Reaktioun vun de Piraten op déi nei Covid-Gesetzer

7694 Nouvelles mesures COVID 

Här President, 

Mir sinn eis awer hoffentlech hei bannen alleguerten eens, dass et wichteg ass,  
dass gezielten a logesch Mesure getraff ginn,  
fir den Infektiounstaux erof ze kréien,  
a soumat eise Gesondheetssystem ze schützen. 

Dass mir alleguer eppes ënnerhuele mussen ass kloer.  
 
Mee dem Projet, deen d’Regierung eis virgeluecht huet,  
feelt et op eenzele Punkten, u Koherenz a Logik. 

Schoulkantinne bleiwen op,  
awer Betriebskantinne ginn zou. 
 
Et muss een a ville Beräicher Ofstand halen,  
Persounen op klengem Raum reduzéieren,  
mee laut dem neie Gesetz, net am ëffentlechen Transport. 

Elleng däerf ee keng Ronne méi an der ëffentlecher Schwemm schwammen,  
mee eng ganz Schoulklass kann zesummen an d’Waasser hopsen. 

Elo wär de Moment gewiescht,  
D’Ausgangsspär eraus ze huelen,  
dat géing eis Police entlaaschten, 
déi och Personalproblemer an der Pandemie huet. 

Wéi solle mir elo nach serieux de Leit,  
déi nei Moossnamen erklären?  

 
D’Leit fir Verständnis froen? 

Wéi soll de Bierger , deen nu mol des Gesetzer all Dag liewe muss, verstoen, wat Regierung sech beim Text geduecht huet? 

Sport ausserhalb vun der Schoul,  
dat geet quasi net méi, 
mee dass déi selwecht Kanner wou moies zu enger Villzuel de Sport zesumme gemaach hunn,  
dierfen sech Mëttes net méi gesinn  
fir sech bei den Hausaufgaben ze hëllefen oder 
hirem Fräizäitsport no ze goen. Do feelt D´Logik. 

Mee et ass awer och jidderengem an der Bildung bewosst: Kanner kennen nëmmen an der Schoul gutt sinn,  
wann den Ausgläich duerno stattfënnt. 

Fir d’Regierung ass et wichteg, 
dass d’Eltere  kenne weider schaffen.  

Ausser d‘Eltere schaffen an der Restauratioun,  
besetzen e Kino, schaffen an der Kultur oder am Fitnessstudio.  
 
Da sollen se doheem bleiwen,  
an de Betrib elo mol forcéiert zou maachen. 

Do kann een sech wierklech Froe stellen,  
op hei net laut Regierungsmeenung,  
alles Soziales a Kulturelles soll agestallt ginn,  
awer de Mënsch nach wieder wei eng Maschinn schaffe soll?  
 
Haaptsaach d’Rad vum Geld dréint. 
 
Schaffen,  
an nëmmen net sech mat Aktivitéiten entspane kennen,  
 
Do komme mir an ee ganz bedenkleche Gesellschaftsmodell. 
 
Mir Pirate stellen eis déi Fro, 
a mir hoffen och aner Deputéiert hei bannen,  
  
wei mir duerno aus de neie Gesellschafts-Gewunnechten 
erëm eraus kommen? 

Restriktiounen a Verbueter goufen an der Vergaangenheet schonn oft agefouert, an dann net méi opgehuewen, 

Antiterrorgesetzer mat Aschnëtter an d’Privatsphär,  
sinn do de beschte Beispill. 
 
Mir als Gesellschaft mussen immens virsiichteg sinn,  
wie wäit mir ginn.  

 
D’Kultur wäert mat dësem Gesetz leider gestoppt ginn,  
Theater dierf net méi optrieden,  
also Acteure vun enger fräier oppener Welt  
dierfen net optrieden. 

Eis kritesch a piratesch Meenung zu de Reliounen ass bekannt, 
 
Elo kennt et awer, wat fir eis Piraten total onverständlech ass: 
 
Wat d’Regierung opléisst am neie Gesetz,  
ass dass Gotteshäisser, nenne mir se mol esou,  
wieder dierfen hiren Theater spillen,  
dat ass eng Formule aus dem Mëttelalter fir déi eis Regierung sech entscheet huet, an déi 3 Majoritéitsparteien haut hei stemme wäerten. 

Dem Theater, a soumat der fräier Meenungsäusserung sot dir mam Vott: NEE,  
awer Reliounen dierfe wieder viru Leit optrieden. 

Dat ass rengen Aktionismus,  
bedenklechen Aktionismus souguer. 

Här Präsident, 

Komme mir zur Horesca, obwuel vill Betriber an de leschte Méint vill Suen an ee Konzept gestach hunn,  
fir d’Sécherheet vun hire Clienten duerch genuch Ofstand, eng gutt Belëftung an Trennwänn ze garantéieren, 
ginn si elo nees gezwongen zouzemaachen. 

