Connect with us

Questions parlementaires

Kriminalitéit an der Gemeng Réimech

Wéi ee WORT-Artikel vum 13te Mee beriicht, hunn onbekannt Täter um Schëff „De klénge Prënz“ zu Réimech muttwëlleg Schied verursaacht an Deeler vum Inventaire an d’Musel geheit.  Dëst kënnt zu enger Entwécklung dobäi, op déi ech schonn a menger parlamentarescher Fro n°2896 higewisen hat, nämlech d’Gefill vu wuessender Onsécherheet an de Musel-Grenzgemengen. An de leschte Méint goufen et zu Réimech nees verschidde Fäll vu Vandalismus, Abréch an aner Inzidenter am ëffentleche Raum.  Vill Awunner stelle sech dofir d’Fro, ob d’Situatioun zu Réimech sech weider verschlechtert an ob déi aktuell Mëttel duer ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. 1. Wéi huet sech d’Zuel vun den Delikter zu Réimech zënter 2022 entwéckelt, notamment bei: • Abréch, • Vandalismus, • Kierperverletzungen, • Volen, • Drogendelikter?

  2. Wéi bewäerten d’Police- a Justizautoritéiten d’Sécherheetssituatioun zu Réimech am Verglach mat anere Grenzgemengen?

  3. Goufen zousätzlech Policekontrollen, Präventiounsmesuren oder aner konkret Mesurë fir Réimech an d’Muselregioun decidéiert oder geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4122

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert