Asaz vun Hënn vun private Sécherheetsbeamten

Säit dem 15ten Mee leeft den néie Kontrakt tëscht der Stad Lëtzebuerg a private Sécherheetsfirmen. D’Stad ass net déi eenzeg Instanz, déi op esou Firmen zréck gräift a wou d’Agenten deelweis a Begleedung vun Hënn ënnerwee sinn. Och anner Gemengen an d’CFL notze Servicer vun dëse Firmen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A Fäll wou Sécherheetsagente mat Hënn ënnerwee sinn, mussen dës Hënn der Sécherheetsfirma gehéieren, oder kéinten d’Agenten och op hir eegen Hënn zréck gräifen?

  2. Wéi eng Aarte vu Maulkuerf sinn zu Lëtzebuerg erlaabt? Sinn an deene leschten 3 Joer scho Verstéiss duerch privat Sécherheetsfirmen oder hire Mataarbechter am Déngscht festgestallt ginn, well en Hond ee Maulkuerf unhat, deen zu Lëtzebuerg net erlaabt ass? Wa jo, wéi vill?

  3. Wéi eng Aarte vu Halsbänner sinn zu Lëtzebuerg erlaabt? Sinn an deene leschten 3 Joer scho Verstéiss duerch privat Sécherheetsfirmen oder hire Mataarbechter am Déngscht festgestallt ginn, well en Hond een Halsband unhat, deen zu Lëtzebuerg net erlaabt ass? Wa jo, wéi vill?

  4. An engem Post vun der Zeitung Paperjam op de soziale Medien, gesäit een en Sécherheetsagent mat engem Hond, deen de Schwanz ofgeschnidde kritt huet. Sinn esou Praktiken zu Lëtzebuerg erlaabt? Sinn an deene leschten 3 Joer Verstéiss wéinst solche Praktiken duerch privat Sécherheetsfirmen oder hire Mataarbechter am Déngscht festgestallt ginn? Wa jo, wéi vill?

  5. Wat fir Demande mussen d’Sécherheetsfirmen erareechen, fir dierfen op Hënn zréck ze gräifen an dës an hire Servicer unzebidden? No wat fir Krittäre gëtt den Asaz vun Hënn erlaabt, respektiv ofgeleent? Ginn et Ënnerscheeder jee no Rass vun Hond?

  6. Mussen d’Sécherheetsfirmen noweisen, dass d’Hënn an hir Halter Formatioune gemaach hunn? Mussen dës Formatiounen no enger Gewëssener Zäit opgefrëscht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4360

Mat engem QR-Code géint Gaffer virgoen

Déi däitsch Johanniter hunn viru kuerzem ee Projet virgestallt, dee verhënnere soll, dass voyeuristesch veranlaagt Persounen bei engem Accident d’Aarbecht vun den Ambulanciere behënneren. Mat QR-Coden, déi un d’Ambulanz, un de Rucksäck vun den Ambulancieren an op mobillen Unfallschutzwänn vun de Johanniter gepecht ginn, solle Persounen, déi versiche mam Handy den Accident ze filmen, automatesch ee Message op hiren Handy geschéckt kréien. Dëse Message mécht si drop opmierksam, dass hiert d’Handelen de Sanitäter hier Aarbecht behënnert a strofbar ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Regierung zur Aféierung vun esou engem Projet zu Lëtzebuerg?

  2. Wier esou ee Projet och zu Lëtzebuerg ëmsetzbar?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4341

Online-Glécksspill

A senger parlamentarescher Fro n°853 krut den honorabelen Deputéierte Marc Spautz deemools geäntwert, datt Glécksspiller, déi vun engem anere Land aus als legal Aktivitéit bedriwwe ginn, net kënnen zu Lëtzebuerg verbuede ginn (“Ainsi, les jeux offerts sur Internet à partir de pays où l’activité est légale ne peuvent être prohibés”).  Dëst bedeit, datt all Online-Glécksspillubidder aus dem Ausland säin Internetsite zu Lëtzebuerg ubidde kann, ouni Garantien ze ginn, wien den Ubidder ass a wou d’Suen, déi hei agesat ginn, am Endeffekt hifléissen. Et bedeit och, datt dës Online-Glécksspillfirme keng Steieren op hier Aktivitéiten op eisem Territoire bezuelen. D’Ministesch bestätegt an der Äntwert op meng Fro n°3317, dass d’Ubidde vun engem Geschécklechkeetsspill, souwuel physesch wéi och um Internet, keng Autorisatioun brauch. Des Weideren ass der Ministesch bekannt, dass hei am Land verschidden dubiéis Spillsäiten iwwer Glécksspillbornen a Caféen ugebuede ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Warnunge krut d’Cellule de Renseignement Financier (CRF) tëschent 2017 an haut, am Zesummenhang mat der Exploitatioun vun illegale Glécksspillbornen? Wéi vill dovunner sinn an enger Verurteelung geendegt?