An dat nodeems déi lescht Méint scho vill Geschäftsleit un hier finanziell an och emotional Grenze bruecht hunn. 

HORESCA Federatioun sot gëscht richteg,  
si sinn ausgenotzt ginn als Testlabo a mussen  
elo d Rechnung bezuelen. 

 
Mir Piraten hu viru Méint scho gefrot,  
fir de Letzshop drop vir ze bereeden,  
dass Restauratioun och kënnt elo iwwert dee Wee den take away oder Liwwerung organiséieren,  
esou hätt Regierung kënne schnell der HORESCA hëllefen,  
si kennen digital fit maachen,  
hire Betrib oprecht erhalen. 

 
Mee och do, elo kennt Fermeture fir Restauranten,  
awer Letzshop huet nach keng Léisung bereet. 
E weidere Feeler. 
 
Komme mir elo zur Schoul,  
gleeft een dem Minister,  
ass d´Schoul quasi eng Zone mat Schutzschëld géint de Virus. 

Och wann schonn, bal kee méi am Land, dat gleeft.  

De Bildungsminister betount gären, dass d’Schoul quasi net déi Plaz ass, wou  d´Leit sech och géifen ustiechen. 

Mee do kann een awer da Fro stellen, 
wei et mam Transport an d’Schoul ass? 
 
Allgemeng, och bei den Erwuessenen, 

wien seet, 

dass déi Fäll wou een net weess; 
wou eng Infektioun war,  
net zum Deel aus dem Transport kommen? 

Mir Piraten hate viru Wochen an der Santéskommissioun ee Punkt ugeschwat,  
fir Chrëschtvakanz ze verlängeren,  
fir esou Infektiounen iwwert Chrëschtdag a Silvester net direkt duerno wieder ze ginn,  
mee sech eng natierlech Quarantän ze ginn 
vun 10 Deeg no Neijoer. 

Well egal wei eng Gesetzer,  
mir bezweifelen,  
dass sech d´Leit wäerte Chrëschtdag un nei streng Gesetzer halen,  
nee se wäerten déi Zäit an der Famill genéisse wëllen.  
 
Nach ass et net ze spéit,  
fir eis Propose vun der verlängerter Vakanz op ze gräifen,  
just fréi genuch der Educatioun Bescheed soen,  
net erëm Last Minute. 
 
Esou Moossname géinge méi bréngen,  
wei eng Ausgangsspär. 

Mee an der Meenung vun der Regierung:   
an de Schoulen,  
an am ëffentlechen Transport gëtt et jo kee Problem. 

Schmäerzhaft soen d´Leit schonn,  
fir sech ze treffen,  
kënnt een einfach gratis am Bus oder Zuch duerch d’Land fueren,  
do ka ganz Famill sech gesinn. 

Just den Desinfektiounsgel muss ee selwer matbréngen. 

Zeréck zu dem Commerce, 

Mécht een elo HORESCA Zou, 
feiert dat och zu Abousse bei anere Geschäfter an der Ëmgéigend souwéi de Liwweranten,  
der Landwirtschaft, de Wënzer a ville weideren. 

Mir Pirate wëllen dofir ze bedenke ginn, wéi wichteg et ass och deene klenge Commercen,  
déi elo nach weider wäerten ophunn,  
och finanziell iwwert d’Ronnen ze hëllefen. 

Wa mir net wëllen, dass no der Pandemie just nach e puer grouss Marken de Maart dominéieren, 

Dofir ass et wichteg, dass mir Projete wéi den 7703,  
an deem spezifesch Aiden fir de Mëttelstand virgesi sinn,  
esou séier wéi méiglech op den Ordre du jour setzen a stëmmen, 

Här President, 

Zum Ofschloss, a wei gëscht an der Kommissioun gesot,  
ass Zäit haut net esou knapp gemooss, 

komme mir mol op dee bestëmmte Punkt am Gesetz,  
wou déi mannste Famillje verstinn, well dee Punkt Familljen diskriminéiert. 

an zwar dee fir nëmmen 2 Leit doheem dierfen ze empfänken. 

Sécherlech mat de gréissten Aschnëtt an dem privat Liewen. 

Eng Reegel wou ouni Logik opgesat ginn ass:  
well se net wéi an anere Länner,  
seet een Haushalt,  
also Leit wou een all Moment Kontakt hunn,  
wat fir eis déi besser Wiel gewiescht wär, 
a wou fir mir eis och agesat hunn an der Santéskommissioun. 

Huele mir dat einfacht Beispill vun der Famill zu 4 wou d´Grousselteren op Besuch kommen, dat geet,  
awer déi selwecht 4 dierfen net bei d Grousselteren heem, 

Egal wei, 4+2 oder 2+4 ass ëmmer 6 an ëmmer de selwechten Inflatiounsrisiko. 

