Connect with us

Questions parlementaires

Asaz vu bloe Luuchten bei Regierungsgefierer

Haut de Moien ass mir um Wee an d’Chamber an der Stad Lëtzebuerg eng Limousine mat getéinte Fënsteren opgefall, déi mat ageschalte bloe Luuchten an engem Stau aner Autoen iwwerholl huet. Dobäi ass d’Gefier och op der Géigespuer duerch de Verkéier gefuer, wat e Sécherheetsrisiko fir déi aner Verkéiersteilnehmer duerstelle kann. An hiren Äntwerten op meng parlamentaresch Froen Nr. 1360 an 1592 hat d’Regierung erkläert, datt fir Regierungsgefierer déi normal Reegele vum Code de la route gëllen an datt de Chauffer iwwer den Asaz vun de bloe Luuchten decidéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi stellt d’Regierung sécher, datt d’Chauffere vu Regierungsgefierer sech beim Asaz vun de bloe Luuchten un de Code de la route halen? 

  2. Bei wéi enger Instanz kënnen aner Verkéiersdeelhueler e Verdacht op en onberechtegten Asaz vun de bloe Luuchten oder op e Verstouss géint de Code de la route mellen?

  3. Wéi vill Plainten wéinst Verstéiss géint de Code de la Route goufen an deene leschten 15 Joer géint Regierungsgefierer gemaach?

  4. A wéi vill Accidenter ware Regierungsgefierer an deene leschte 15 Joer verwéckelt?

  5. Wéi vill Verstéiss géint de Code de la route goufen et bei de Regierungsgefierer an de leschte 15 Joer a wéi vill dovun hu zu enger Sanktioun gefouert? 

  6. ⁠Wéi gëtt verhënnert, datt duerch esou Fuerweisen, wéi uewen beschriwwen, besonnesch op der Géigespuer, aner Verkéiersteilnehmer engem erhéichte Risiko ausgesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5149

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert