Schutz vun Afghaneschen Zivilisten déi am Krich gehollef hunn

Den Trupperéckzuch aus Afghanistan stellt d’Afghanen virun eng immens ongewëss Zukunft. Vill vun hinnen hunn am Kader vun de Militär-Missiounen am Land de westleche Länner (zum Beispill als Iwwersetzer) zur Säit gestanen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4093 huet de Bausseminister erkläert, dass: “D’Sécherheet vun den Afghanen an hire Familljen, déi um Terrain an der „Resolute Support” Missioun matgehollef hunn, ass fir d’international Communautés vu grousser Wichtegkeet. Diskussiounen, wéi een deene Leit am Beschte kann hëllefen, sinn nach am gaangen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn am Kader vun deene vum Minister ugeschwaten Diskussiounen schonn Entscheedunge getraff ginn?

  2. Kann eng Persoun, déi beweise kann, fir Europäesch oder Amerikanesch Zaldoten am Afghanistan geschafft ze hunn, zu Lëtzebuerg Asyl accordéiert kréien? Falls jo, kritt och d’Famill, déi der Gefor vu Vergeltungsschléi am Afghanistan ausgesat ass, d’Recht op Asyl zu Lëtzebuerg unerkannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4408

Asaz vu Schallwaffen op den EU-Baussegrenzen

DW News huet den 2ten Juni ee Video publizéiert, dee weisst, wéi griichesch Grenzpatrullen Schallwaffen (LRAD) géint Migranten asetzen. Schallwaffen (eng. ‘Sound Cannon’) ginn a Länner wei den USA schonn zenter iwwert 10 Joer benotzt, notamment fir Protester opzeléisen. Am Fall vu Griichenland schéngen dës “Sound Cannons” u Gefierer vun der Police montéiert ginn ze sinn. Laut engem Vertrieder vun der griichescher Police ass d’Haaptzil vun dëse Waffen, “ze verhënneren dass Migranten illegal an d’Land kommen”. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister ausschléissen, dass EU-Organisatioune wéi Frontex dës Schallwaffe benotzen?

  2. Huet de Minister Kenntnis driwwer, ob fir den Akaf vun dëse Waffen EU-Gelder genotzt goufen?

  3. Ass d’Notze vun esou Schallwaffe géint Persounen, déi an d’Land wëllen areesen, compatibel mat EU-Recht?

  4. Laut AP sinn op der griichescher Grenz, méi wéi eng Doze Projete fir Grenzkontrollen an Iwwerwaachung vu Chercheuren a private Firmen aus ganz Europa getest ginn: “”Palm scanners record the unique vein pattern in a person’s hand to use as a biometric identifier, and the makers of live camera reconstruction technology promise to erase foliage virtually, exposing people hiding near border areas. Testing has also been conducted in Hungary, Latvia and elsewhere along the eastern EU perimeter.” ” Huet de Minister Kenntnis vun dëse Projeten? Wéi steet d’lëtzebuergesch Regierung zu dëse Projeten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4397

FRO.LU: Wéi ass d’Situatioun an den Urgencen? Sinn d’Patienten zefridde mam Service?

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Lëtzebuerg zeechent sech duerch ee regionale Klinicke-System aus, deen aus dem CHdN am Norden, de CHEM am Süden an dem CHL an dem HRS am Zentrum besteet. Mee net all Klinik bitt all Service un. D’Ost-Regioun ass momentan keen Deel vun dësem Reseau. Esou ass zum Beispill am HRS, am CHEM zu Nidderkuer an zu Diddeleng an am ChdN zu Wolz tëscht owes 21:00 Auer a moies 7:00 Auer kee Service d’Urgence virgesinn. D’Urgence zu Nidderkuer war wärend e puer Woche souguer ganz zou. Bis 2024 solle méi Urgencen am Dag an Nuets op goen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Better stinn de Patienten am Süden zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Norden zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Zentrum zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Osten zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt?

  2. Wéi vill Infirmièrë schaffe jeeweils an de Spideeler aus dem Norden, dem Süden an dem Zentrum (an absoluten Zuelen an pro 10’000 Awunner gekuckt)?