Mir brauche e bessert Mobilitéitskonzept,  
wat et de Leit erlaabt och um Wee fir ob d’Aarbecht  
oder an d’Schoul hier Distanzen anzehalen. 
 
——— 

Et ass dach esou absurd, eng Motioun vun déi Lenk, iwwregens vu leschter Woch, muss emol erreecht an der Kommissioun diskutéiert ginn, ier eng Léisung kennt,  
do kënnt een elo mengen do stoung vun de Kolleegen eng Weltreform dran, ma nee. 
 
Et war just gefrot Desinfektiounsmëttel am ëffentlechen Transport un ze bréngen. 
 
Eigentlech schonn eng Schan a Blamage, dass eng Oppositiounspartei muss de Minister op esou eng banal Moossnam opmierksam maachen.  
Bis haut, ass nach ëmmer keng Moossnam geholl. 
———- 

Mir brauchen eng Léisung fir d‘Grandes Surfacen, wou et zwar eng Limitatioun vun engem Client pro 10qm gëtt,  
mee trotzdeem net verhënnert gëtt, dass sech d’Leit fir ee Mantel oder eng nei Spillkonsol iwwert d’Féiss falen 

Déi Fro no der Kontroll,  
hunn ech dunn och gestallt an der Sécherheetskommissioun, ma do gëtt drop gewaart , dass d’Grand Surface urifft, also wie wann ee géing uruffen, kommt ech verkafe grad ze vill. 

 
Gesetz huet do ee een grousst Laach, wat Grande Surface ugeet, D’Leit verdeelen sech schliisslech net reegelméisseg. 

 
Lokal Konzentratiounen ginn duerch déi aktuell Reegelungen nach net ausgeschloss. 

Wisou net Kanner eraus huelen aus dem Gesetz?  
lauschtert een den Argumenter vun dem Educatiounsminister no fir d’Schoulen, kënnt een eng Ännerung maachen,  
dass Kanner am Gesetz erreicht ab 12 Joer betraff sinn. 

Et wären esou vill Méiglechkeete ginn,  
fir Familljen net ze diskriminéieren,  
mee nee,  
Regierung ass Stuer op hirer falscher Formel vun  
2 Leit bléiwen an net op den Haushalt iwwergaangen. 

Dir maacht Iech awer als Majoritéitsparteien, mat esou Manövere kee Gefalen,  
well geet Akzeptanz erof vun dem Gesetz, da ginn d’Infektiounen erop. 

Här Präsident,  
zum Schluss, 

Mir brauchen e bessert Mobilitéitskonzept,  
wat et de Leit erlaabt och um Wee fir ob d’Aarbecht  
oder an d’Schoul hier Distanzen anzehalen. 
 
——— 

Et ass dach esou absurd, eng Motioun vun déi Lenk, iwwregens vu leschter Woch, muss emol fir d’éischt an der Kommissioun diskutéiert ginn, ier eng Léisung kennt,  
do kënnt een elo mengen do stoung vun de Kolleegen eng Weltereform dran, ma nee. 
 
Et war just gefrot Desinfektiounsmëttel am ëffentlechen Transport un ze bréngen. 
 
Eigentlech schonn eng Schan a Blamage, dass eng Oppositiounspartei muss de Minister op esou eng banal Moossnam opmierksam maachen.  
Bis haut, ass nach ëmmer keng Moossnam geholl. 
———- 

Mir brauchen eng Léisung fir d‘Grandes Surfacen, wou et zwar eng Limitatioun vun engem Client pro 10qm gëtt,  
mee trotzdeem net verhënnert gëtt, dass sech d’Leit fir ee Mantel oder eng nei Spillkonsol iwwert d’Féiss falen 

Déi Fro no der Kontroll,  
hunn ech dunn och gestallt an der Sécherheetskommissioun, ma do gëtt drop gewaart , dass déi Grand Surface urifft, also wie wann ee géing uruffen, kommt ech verkafe grad ze vill. 

 
Gesetz huet do een ee grousst Laach, wat Grande Surface ugeet, D’Leit verdeelen sech schliisslech net reegelméisseg. 

 
Lokal Konzentratioune ginn duerch déi aktuell Reegelungen nach net ausgeschloss. 

Wat mir awer net brauchen,  
ass eng Ausgangsspär,  
vun där den Notze bis elo net bewise konnt ginn. 

 
just bewise gouf den enormen Opwand, se ze kontrolléieren. 

Eng Ausgangsspär wou de Minister vergiess huet, ee Formular auszeschaffen,  
dass d’Leit, sief et fir schaffen ze fueren,  
oder nach méi schlëmm,  
CGDIS fir op en Asaz,  
net musse wichteg Zäit verléieren an enger Kontroll. 

Mir schwätzen hei vun enger entscheedender Beschneidung vun eise Grondrechter,  

Mir hätten dëse Gesetzesprojet kéinten notzen,  
fir e Feeler reckgängesch ze maachen. 