  2. Zu wéi vill Verurteelunge koum et an de leschten 3 Joer wéinst Geldwäsch am Zesummenhang mat illegale Glécksspillbornen?

  3. Wéi vill Verurteelunge goufen am Laf vun deene leschten 3 Joer am Zesummenhang mat Geldwäsch duerch d’Exploitatioun vun illegale Glécksspiller um Internet? 

  4. Wéi vill Verurteelunge goufen am Laf vun deene leschten 3 Joer am Zesummenhang mat der Verletzung vu Konsumenterechter duerch d’Exploitatioun vun illegale Glécksspiller um Internet? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4331

Solardiecher iwwert den Autobunnen – eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg?

Am Kader vum Paräisser Klimaaccord mussen d’Zäregasemissiounen an den nächste Jore massiv erofgesat ginn. Konsequenterweis muss eis Gesellschaft dofir onbedéngt de Verbrauch vu fossille Ressourcen a kierzester Zäit reduzéieren an op laang Dauer evitéieren. Eng grouss Chance gëtt dobäi an Technologien wéi der Photovoltaik gesinn, fir d’Energiewend zu Lëtzebuerg, an Europa an op der ganzer Welt ze realiséieren. D’Photovoltaik kënnt aktuell virun allem op den Diecher vu Gebaier souwéi a spezielle Photovoltaikparken zum Asaz. Der Notzung vun der Energie sinn awer keng Grenze gestallt. Op der “Österreichische Fachtagung für Photovoltaik und Stromspeicherung” vum 3ten Dezember 2020 gouf d’Iddi presentéiert, fir Photovoltaikanlagen iwwert den Autobunnen z’installéieren. Wéi d’Plattform stern.de beriicht, kéinten esou an Däitschland pro Joer 57 Terrawattstonne produzéiert ginn. Dat entsprécht méi wéi 10% vum gesamten däitsche Stroumverbrauch. Wëssend, dass d’Terrainen an dësem Fall och schonn dem Staat gehéieren, wier et och relativ einfach, esou Anlagen op den Autobunnen opzebauen – natierlech ënnert der Berécksiichtegung vu sécherheetstechneschen Aspekter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéieren sech d’Ministeren zu der Iddi, flächendeckend Photovoltaikanlagen iwwert de lëtzebuergeschen Autobunnen z’installéieren?

  2. Ginn et scho konkret staatlech Projeten, déi an dës Richtung wëlle goen?  Falls net, schléissen d’Ministeren aus, dass de Staat an Zukunft an esou Projeten investéiere wäert?

  3. Wéi eng sécherheetstechnesch Aspekter misste bei esou engem Projet berécksiichtegt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4324

Verschwonne mannerjäreg Flüchtlingen – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°4107 hat ech opgrond vu Recherchen duerch ë.a. der brittescher Zeitung “The Guardian” nogefrot, wéi vill mannerjäreg Flüchtlingen zu Lëtzebuerg aus der Ophutt vum Staat verschwonne sinn. D’Ministeren hunn erkläert, dass 75 Mannerjäreger verschwonne sinn, éier d’Asyl-Prozedur lancéiert war, an dass 12 Mannerjärege verschwonne sinn, nodeems si hier Demande fir Asyl agereecht haten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mannerjäreg, déi wéinst enger Asyldemande virstelleg goufen oder dës schonn agereecht haten, goufe säit 2016 als vermësst gemellt, mee konnten duerno erëm fonnt ginn? Wéi vill vun dëse Kanner sinn eng 2te Kéier verschwonnen?

  2. Wat ënnerhëllt d’Regierung, fir d’Situatioun ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4310

Wann de Staat eng Saisie vum Firmekonnt mëscht

Vill Betriber waren an der Pandemie mat niddregen Ëmsätz a weiderlafende Käschte konfrontéiert. Si sinn dofir deelweis mam Bezuele vun hire Rechnungen a Verzuch geroden, och vis-à-vis vum Staat. An esou Fäll kann de Staat eng Saisie vum Bankkont decidéieren. Duerch d’europäescht Reglement vum Mee 2014 kann ee Staat souguer eng Saisie op auslännesche Bankkonten ufroen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Bankkonte vu personnes morales si säit Mäerz 2020 vum Staat wéinst net bezuelte Créancë saiséiert ginn (opgeschlësselt no Mount)? Wéi eng Verwaltunge respektiv Etablissements publics hunn dës Saisie lancéiert?  Wat war den héchste saiséierte Montant? Wat war den niddregsten? Wéi héischt waren d’Montanten an der Moyenne?