  3. Laut dem Spidolsgesetz vum 8. Mäerz 2018, ass all Spidol dozou verflicht e Service ze hunn, bei dem sech e Patient schrëftlech oder mëndlech bekloe kann, iwwert e Behuelen, eng Prise en charge oder allgemeng en net Respektéiere vu senge Patienterechter. Wéi vill schrëftlech Reklamatioune goufen a säit dem 1.01.2019 an deene verschiddene Servicer vun de Spideeler agereecht?

  4. Wéi zefridde respektiv onzefridde sinn d’Patienten am generelle mat de medezinesche Servicer hei am Land? Sinn hei Ënnerscheeder jee no Regioun festgestallt ginn? Falls jo, wat fir Grënn kéint dat hunn?

  5. Duerch wéi eng anner Indicateure gëtt d’Qualitéit vun de medezinesche Servicer hei am Land erfaass a bewäert? Wat sinn d’Seuils tolérables?

  6. An der Äntwert op d’Fro n°106 huet den deemolege Gesondheetsminister erkläert : “Den Audit vun den Urgencen 2017 huet gewisen datt d’Dauer tëschent dem Triage an d’Fleeg tëschent 40 an 90 Minutte fir all Spideeler ass.” • Wéi hunn dës Zäite säit 2017 evaluéiert (opgeschlësselt no Klinik)? • Wéi laang dauert d’Fleeg vun engem Patient an de Services d’Urgence am Schnëtt (opgeschlësselt no Klinik)? • Ass d’Ministesch zefridde mat dësen Zuelen? Wann net, wat fir Schrëtt wäerte geholl ginn, fir d’Waardezäite weider ze verréngeren?

  7. Falls d’Regierung zu enger oder méi vun dëse Froen keng Ugabe ka maachen, well d’Donnéeë feelen, wéi gedenkt d’Regierung dës Lächer an der Datebank ze fëllen?

Fro n°4393

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4393

Covid-Immunitéit verstoen – Antikierper-Tester fir infizéiert Persounen

An de leschte Wochen a Méint goufen honnertdausende vu Persounen zu Lëtzebuerg mat Vaccinen géint de Sars-Cov-2 geimpft. Wärend d’Impfcampagne méi Fortschrëtter mécht, ass festzestellen, dass d’Indicateuren, déi ee Bild iwwert de Verlaf vun der Pandemie ofginn, sech veränneren. Effektiv si vill manner Leit an de geimpften Altersgruppen a Kategorien krank, d’Zuele vun de beluechten Better an de Spideeler ass och signifikant erofgaangen. Trotz dëse gudde Noriichte bleift Virsiicht ugesot, well nach net empiresch beluecht ass, wéi gutt a wéi laang d’Impfung virum Covid-19 schützt an ob se géint weider Mutatioune vum Virus ugepasst ass.  Elo ass et awer esou, dass net nëmme geimpfte Persounen eng Immunitéit géint de Sars-Cov-2 opgebaut hunn. Och déi zéngdausenden Covid-Infizéiert hunn wärend hirer Krankheet och Antikierper opgebaut.  Wéi uewe beschriwwen, ass awer leider net gewosst, wéi laang d’Antikierperen – ob duerch d’Impfung oder duerch ee Krankheetsverlaf – am Blutt erhale bleiwen. D’serologesch Tester fir d’Fanne vun Antikierpere wier eng Piste, fir erauszefannen, wéi sech d’Quantitéiten un Antikierperen am Blutt entwéckelen, andeems een a reegelméissegen Ofstänn, Bluttprouwen vu geheelten a geimpfte Persounen géif huelen, fir d’Evolutioun vun den Antikierperen empiresch ze moossen. Esou wäit eis bewosst ass, mécht d’Santé aktuell keen esou Suivi. Wéi op der Website covid19.lu ze liesen ass, ginn d’Blutttester ausschliisslech genotzt, fir d’Evolutioun vun der Pandemie z’erfaassen: “”Un taux élevé ou faible d’anticorps ne signifie pas nécessairement que l’on est immunisé, car les anticorps ne représentent qu’une fraction de la réponse immunitaire globale de l’organisme. Un échantillon représentatif de la population du Luxembourg, sélectionné sur base du lieu de résidence, de l’âge et du ménage, est invité chaque semaine dans le  cadre du Large Scale Testing afin de permettre un suivi continu de l’évolution de la pandémie. “”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Realiséiert d’Regierung serologesch Tester, fir erauszefannen, wéi d’Unzuel vun den Antikierperen am Blutt sech mat der Zäit entwéckelt? Bei wéi vill Persounen déi an den Isolement gesat gi sinn, ass ee Suivi gemaach ginn, fir d’Unzuel vun hiren Antikierper ze moossen? 1. Falls jo, wéi ginn dës Donnéeën erhuewen, wéi sinn Echantillonen opgebaut a wéi ginn dës Donnéeën ausgewäert? Wat ass d’Zill vun dëser Erhiewung? 2. Falls nee a falls d’Ministesch sech op d’Informatiounen beruffe sollt, dass d’Antikierperen kee komplett Bild vun der Immunitéit erëmginn: ass et wëssenschaftlech richteg, dës Donnéeën a priori vun enger Erhiewung auszeschléissen, wann net gewosst ass, ob se a posteriori kéinten dozou déngen, de Covid19 besser ze verstoen?