Här President, 

Wann d’Mesuren an och d’Kommunikatioune vun der Regierung net koherent sinn,   
wéi sollen dann d’Leit dobaussen déi Reegele verstoen oder nach besser, déi akzeptéieren? 

Esou laang mir kee logeschen Text hunn,  
een Text deen den aktuelle Problemer koherent Mesuren entgéint stellt,  
kennen d’Piraten hiren Accord net ginn. 

Mir Pirate wäerten dëse Projet dofir net matstëmmen. 

Merci.   

Nee zu Atom!

Här Präsident,
léif Atomgéigner,

Iwwert Atom kinnt ee Stonnen schwätzen, vieles gouf scho gesott, an et kann een net genuch Kritik un der Technik ausschwätzen an net oft genuch de Risiko erwähnen.

Mir stëmmen haut iwwert ee Gesetz of, dat de Kader reegelt am Fall vun engem Schued duerch een nuklearen Accident, eng Situatioun wou hoffentlech ni antriede wäert.

Mir stëmmen haut dofir eis eegent Gesetz, wou de Kader gereegelt gëtt.

Soumat kënnen d’Leit an Zukunft hei op de lëtzebuergesche Geriichter kloen, wann de Schued vun engem nuklearen Accident kënnt.

Weiterlesen

Video + Ried – Thema: Huissier de Justice

Mir Pirate schütze jiddereen am Land! 💪

Merci fir déi vill Messagen no menger offener & éierlecher Ried an der Chamber. 🤩

Wei sinn deng Erfahrungen mam Dierwiechter? 🧐

Ech weess et ass net einfach driwwer ze schwätzen, ëmsou méi Respekt fir déi vill Messagen. #whistleblower

✍️ Thema: Huissier de Justice

Här Präsident, 

Haut diskutéiere mir iwwert eng kleng Ännerung am Gesetz ronderëm Dierwiechter, fir hinnen d’Aarbecht ze erliichteren. Beruffsgrupp vum Huissier de Justice huet per Gesetz d’Aufgaaben Riichterentscheedungen duerchzesetzen an offiziell Akten ze produzéieren. 

D’Leit hei am Land verbannen d’Aufgab vum Dierwierchter awer virun allem mat dem vum Geldandreiwer.  

Et ass déi Aufgab, déi bei de Léit am Land wuehl déi bekanntsten ass, wann den Dierwiechter virun der Dier steet a schellt fir Geld sichen ze kommen.  

Mir Piraten hannerfroen ganz kritesch, ob elo an enger Krisenzäit nach sollten Dierwiechter eraus bei de Bierger, déi aktuell villäicht selwer kee Salaire kréien oder soss finanziell Problemer hunn während dëser Kris.  

Weiterlesen

Marc Goergen : rapporteur du rapport de l’Ombudsman

Les membres de la Commission des Pétitions ont chargé le député Marc Goergen (Piraten) de coordonner le suivi des recommandations du rapport d’activités 2018 de l’Ombudsman.  Il rédigera un rapport au nom des différents commissions parlementaires, en vue du débat d’orientation en séance publique. La volonté de la Présidente de la Commission des Pétitions Nancy Arendt (CSV) est d’organiser ce débat d’orientation avant la trêve estivale.

Les recommandations examinées en commissions parlementaires

Weiterlesen

Privat Buedzëmmeren an Alters- a Fleegeheemer

A verschiddenen Alters- a Fleegeheemer ass et nach Usus, dass d’Bewunner sech d’Buedzëmmer an/oder d’Toilette deele mussen. Op servior.lu, zum Beispill, liest e bei den Zëmmerbeschreiwunge Folgendes: “Alle Einzelzimmer sind mit einem Bett und einem Nachttisch ausgestattet und verfügen über eine eigene Toilette und einem Waschbecken. Noch nicht alle Zimmer ein privates Duschzimmer.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keng eegen Dusch, déi ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass?  A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

  2. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keng eegen Toilette, déi ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass?  A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

  3. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keen eegent Buedzëmmer mat Toilette, Lavabo an Dusch, dat ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass?  A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4733