  2. Wéi vill Bankkonte vu personnes physiques si säit Mäerz 2020 vum Staat wéinst net bezuelte Créancë saiséiert ginn (opgeschlësselt no Mount)? Wéi eng Verwaltunge respektiv Etablissements publics hunn dës Saisie lancéiert?  Wat war den héchste saiséierte Montant? Wat war den niddregsten? Wéi héischt waren d’Montanten an der Moyenne?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4296

FRO.LU: Télétravail an der Fonction publique

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Oktober d’lescht Joer hat ech de Minister schonn eemol an enger dréngender parlamentaresch Fro op den Télétravail beim Staat ugeschwat. De Minister hat deemools an der Plenière erkläert, dass d’Chefs d’administrations vum Staat hiren Employéeën a Fonctionnairë bis zu 3 Deeg Télétravail kënnen erméiglechen, “do wou et Sënn mëscht”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech tëschenzäitlech eppes un de Virgabe fir den Télétravail geännert? Falls jo, wat fir Ännerungen huet de Ministère rausginn?

  2. Wäert d’Regierung den Télétravail an der Fonction publique och no der Covid-Kris bäibehalen, wëssend dass den Télétravail e.a. kann hëllefen, d’Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren?  Wäert et bei bis zu dräi Deeg bléiwen an deene Servicer, wou et Sënn mëscht?

Fro n°4280

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4280

Elektroautoen beim Staat

An der Äntwert op meng parlamentarescher Fro n°2621 hunn d’Ministere mir Zuelen iwwert d’Primm beim Kaf vun engem Elektroauto geliwwert. Viru Kuerzem goufen d’Konditioune vun der Primm elo geännert. Deemno gëtt elo bei der Vergab vun der Primm och de Verbrauch vum Elektroauto gekuckt, deen net méi iwwert 18kWh pro 100 Kilometer dierf léien. Doduerch gëtt verhënnert, dass ee fir déck Elektrosportskarrossen, déi vill ze ressourcëverbrauchend sinn, vun der Primm profitéiere kann. Elo ass et esou, dass d’Transitioun op d’Elektromobilitéit net nëmme bei de Privatleit soll gefërdert ginn, mee och de Staat mam gudde Beispill virgoe wëll. Wéi d’Ministere mir op meng Fro n°3746 geäntwert hunn, huet de Regierungsrot de Prinzip festgehalen, datt all neien Auto beim Staat ee rengen Elektroauto oder Plug-In-Hybrid muss sinn, ausser an Ausnamen. Wéi d’Ministere weider schreiwen, si vun 2202 Autoen am Fuerpark vum Staat nëmmen 91 reng Elektroautoen (also ronn 4%). Am Fuerpark vun der Regierung selwer befënnt sech aktuell een 100%-Elektroauto.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun den Elektroautoe vum Staat hunn ee Verbrauch vu manner wéi 18kWh/100km?

  2. Wéi héich ass de Verbrauch vum eenzegen 100%-Elektroauto aus der Flott vun der Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4227