  2. Wéi eng aner Moossungen ginn aktuell vun der Regierung duerchgefouert, fir erauszefannen, wéi laang d’Immunitéit no enger Covid19-Krankheet erhale bleift?

  3. Wéi eng aner Moossungen ginn aktuell vun der Regierung duerchgefouert, fir erauszefannen, wéi laang d’Immunitéit no enger Impfung erhale bleift?

  4. Mëscht d’Santé een Ënnerscheed, tëscht de Persounen déi positiv a “positiv faible” (> 33CT) getest goufen? 

  5. Am vir Juni viséierte Covid Zertifikat, soll eng Persoun och kënnen eng iwwerstanen Infektioun uginn. Wäert hei een Ënnerscheed gemaach ginn, tëscht Persounen déi positiv getest goufen a Persounen déi “positiv faible” getest goufen ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4373

Import vu Papageien

Verschidde Papageienaarten si wéinst hire faarwege Plommen an dem Fait, dass si d’Stëmm vu Mënschen imitéiere kënnen, weltwäit beléift Hausdéieren. Leider sinn awer och d’Papageien vum Verloscht vun der Aartevillfalt betraff. Tëscht 1994 an 2003 goufe ronn 1,6 Millioune Papageien an d’EU importéiert, déi ënnert déi sougenannte CITES-Bestëmmunge falen, also als gefërdert Aarten ugesi ginn. Säit dem 1.07.2007 dierfe keng an der Wildnis gefaange Villercher méi an d’EU importéiert ginn, just nach Déieren aus bestëmmten Ziichtereie sinn erlaabt. Dëst war d’Konsequenz vun engem Rapport vun der EFSA, dee bewisen huet, dass vill Villercher beim Transport stierwen an et ee Gesondheetsrisiko duerch net bekannte Krankheete gëtt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn dem Minister verstéiss géint d’Importverbuet vu wëlle Villercher (also géint d’EU Reglementer 318/2007, 139/2013 oder 2020/692) zu Lëtzebuerg bekannt? Wann jo, wéi vill Fäll goufe säit dem 1.07.2007 festgehalen?

  2. Wéi vill Händler vun exotesche Villercher hei am Land sinn der Veterinärsinspektioun bekannt? 

  3. Ginn d’Händler, déi exotesch Villercher zu Lëtzebuerg verkafen, vun der Veterinärsinspektioun kontrolléiert? A wann jo, wéi oft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4362

Asaz vun Hënn vun private Sécherheetsbeamten

Säit dem 15ten Mee leeft den néie Kontrakt tëscht der Stad Lëtzebuerg a private Sécherheetsfirmen. D’Stad ass net déi eenzeg Instanz, déi op esou Firmen zréck gräift a wou d’Agenten deelweis a Begleedung vun Hënn ënnerwee sinn. Och anner Gemengen an d’CFL notze Servicer vun dëse Firmen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A Fäll wou Sécherheetsagente mat Hënn ënnerwee sinn, mussen dës Hënn der Sécherheetsfirma gehéieren, oder kéinten d’Agenten och op hir eegen Hënn zréck gräifen?