Juegdtrophäen: nee Merci

Zu Lëtzebuerg suergen Annoncen vu verschiddenen Immobilien reegelméisseg fir Empörung. Oft leit et un de Präisser, déi fir ee Bien gefrot ginn. Bei enger rezenter Annonce op enger bekanntener Immobilieplattform um Internet war et awer net de Präis vum Haus, dee schockéiert, mee de Fakt, dass op gewësse Fotoen vun de Räimlechkeeten, an deenen ausgestopften, deels exotesch, deels heemesch, Wëlldéieren exposéiert sinn. Ënnert den exoteschen Déieren fënnt een haufeweis ausgestopfte Kadaveren vun Zebraen, Antilopen ee Krokodilsteppech, also Déierenaarten, déi an der Washingtoner Artenschutzübereinkommen (CITES) opgelëscht sinn. D’CITES-Konventioun huet als Ziil den Erhalt vu gefährdeten Aarten sécherzestellen. Dës Konventioun gouf och zu Lëtzebuerg mam modifizéierte Gesetz vum 19te Februar 1975 ugeholl. Zënter 1985 existéieren och Strofen, déi zënter dem ofgeännerte Gesetz vun 1975 agebaut sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Juegdtrophäen vun Aarten, déi am EU-Reglement op de Lëschten A, B an C opgelëscht sinn, goufen an den leschten 10 Joren hei zu Lëtzebuerg zougelooss?

  2. Wéi vill Strofen, opgelëscht no den 13 Ënnerpunkten aus dem Strofekatalog vum modifizéierte Gesetz vum 19te Februar 1975, goufen an de leschten 3 Joeren zu Lëtzebuerg ausgeschwat? (Gesetzesännerung 2018) Wéi vill Strofen goufen insgesamt ënnert dem virrëchtem Artikel 12 vum Gesetz ausgeprach? (Gesetzesännerung 1985)

  3. A wéi engem Ëmfang ginn d’Dispositiounen vum Gesetz, wat den Import vu Juegdtrophäen ugeet, kontrolléiert? Wéi vill a wéi eng Mëttelen stellt d’Regierung heifir all Joers zur Verfügung?

  4. Wéi kann d’Regierung sécherstellen, dass d’Déieren, déi hei als Juegdtrophäen importéiert ginn, no de Prinzippien vun eisem Déiereschutzgesetz dout gemaach goufen?

  5. Wéi steht d’Ministesch zum Import vun exotesche Juegdtrophäen? Géif d’Ministesch de Wée goen, fir een Import vun Wëlldéieren, am Numm vum Déiereschutz, ze verbidden? Bewäert d’Ministesch d’Trophäejuegd op anere Kontinenter als eng Fräizäitaktivitéit?

  6. Ee Wort-Artikel vum 3ten August 2015 beriicht doriwwer, wéi Juegdreesen vu Lëtzebuerg aus organiséiert ginn: “Hinter der Safari-Industrie mit garantiertem Abschuss von bedrohten Tierarten steckt System. Schlimmer noch, selbst in Luxemburg wird online Werbung für solche zweifelhaften Jagdaktionen betrieben. Auf der Internet-Seite jagen.lu werden Jagdreisen in afrikanische Staaten als Entwicklungshilfe angepriesen und auch angeboten. Im Programm sind Burkina Faso, Benin, Namibia und Kamerun. Nicht nur die Länder, sondern auch die Wildarten kann man sich selber aussuchen. Wer meint, hier würden nur ein paar Antilopen zum Abschuss angeboten, der irrt: In der Liste findet man auch geschützte Arten wie Elefant, Gepard, Flusspferd, Leopard, Löwe oder Wolf. ” Ass et zu Lëtzebuerg nach ëmmer erlabt, kommerziell Juegdreesen op geschützte Wëlldéieren an anere Länner unzebidden? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4717

Schëffer ënnert Lëtzebuerger Flagg

D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren, mee et gi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel an internationale Gewässer ënnerwee sinn. A menger parlamentarescher Fro n°876 wollt ech méi iwwer déi Schëffer wëssen, déi zwar zu Lëtzebuerg an engem maritimme Regëster ugemellt sinn, mee seele bis ni hei op der Musel uleeën. Et handelt sech ëm Schëffer, déi ënnert lëtzebuergescher Fändel verschiddenen Handelsaktivitéiten op de Weltmierer noginn. 216 där Schëffer goufen et Stand 2019. Wéi ech deemools scho geschriwwen hunn, ass Schëfffaart mat ee vun de Secteuren, déi weltwäit mat am meeschten um Ausstouss vu CO2, Stéckoxiden a weidere schiedleche Gaser bäidréit. Wéi d’Ministere schreiwen, géifen national Moossnamen näischt bréngen, fir de Secteur méi propper ze kréien, well d’Schëffer innerhalb vun e puer Deeg de Pavillon wiessele kënnen. Dës Ausso weist u sech, dass een “Race to the bottom” op Käschte vun der Ëmwelt net kann ausgeschloss ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. • Wéi vill Schëffer sinn, Stand haut, am lëtzebuergesche maritimme Regëster ageschriwwen?• Wéi vill vun deene Schëffer  • hunn ee Gewiicht bis 500 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu 501 bis 5000 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu 5001 bis 25000 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu méi wéi 25001 Tonnen? • Wéi hunn sech dës Zuelen zënter 2019 entwéckelt?