Nohaltegkeet vum Wunnengsbau zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg befënnt sech an enger Penurie un erschwénglechem Wunnraum. Fir dëse Manktem u Wunnenge laangfristeg an de Grëff ze kréien, ass eng vun de Léisungen d’Offer vu Wunnengen an d’Luucht ze setzen. D’Baue vu Wunnunitéite stellt awer gläichzäiteg ee massiven Agrëff an d’Ëmwelt duer: Tonnen u Buedem mussen deplacéiert ginn, Fläche gi versigelt an d’Biodiversitéit op den Terrainen zerstéiert. An den ekologeschen Desaster hält net hei am Land op: de massive Verbrauch u Baumaterialien, wéi zum Beispill dem Bëtong, bréngt gravéierend Konsequenzen op d’Ëmwelt an d’Biodiversitéit an anere Regioune mat sech. Den “ZDF Magazin Royale” vum 9ten Abrëll 2021 beriicht, dass fir d’Produktioun vu Bëtong op Sand aus dem Mier zeréckgegraff gëtt. D’massiv Extraktioun vu Sand huet als Konsequenz, dass verschidde Küsteregiounen op der ganzer Welt récksiichtslos ausgebaggert ginn, wat fatal Konsequenzen op d’Flora a Fauna zur Folleg huet. Koralleriffer ginn zerstéiert, Mieresliewewiese verléieren hire Liewensraum an d’ekologescht Gläichgewiicht gëtt futti gemaach.  Verschidde Länner schaffen deels mat mafiéisen Organisatiounen zesummen, fir de Sand z’extrahéieren. Ronderëm d’Ressource huet sech eng mächteg a milliardeschwéier Industrie entwéckelt, déi net dovunner zeréckschéckt, Opponenten a Journalisten aus dem Wee ze rauen, wann dës iwwert hier illegal Aktivitéiten ze beriichte versichen. Deelweis gëtt Sand illegal an, wéi uewe beschriwwen, ouni Récksiicht op Ëmwelt ofgebuddelt. Dësen illegal geschöpfte Sand gelaangt dann iwwer Ëmweeër a Bedruchsmaschen op de fräie Maart, wou en dann mat legalem Sand vermëscht gëtt. Den Tracage ass gëtt onméiglech gemaach an et ass der Bauindustrie schlussendlech och oft egal, wou de Rouhstoff hierkënnt. Wann een sech dësem Hannergrond bewosst ass, da stellt sech eng ethesch Responsabilitéit. Eng illegal Offer muss jo schliisslech ëmmer nach eng Demande fannen. Et kënnt deemno och op den Importateur vu Bauressourcen un, deen d’moralesch Flicht huet, sécherzestellen, dass de Produit aus ethescher Hierkonft staamt.  Virun allem am sozialen an nohaltege Wunnengsbau stellt sech dann d’Fro, op een nach vu sozial an nohaltege Baute schwätze kann, wann ee weess, dass fir d’Mauere vum Logement ganz Naturgebidder an anere Länner zerstéiert goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Koalitiounsaccord vun der Regierung fënnt een zum Thema nohaltegt Bauen d’Iddi  vum Passeport des Matérieaux erëm: “Le processus de la TIR a permis de développer une vision plus holistique des  bâtiments en y intégrant à côté des énergies renouvelables et de l’efficacité énergétique, des aspects supplémentaires tels que la durabilité, l’économie circulaire et la santé. Afin de pouvoir appliquer cette philosophie plus holistique dans le secteur luxembourgeois de la construction, et plus particulièrement y mettre en place les principes de l’économie circulaire, une plateforme nationale de matériaux sera mise en oeuvre qui permettra de répertorier, enregistrer et stocker les informations sur les matières premières, ainsi que l’introduction d’un système de « passeports de matériaux ». (Säit 191) ” Wéi wäit ass d’Regierung mat der Ëmsetzung vun dëser Iddi? Ginn d’Donnéeë vun dësem Pass zentraliséiert zesummegedroe ginn, fir esou Modeliséierung iwwert de genauen Ëmweltimpakt vum Bausecteur hei am Land kënnen z’erstellen?  Gëtt heibäi och den Impakt vun der Gewënnung vun de Ressourcë mataberechent?

  2. Kann bei aktuelle Bauprojeten hei am Land ausgeschloss ginn, dass Sand aus illegalem Ofbau a Bauprojete verwäert gëtt, a wéi gëtt séchergestallt, dass Baumaterialien, wéi Sand, hei am Land aus nohaltegen Ursprong stamen?

  3. Wéi vill CO2 gëtt beim Bau vun neie Wunnunitéiten am Duerchschnëtt hei am Land ausgestouss • pro Quadratmeter Wunnfläch? • pro Wunnunitéit? Wat sinn d’Gesamt Co2-Emissiounen, déi all Joer hei am Land duerch de Bau vun neie Wunnunitéiten entstinn?  Besëtzt d’Regierung iwwerdeems konkret Moossungen, wéi vill CO2-Emissiounen d’Produktioun vu Bëtong pro Joer zu Lëtzebuerg beusprocht?

  4. Et existéieren Alternativen zum Bëtong, bei deenen een d’Hierkonft an d’Wäertketten besser kontrolléiere kéint. Op myenergy.lu steet geschriwwen, dass ee bei der Wiel vu Baumaterialie liicht Konstruktioune virzéie sollt, virun allem aus Holz.  • Wéi eng Alternativen existéieren aktuell hei am Land zu Bëtongsbauten?  • Wéi ginn dës vun der Regierung ënnerstëtzt?  • A wéi vill Wunnengen hei am Land sinn an de leschten 10 Joer ganz ouni den Asaz vu Bëtong gebaut ginn?

