Connect with us

Questions parlementaires

Risiko vun Ausspionnéierung beim Staat

Wéi Reuters an engem Artikel vum 18ten November 2026 gemellt huet, hunn déi bulgaresch Autoritéiten eng Cyberspionageoperatioun opgedeckt, bei där verschidde Gruppen zënter 2021 bal fënnef Joer laang Zougrëff op IT-Systemer vun der ëffentlecher Verwaltung gehat sollen hunn.  Dobäi solle méi wéi 130 Gigabyte u Regierungsdokumenter erofgeluede gi sinn, wat ronn 62 Millioune Säiten entsprécht. Dorënner ware Regierungsdokumenter a Korrespondenz tëscht staatlechen Institutiounen.  Den Abroch gouf entdeckt, nodeems Bulgarien en neien nationalen Iwwerwaachungssystem fir d’Cybersécherheet a Betrib geholl hat. Zu Lëtzebuerg hat d’Regierung am Mäerz iwwer een IT-Sécherheetsvirfall beim CTIE informéiert. Dobäi krut een externen Acteur Zougrëff op d’Handye vu Regierungsmemberen, déi vum CTIE geréiert ginn. Am Joer 2020 hat ech déi deemoleg Regierung scho gefrot, wéi sécher d’Kommunikatioun mat den Handye vun de Regierungsmemberen ass. D’Äntwert op meng Fro n°1986 war, dass d’Handye vun der Regierung iwwert eng zentraliséierte System ofgeséchert sinn (MDM).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kruten déi lëtzebuergesch Autoritéiten technesch Informatiounen iwwer d’Cyberspionageoperatioun a Bulgarie kritt?  Ass virgesinn ze iwwerpréiwen, ob änlech Methode géint d’IT-Infrastrukture vum Lëtzebuerger Staat agesat goufen? Kann d’Regierung ausschléissen, dass et och beim Lëtzebuerger Staat zu enger ähnlecher Attack ewéi a Bulgarien komm ass?

  2. Mat wéi enge Schutzmechanisme kann den CTIE ongewéinlech grouss Transfere vun Daten un extern IT-Infrastrukturen, souwéi se a Bulgarien geschitt sinn, erkennen a verhënneren? Ginn d’IT-Systemer vum Staat reegelméisseg duerchliicht, fir no méiglechen Hacks ze sichen, déi zum Zäitpunkt vun engem Virfall onentdeckt bliwwe sinn? Wa jo, wéi dacks?

  3. Goufen nom Sécherheetsvirfall beim CTIE am Mäerz zousätzlech Sécherheetsaudite vun aneren IT-Infrastrukture vum Staat duerchgefouert? 

  4. Kann den CTIE iwwert den MDM den onerlaabten Zougrëff op d’Handyen an déi mobil Geräter vun der Regierung erkennen?

  5. Wéi vill Versich vun onerlaabtem Zougrëff op d’IT-Netzwierker oder IT-Systemer vun der ëffentlecher Verwaltung goufen an de leschten 10 Joer festgestallt, opgeschlësselt no Joer? Goufen et Fäll, wou d’extern Zougrëff op d’IT-Systemer iwwert Wochen, Méint oder Joren gedauert hunn, bis se erkannt goufen? Falls jo, wat war hei déi längste festgestallten Dauer?

  6. Wéi vill Sécherheetsvirfäll vun onerlaabtem Zougrëff op d’IT-Netzwierker oder IT-Systemer vun der ëffentlecher Verwaltung goufen an de leschten 10 Joer festgestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5177

Continue Reading