  2. An hirer leschter Äntwert haten d’Ministere Folgendes zum Mosse vun den Co2-Emissiounen erkläert: “D’Donnéeën iwwer den CO2 Ausstouss vun de Schëffer ënner lëtzebuergeschem Fändel sinn onkomplett. En europaäescht Reglement (UE 2015/757) dat den 1. Januar 2018 a Kraaft getrueden ass, verlaangt awer elo vun den Armateuren, dass se den CO2 Ausstouss vun hire Schëffer (iwwer 5000 BRT) bestëmmen. Des Donnéeë ginn dann (nodeem se vun onofhängeger Säit kontrolléiert goufen) un d’europäesch Kommissioun an un de Flagestaat geschéckt. Dëst Reglement gëllt fir Schëffer mat méi wéi 5000 BRT am Bezuch op CO2- Emissiounen, déi während de Fahrte vun hierem leschten Zilhafen bis bei de nächsten Zilhafen am Gebitt vun engem EU-Memberstaat a vun engem Zilhafen um Gebitt vun engem EU- Memberstaat bis bei de neächsten Zilhafen, souwéi beim Openthalt an engem Zilhafen um Gebitt vun engem EU-Memberstaat, ausgestouss ginn.” Opgeschlësselt no de virrechte Gewiichtsklassen an op déi lescht 2 an hallef Jore gekuckt, wéi huet sech de CO2-Ausstouss vun de lëtzebuerger Schëffer entwéckelt? Follegt Lëtzebuerg hei den Trends vun aneren europäesche Länner oder schneiden eis Schëffer besser beim CO2-Ausstouss of?

  3. Wéi vill vun eise Schëffer sinn an der industrieller Fëscherei aktiv an op wéi enge Mierer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4699

Vorratsdatespäicherung

Zënter den Enthüllunge vum Edward Snowden vun 2013 ass kloer, dass d’staatlech Iwwerwaachungsmoossnahmen an Iwwerwaachungssoftwaren, wéi Pegasus, omnipresent sinn. Et ass och drun z’erënneren, dass och d’lëtzebuergesch Regierung ëmmer nach d’Vorratsdatespäicherung ënnerstëtzt an dat, obwuel den europäesche Geriichtshaff a verschiddenen Arrêten dës als onverhältnesméisseg an illegal verurteelt huet. An eise parlamentaresche Froen n°813 an n°1783, souwéi an enger Motioun vum Juli 2019 si mir am Detail op dës Illegalitéit agaangen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet eis Justiz an de leschten 10 Joer, am Kader vun enger Ermëttlung, op d’Vorratsdaten zeréckgegraff?  Falls keng Zuelen dozou virleien, firwat net a wéi kann d’Proportionalitéit vun der Vorratsdatespäicherung an deem Fall garantéiert ginn?

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass – ausserhalb vun erlabtenen Enquêten – op d’Vorratsdate vu lëtzebuergesche Journalisten, Aktivisten oder Oppositiounspolitiker zeréckgegraff gouf? Falls nee, wéi oft war dat de Fall?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4693

Masseniwwerwaachung duerch den Trojaner “Pegasus”

Laut den Erkenntnisser vun engem internationale Journalistennetzwierk, deenen, ënnert anerem, Journaliste vun der Süddeutsche Zeitung an The Guardian ugehéieren, wier d’Trojaner-Software “Pegasus” op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt ginn. D’Software gëtt vun der israelescher Firma NSO ugebueden an ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn. Den ëffentlech zougänglechen Informatiounen no kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer effektiv ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien. Wëssenswäert ass och, dass dës israelesch Firma eng Filial zu Lëtzebuerg huet. Den däitsche Journalisten-Verband schwätzt an engem Communiqué vun engem weideren Iwwerwaachungsskandal a fuerdert eng Opklärung an deem Dossier. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kënne Journalisten, Aktivisten oder Politiker hei am Land sech géint esou eng staatlech Iwwerwaachung wieren?  Wéi eng Instrumenter stellt d’Regierung hei zur Verfügung?

  2. Existéiere Relatiounen tëschent der Firma NSO (inklusiv den Duechter- a Mammegesellschafte vun der NSO) an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen?  Existéiere Relatiounen tëschent de Firmen, déi op folgendem Link zesummegestallt goufen (https://justpaste.it/PegasusProjectLux) an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen?

  3. Kann d’Regierung aschätzen, ob d’Iwwerwaachungsattacke mat der Software Pegasus Verbindunge mam Standuert Lëtzebuerg hunn?  Kann eng Bedeelegung vum Standuert Lëtzebuerg ausgeschloss ginn?