  2. Wéi eng Aarte vu Maulkuerf sinn zu Lëtzebuerg erlaabt? Sinn an deene leschten 3 Joer scho Verstéiss duerch privat Sécherheetsfirmen oder hire Mataarbechter am Déngscht festgestallt ginn, well en Hond ee Maulkuerf unhat, deen zu Lëtzebuerg net erlaabt ass? Wa jo, wéi vill?

  3. Wéi eng Aarte vu Halsbänner sinn zu Lëtzebuerg erlaabt? Sinn an deene leschten 3 Joer scho Verstéiss duerch privat Sécherheetsfirmen oder hire Mataarbechter am Déngscht festgestallt ginn, well en Hond een Halsband unhat, deen zu Lëtzebuerg net erlaabt ass? Wa jo, wéi vill?

  4. An engem Post vun der Zeitung Paperjam op de soziale Medien, gesäit een en Sécherheetsagent mat engem Hond, deen de Schwanz ofgeschnidde kritt huet. Sinn esou Praktiken zu Lëtzebuerg erlaabt? Sinn an deene leschten 3 Joer Verstéiss wéinst solche Praktiken duerch privat Sécherheetsfirmen oder hire Mataarbechter am Déngscht festgestallt ginn? Wa jo, wéi vill?

  5. Wat fir Demande mussen d’Sécherheetsfirmen erareechen, fir dierfen op Hënn zréck ze gräifen an dës an hire Servicer unzebidden? No wat fir Krittäre gëtt den Asaz vun Hënn erlaabt, respektiv ofgeleent? Ginn et Ënnerscheeder jee no Rass vun Hond?

  6. Mussen d’Sécherheetsfirmen noweisen, dass d’Hënn an hir Halter Formatioune gemaach hunn? Mussen dës Formatiounen no enger Gewëssener Zäit opgefrëscht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4360

Mat engem QR-Code géint Gaffer virgoen

Déi däitsch Johanniter hunn viru kuerzem ee Projet virgestallt, dee verhënnere soll, dass voyeuristesch veranlaagt Persounen bei engem Accident d’Aarbecht vun den Ambulanciere behënneren. Mat QR-Coden, déi un d’Ambulanz, un de Rucksäck vun den Ambulancieren an op mobillen Unfallschutzwänn vun de Johanniter gepecht ginn, solle Persounen, déi versiche mam Handy den Accident ze filmen, automatesch ee Message op hiren Handy geschéckt kréien. Dëse Message mécht si drop opmierksam, dass hiert d’Handelen de Sanitäter hier Aarbecht behënnert a strofbar ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Regierung zur Aféierung vun esou engem Projet zu Lëtzebuerg?

  2. Wier esou ee Projet och zu Lëtzebuerg ëmsetzbar?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4341

Online-Glécksspill

A senger parlamentarescher Fro n°853 krut den honorabelen Deputéierte Marc Spautz deemools geäntwert, datt Glécksspiller, déi vun engem anere Land aus als legal Aktivitéit bedriwwe ginn, net kënnen zu Lëtzebuerg verbuede ginn (“Ainsi, les jeux offerts sur Internet à partir de pays où l’activité est légale ne peuvent être prohibés”).  Dëst bedeit, datt all Online-Glécksspillubidder aus dem Ausland säin Internetsite zu Lëtzebuerg ubidde kann, ouni Garantien ze ginn, wien den Ubidder ass a wou d’Suen, déi hei agesat ginn, am Endeffekt hifléissen. Et bedeit och, datt dës Online-Glécksspillfirme keng Steieren op hier Aktivitéiten op eisem Territoire bezuelen. D’Ministesch bestätegt an der Äntwert op meng Fro n°3317, dass d’Ubidde vun engem Geschécklechkeetsspill, souwuel physesch wéi och um Internet, keng Autorisatioun brauch. Des Weideren ass der Ministesch bekannt, dass hei am Land verschidden dubiéis Spillsäiten iwwer Glécksspillbornen a Caféen ugebuede ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Warnunge krut d’Cellule de Renseignement Financier (CRF) tëschent 2017 an haut, am Zesummenhang mat der Exploitatioun vun illegale Glécksspillbornen? Wéi vill dovunner sinn an enger Verurteelung geendegt?

