Questions parlementaires
Quelleschutz bei Kommunikatiounen mat Journalisten
Am Kontext vun der Pressefräiheet spillt de Schutz vu journalistesche Quellen eng zentral Roll. Journaliste mussen drop vertraue kënnen, datt hir Kommunikatiounen (Messagen, E-Mails, Notizen, etc.) net einfach esou kënne vum Staat gekuckt oder ausgewäert ginn. Dëst gëllt och, wann d’Journaliste selwer net Objet vun enger Enquête sinn. Rezent Diskussioune weisen, datt et hei Onkloerheete gëtt, wéi wäit d’Justiz an esou Fäll dierf goen. Rezent Aussoen aus der Branche, notamment vum President vun der Association luxembourgeoise des journalistes professionnels (ALJP) um Radio 100,7, weisen drop hin, datt de Schutz vu Journalisten zu Lëtzebuerg nach ausbaufäeg ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Dierf d’Justiz an enger Enquête d’Kommunikatioun mat Journaliste liesen a saiséieren , wann se dës op engem Handy, PC oder sos schrëftlechen Dokumenter bei der enquetéierter Persoun fënnt?
Ënner wéi enge Konditioune kann d’Justiz Zougang zu Kommunikatioune vu Journalisten (E-Mails, Messagen, Telefonsdaten) kréien, wann dës selwer net bedeelegt an engem Dossier sinn?
Ass de Quelleschutz fir Journaliste genee esou streng gereegelt, ewéi bei de Kommunikatiounen tëschent Affekoten an hire Clienten?
QP Nummer 4066