  4. An der Äntwert op d’Fro n°156 haten d’Ministere geschriwwen, se géifen sech op europäeschem Niveau fir eng méi staark Kontroll vum Export vu Cyberiwwerwaachungsinstrumenter asetzen. An engem Interview mat der Zeit vum 19te Juli 2021 bewäert den Edward Snowden dës staatlech Initiativen als ineffikass: “Ganz offensichtlich haben unsere Regulierungsmaßnahmen versagt. Seit zehn Jahren hat sich Europa gedacht: “Vielleicht können wir das ja kontrollieren, vielleicht lässt sich das Problem mit Exportkontrollen lösen?” Heute jedoch sehen wir, dass die Exportkontrollen voll und ganz an der Aufgabe gescheitert sind, die Auswirkungen zu kontrollieren, die die kommerzielle Malware-Industrie für die Öffentlichkeit hat. Und wenn Ausfuhrkontrollen und leichtere Regulierung nicht funktionieren, dann müssen wir über ernstere Maßnahmen nachdenken. Dieses Problem lässt sich meiner Meinung nach nur lösen, wenn wir den Handel mit dieser Art von Technologie mit einem globalen Moratorium belegen.” Wéi positionéiert sech déi aktuell Regierung zu senger Bewäertung? Wär d’Regierung Demandeur fir esou ee globale Moratorium unzefroen?

  5. An der nämmlechter Äntwert hat d’Regierung och geschriwwen, dass si, am Kader vum Koalitiounsaccord, d’Sorgfaltsflicht vun zu Lëtzebuerg ugemelltene Firmen “studéiere” wéilt:  “Dans son programme pour les années 2018 à 2023, le gouvernement luxembourgeois s’est en outre engagé à étudier la possibilité de légiférer sur le devoir de diligence pour les entreprises domiciliées au Luxembourg, dans la mesure où un tel devoir de diligence représenterait une mesure complémentaire au Plan d’action national susmentionné.” Wéi wäit ass d’Regierung mat dësem Studium a wat sinn déi éischt Erkenntnisser? Inwiefern géifen dës ugeduechte Moossnamen d’Aktivitéite vun enger Filiale, wéi déi vun der NSO, affektéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4692

Ausspionéiere duerch Pegasus (partie urgente)

Laut den Erkenntnisser vun engem internationale Journalistennetzwierk, deenen, ënnert anerem, Journaliste vun der Süddeutsche Zeitung an The Guardian ugehéieren, wier d’Trojaner-Software “Pegasus” op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt ginn. D’Software gëtt vun der israelescher Firma NSO ugebueden an ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn. Den ëffentlech zougänglechen Informatiounen no kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer effektiv ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien. Wëssenswäert ass och, dass dës israelesch Firma eng Filial zu Lëtzebuerg huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere Relatiounen tëschent der Firma NSO an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen? 

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass och Journalisten, Aktivisten oder Politiker zu Lëtzebuerg vun dësem Iwwerwaachungsskandal betraff sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4685

Kennzeechnung tëschent 3G an Net-Geimpftenen

Op den sozialen Netzwierker zirkuléieren Biller vu Leit, déi viru Kuerzem op eng Feier gaange sinn an do ee spezifescht Entréeesbändchen kruten, fir dierfen eranzegoen. Elo ass et awer esou, dass d’Faarf vum Entréesbändchen kloer z’erkennen ginn huet, wien geimpft, genesen oder getest gouf a wien sur Place ee Schnelltest gemaach huet. Dës Kennzeechnung tëschent de Persounen widdersprécht u sech de Prinzippien vum Dateschutz, well mam Bändchen déi Leit, déi sech nach net impfen gelooss hunn, réckschlësseg kënnen identifizéiert a bloussgestallt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Ministesch Kenntnis dovunner, dass verschidden Organisateure vu Feieren op esou ee System zeréckgräifen, deen tëschent geimpften, genesenen a getesteten Ënnerscheedunge mécht? 

  2. Ass dës Praxis zoulässeg a falls net, kéinte betraffe Persounen eng Plaintë géint een Organisateur maachen, deen op esou ee System zeréckgräift?

  3. Wat fir eng weider Sensibiliséierungsmoossname plangt d’Regierung, fir d’Bevëlkerung elo am Summer iwwert een dateschutzspuersamen an diskriminéierungsfräien Ëmgang mat de Covid-Zertifikater opzeklären?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4674

Wat kascht d’Juegd ?

An hirer Äntwert op parlamentaresch Fro N°4364 huet d’Ëmweltministesch Zuelen zum Wëldschued geliwwert a schreift, dass 2020 bal 570 000€ u Wëldschued entstane sinn. Dës Zuele kënnen och am technesche Rapport iwwert d’Juegd méi genee gekuckt ginn, dee vum Ëmweltministère verëffentlecht gouf. Och wann dës Zuelen, wéi d’Ministesch schreift, net komplett sinn, sou sinn se am Verglach zu anere Posten am Staatsbudget éischter kleng. Eleng d’Käschten, fir d’Juegd am Ëmweltministère ze verwalten, dierfte méi grouss sinn wéi de Montant, deen all Joer u Wëldschued entsteet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Steiergelder kascht d’Juegd de Staat all Joer, wann een all d’Verwaltungskäschten, wéi zum Beispill d’Gestioun vun de Juegdschäiner, d’Kontrolle vun de Juegten oder de Subsid vu 50 000€ fir Jeeërfederatioun (FSHCL), matarechent?