  5. Am Klima-an Energieplang (PNEC) widmet ee groussen Deel vu senger Analyse der Energieeffizienz vu Wunnengen an och wéi Ressourcen am Beräich vun der Energie kënnen agespuert ginn. Wéi eng Sektioune vum PNEC gi konkret op de Problem vun net-nohaltëge Ressourcen am Bauwiesen an, a wéi eng Léisungsvirschléi proposéiert d’Regierung fir ze verhënneren, dass eis Logementer op Käschte vun der Ëmwelt an anere Länner gebaut ginn?

  6. Gi bei staatleche Bauten (Fonds du Logement, Gemengen, etc.) Baukrittäre festgeluecht, bei deenen d’Liwwerketten noverfollegt ka ginn?

  7. A Frankräich gouf de 6ten Abrëll den Amendement n°7012 gestëmmt, dee virgesäit, datt ab dem Joer 2028 mindestens 25 Prozent biosourcéiert Materialie bei ëffentleche Bauprojeten a Renovatioune musse benotzt ginn. Bewäert d’Ministesch dës Piste och fir Lëtzebuerg als interessant a wäert d’Regierung een änleche Wee aschloen, wéi Frankräich?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4225

Politesch motivéiert Strofdoten zu Lëtzebuerg

An Däitschland huet de Bundesinneminister dës Woch d’Statistike vum Bundeskriminalamt (BKA) iwwert politesch motivéiert Strofdote virgestallt. Deemno gouf 2020 een neien Héchststand arescht bei de Strofdoten aus dem rietse Spektrum. 44692 Strofdote goufe vun der Police festgehalen, 23604 dovu riets motivéiert an 10971 lenks. Et goufe méi Strofdote mat antisemitteschem (+15,7%) an auslännerfeindlechen Hannergrond (+72,4%) festgestallt. De BKA stellt fest, dass virun allem am Beräich Digitalisatioun muss geschafft ginn. Esou musse besser Systemer geschaaft ginn, fir mat digitale Spueren ëmzegoen, sou de President vum BKA. Och den Haass am Netz, géigeniwwer privat Persounen awer och géigeniwwer Mandatsdréier, gëtt zu engem ëmmer méi grouss Problem. An engem rezente Lëtzebuerger Land Artikel (30.04) erklären eng Réi Lëtzebuergesch Politiker, dass den Haass am Netz ee Grond fir si war, sozial Medien net (méi) ze notzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung an dësem Kontext Zuelen zu de politesch motivéierte Strofdoten zu Lëtzebuerg 2020 nennen (opgeschlësselt no politescher Richtung)?  Falls jo, wéi präsentéieren sech dës Zuele par Rapport zu de Joren 2019 an 2018?

  2. A wéi ville Fäll, war d’Police 2020 mat Strofdote beschäftegt, déi ausschliisslech an engem digitale Kader stattfonnt hunn?

  3. A wéi ville Fäll war d’Police 2020 mat Strofdote beschäfteg, déi sech deelweis an engem digitale Kader ofgespillt hunn?

  4. Bei wéi ville Fäll huet d’Police 2020 op digital Beweiser zréck gegraff (an absolutten Zuelen an a Prozent) ?

  5. Erkennt d’Regierung och zu Lëtzebuerg een Trend zu méi politesch motivéierte Strofdoten?

  6. Wéi vill Strofdoten, déi sech géint staatlech Ariichtungen, politesch Amts- a Mandatsdréier geriicht hunn, goufen an deene leschte 5 Joer festgestallt (opgeschlësselt no Joer) ?

  7. Falls d’Regierung zu enger oder méi vun dëse Froen keng Ugabe ka maachen, well d’Donnéeë feelen, wéi gedenkt d’Regierung dës Lächer an der Datebank ze fëllen?

  8. Wéi schätzt d’Regierung rietsextrem an auslännerfeindlech Tendenzen zu Lëtzebuerg an? Gesäit d’Regierung d’Gefor, dass extremistesch Tendenzen an Zukunft kéinten zouhuelen?

  9. An Däitschland iwwerwaacht de Verfassungsschutz rietsextrem Aktivitéiten. Gëtt et eng änlech Kontroll zu Lëtzebuerg?

  10. Klicksafe, eng däitsch Initiativ déi Internet-Notzer soll eng kompetent a kritesch Notzung vum Internet am Optrag vun der EU-Kommissioun ginn, huet schonn 2017 gewarnt, dass rietsextrem Gruppéierungen d’sozial Medien notzen, fir Haass am Netz ze verbreeden. Wat ënnerhëlt d’Regierung, fir d’Biergerinnen a Bierger iwwert rietsextrem Positiounen opzeklären an och ze schützen, dëst am Internet awer och ausserhalb?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4223