Connect with us

Visit an der Chamber

Während COVID-19 leider net méiglech.

Guidéiert Visitten an der Chamber fir Schoulklassen a Veräiner.

De Fonctionnement an d’Geschicht vum Parlament, wou d’Legislativ vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vertrëtt an och och d’Missioun huet d’Regierung ze kontrolléieren, kann an enger Visitt op eng detailléiert an interaktiv Aart a Weis erkläert ginn.

D’Visitte sinn ëmmer an zwee Deeler, op der enger Säit kritt der eng Iwwersiicht iwwer d’Geschicht an op der anerer am Dialog mat eisen Deputéierte gitt der eppes iwwert de Fonctionnement an der Aarbecht an den Deputéierten hier alldeeglech Tâchen an der Chamber gewuer.

Jee no Disponibilitéit vun den Députéierte Sven Clement a Marc Goergen huelen déi zwee individuell oder zesummen un de Visitten Deel, déi mat Preferenz Freides organiséiert ginn.

Bei Interesse schéckt eis Är Ufro a fëllt de Formulaire ënnendrënner aus:
https://www.piraten.lu/visit-an-der-chamber/

Facebook