  2. Wéi vill Wëllschwäin liewen aktuell an eise Bëscher? Wéi huet sech hire Bestand an de leschte 5 Joer entwéckelt? Sinn d’Bestänn trotz de steigenden Doudeszuehlen (Säit 11 aus dem Rapport) weider geklommen?

  3. Bewäert d’Ministesch déi aktuell Juegdmethoden bei der Juegd op Wëllschwäin als effikass, wann een d’Bestandzuehlen an d’Doudeszuele matenee vergläicht?

  4. Mécht déi massiv Juegd op Wëllschwäin ekonomesch gesinn iwwerhaapt Sënn, ugesiichts vun den niddrege Montanten u Wëldschued, déi all Joers entstinn? 

  5. Wéi géifen d’Käschten u Wëldschued sech schätzungsweis entwéckelen, wann zu Lëtzebuerg ganz op Klappjuegte géif verzicht ginn?

  6. Wéi d’Ministesch weider an hirer Äntwert präziséiert, géifen d’Analysen aus de leschten 10 Joer weisen, dass de Schued am Gréngland an am Mais de gréissten Deel vum Schued duerch Wëllschwäi géifen ausmaachen. Ginn d’Ministeren dovunner aus, dass mam Ëmstelle vun eiser Landwirtschaft op eng Agrikultur, déi d’Biodivesitéit um Feld de Monokulture virzitt, de Wëldschued fir Bauere kéint erof goen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4645

Bestinn déi teschnech Problemer um Findel wéiderhin?

Den 9te Juni hate mir dem Transportminister eng Fro zu technesche Problemer beim Instrument Landing System (ILS) gestallt. De Minister huet dann och konforméiert, dass d’Administratioun de la navigation aérienne (ANA) net konnt déi néideg Beweiser virleeën, datt den ILS nach performant genuch ass, wat d’Prezisioun, d’Kontinuitéit, d’lntegritéit an d’Legitimitéit vun der Quell vum Service NAV (Navigation) ugeet. Och d’Buedemtester gi laut DAC net esou systematesch duerchgefouert, wéi se dat misste ginn. A senger Äntwert huet de Minister erkläert, dass d’ANA u Léisunge géif schaffen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn déi uewe genannte Problemer mëttlerweil behuewen?

  2. Bleift d’Pist 24 bis op Weideres deklasséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4634

Rekrutement bei der Arméi

D’Lëtzebuerger Arméi probéiert reegelméisseg de jonke Leit de Beruff vum Zaldot z’erklären a si fir eng Karriär an der Arméi ze begeeschteren. Fir de Rekrutement unzekuerbelen, gëtt op Partner-Programmer mat Lycéeën a mat Videoen op de sozialen Netzwierker an op der Télé geschafft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Video, deen am Moment grad um Site d’acceuil vun der Arméi ze gesinn ass, soll den Alldag vun 3 Zaldot*innen duergestallt ginn. De Video dauert 3 Minutten an 2 Sekonnen, dovu ginn iwwert 20 Sekonne laang (11% vum Video) Zaldote mat Waffe gewisen.  Wéi vill Stonne ginn an der Grondausbildung fir den Training Waffe genotzt (an absolutten Zuelen an a Prozent)? Ass de Minister der Meenung, dass dës Duerstellung proportionell ass?

  2. Am Video gëtt och een Asaz am Mëllerdall ugeschwat, deen mat den Iwwerschwemmungen am Joer 2018 zesummenhänkt. D’Katastrophenhëllef ass ee wichtegen Aspekt vun der Aarbecht vun der Arméi, gëtt awer nëmmen um Rand erwäänt.  Ass de Minister der Meenung, dass dësen Aspekt vun der Aarbecht vun der Arméi proportionell richteg am Video duergestallt gëtt?

  3. Dës Videoe gi wéi gesot och op der Télé gewisen.  A wat fir engem Kader ass d’Duerstellung vu Waffen op der Telé zu Lëtzebuerg erlaabt?

  4. Gëtt beim Erstelle vun dëse Videoen op extern Agencë gesat? Falls jo, ëm wéi eng Agencë handelt et sech?

  5. Mat wat fir Käschte war d’Ausschaffe vun dëse Videoe an deene leschten 3 Joer verbonnen?  Wéi vill huet d’Publicitéit vun de Videoen an deene leschten 3 Joer kascht?

  6. Ass de Minister der Meenung, dass Notze vu Waffe muss an de Virdergrond gestallt ginn, fir jonk Mënschen z’erreechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4623