtzebuerg sinn a kann d’Regierung ausschléissen, datt d’Personal zu Cabasson méi Stonne schaffe muss, wéi an de Gesetzer an a Gewerkschaftsaccorde festgehale sinn?

  2. Wéi ee Status hunn d’Polizisten, déi de Grand-Duc zu Cabasson beschützen? Wéi sinn d’Pouvoire vun der Policeeskorte vum Grand-Duc zu Cabasson gereegelt? Anescht gefrot: däerfen d’Polizisten zu Cabasson Infraktioune feststellen an zum Beispill Leit festhuelen oder protokolléieren?

  3. Des Weidere wëll ech wëssen, ob den Terrain zu Cabasson och bewaacht ass an ob Personal dohanne schafft, wann de Grand-Duc net do present ass? 

  4. Wéi eng Posten aus dem Staatsbudget si fir den Ënnerhalt vun der Residenz vum Grand-Duc zu Cabasson virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2662

Territoriale Status vu Cabasson?

Am Summer ass de Grand-Duc traditionell zu Cabasson. Vun do aus setzt de Grand-Duc och seng Ënnerschrëft ënnert offiziell Dokumenter a Gesetzesprojeten. Engem Artikel vun LCI France no, geet d’Presenz vum Grand-Duc zu Cabasson op d’Zäit nom zweete Weltkrich zeréck. De Generol Charles de Gaulle hat der Grand-Duchesse Charlotte, respektiv Lëtzebuerg, Cabasson deemools zougestanen. Och de Figaro beschreiwt an engem Online-Artikel vum 26te Juli 2019 d’Tour Sarrazine zu Cabasson als lëtzebuergesch Proprietéit: “”Pour se rendre au fort de Brégançon ce week-end, le président de la République empruntera le seul et unique accès: une propriété du grand-duché du Luxembourg. Depuis 1949, le petit État européen est en effet propriétaire de la tour Sarrazine. Cette grande maison est située à Cabasson (près de Bormes-les-Mimosas, dans le Var) en face du fort et dans laquelle la famille ducale aime se rendre chaque été.”” Onkloer ass, zu wéi engem Territoire Cabasson gehéiert, respektiv ob dëst klengt Paradäis Privatbesëtz vun der groussherzoglecher Famill ass oder vum lëtzebuergesche Staat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere Piècen, déi beleeën, datt d’Cour Grand-Ducale oder de lëtzebuergesche Staat den Territoire zu Cabasson vu Frankräich zougesprach krut? Falls jo, ëm wéi eng Dokumenter handelt et sech a wou kann een dës Dokumenter fannen?

  2. Ass den Territoire zu Cabasson franséischen oder lëtzebuergeschen Territoire? 

  3. Den Artikel 44 vun eiser Verfassung gesäit vir: “”Le Palais Grand-Ducal à Luxembourg et le Château de Berg sont réservés à l’habitation du Grand-Duc.”” Misst den Territoire zu Cabasson net hei opgelëscht sinn, wëssend, datt et Grand-Duc sech ëm déi traditionell Summerresidenz vum Grand-Duc handelt?

  4. Existéieren Piècen, déi beleeën, datt de Lëtzebuerger Staat den Territoire vu Cabasson vu Frankräich zougesprach krut? Falls jo, wou kann een dës Dokumenter fannen?

  5. Wéi een nationaalt Recht gëllt op deem besotem Territoire zu Cabasson – dat lëtzebuergescht oder dat franséischt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2661