  2. Zu wéi vill Verurteelunge koum et an de leschten 3 Joer wéinst Geldwäsch am Zesummenhang mat illegale Glécksspillbornen?

  3. Wéi vill Verurteelunge goufen am Laf vun deene leschten 3 Joer am Zesummenhang mat Geldwäsch duerch d’Exploitatioun vun illegale Glécksspiller um Internet? 

  4. Wéi vill Verurteelunge goufen am Laf vun deene leschten 3 Joer am Zesummenhang mat der Verletzung vu Konsumenterechter duerch d’Exploitatioun vun illegale Glécksspiller um Internet? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4331

Solardiecher iwwert den Autobunnen – eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg?

Am Kader vum Paräisser Klimaaccord mussen d’Zäregasemissiounen an den nächste Jore massiv erofgesat ginn. Konsequenterweis muss eis Gesellschaft dofir onbedéngt de Verbrauch vu fossille Ressourcen a kierzester Zäit reduzéieren an op laang Dauer evitéieren. Eng grouss Chance gëtt dobäi an Technologien wéi der Photovoltaik gesinn, fir d’Energiewend zu Lëtzebuerg, an Europa an op der ganzer Welt ze realiséieren. D’Photovoltaik kënnt aktuell virun allem op den Diecher vu Gebaier souwéi a spezielle Photovoltaikparken zum Asaz. Der Notzung vun der Energie sinn awer keng Grenze gestallt. Op der “Österreichische Fachtagung für Photovoltaik und Stromspeicherung” vum 3ten Dezember 2020 gouf d’Iddi presentéiert, fir Photovoltaikanlagen iwwert den Autobunnen z’installéieren. Wéi d’Plattform stern.de beriicht, kéinten esou an Däitschland pro Joer 57 Terrawattstonne produzéiert ginn. Dat entsprécht méi wéi 10% vum gesamten däitsche Stroumverbrauch. Wëssend, dass d’Terrainen an dësem Fall och schonn dem Staat gehéieren, wier et och relativ einfach, esou Anlagen op den Autobunnen opzebauen – natierlech ënnert der Berécksiichtegung vu sécherheetstechneschen Aspekter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéieren sech d’Ministeren zu der Iddi, flächendeckend Photovoltaikanlagen iwwert de lëtzebuergeschen Autobunnen z’installéieren?

  2. Ginn et scho konkret staatlech Projeten, déi an dës Richtung wëlle goen?  Falls net, schléissen d’Ministeren aus, dass de Staat an Zukunft an esou Projeten investéiere wäert?

  3. Wéi eng sécherheetstechnesch Aspekter misste bei esou engem Projet berécksiichtegt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4324

Verschwonne mannerjäreg Flüchtlingen – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°4107 hat ech opgrond vu Recherchen duerch ë.a. der brittescher Zeitung “The Guardian” nogefrot, wéi vill mannerjäreg Flüchtlingen zu Lëtzebuerg aus der Ophutt vum Staat verschwonne sinn. D’Ministeren hunn erkläert, dass 75 Mannerjäreger verschwonne sinn, éier d’Asyl-Prozedur lancéiert war, an dass 12 Mannerjärege verschwonne sinn, nodeems si hier Demande fir Asyl agereecht haten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mannerjäreg, déi wéinst enger Asyldemande virstelleg goufen oder dës schonn agereecht haten, goufe säit 2016 als vermësst gemellt, mee konnten duerno erëm fonnt ginn? Wéi vill vun dëse Kanner sinn eng 2te Kéier verschwonnen?

  2. Wat ënnerhëllt d’Regierung, fir d’Situatioun ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4310