Questions parlementaires
Avantages financiers et réalisations régionales de la Ville de Differdange en tant que Centre de développement et d’attraction (CDA)
D’Gemeng Déifferdeng ass am Programme directeur d’aménagement du territoire (PDAT) als Centre de développement et d’attraction (CDA) d’importance régionale klasséiert. Duerch dëse Statut gëtt d’Awunnerzuel vun der Gemeng am Kader vun der Berechnung vum Fonds de dotation globale des communes (FDGC) ëm 5 % erhéicht. Dëst féiert zu enger méi héijer finanzieller Dotatioun am Verglach mat enger Gemeng, déi net vun dësem Status profitéiert. Als CDA huet d’Gemeng deemno eng regional Verantwortung a sollt net nëmmen déi eege Gemeng entwéckelen, mee och wichteg Infrastrukturen, Déngschtleeschtungen an Ariichtunge fir d’Awunner aus den Nopeschgemengen ubidden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill zousätzlech finanziell Mëttel huet d’Gemeng Déifferdeng duerch säi Statut als CDA an duerch d’Majoration vu 5% vum FDGC fir all eenzelt Joer vun 2017 bis 2026 kritt?
Wéi eng Infrastrukturen an Ariichtungen huet d’Gemeng Déifferdeng zënter 2017 realiséiert, gebaut, renovéiert oder ausgebaut, déi net nëmmen der Gemeng, mee och den Awunner aus de Nopeschgemengen an der Regioun zeguttkommen? Kann d’Regierung eng Oplëschtung mat der Bezeechnung vum Projet, dem Joer vun der Realisatioun, den Investitiounskäschten an dem regionalen Notzen zur Verfügung stellen? Ginn et Donnéeën dozou, a wéi engem Mooss dës Angeboter och vun Awunner aus anere Gemenge genotzt ginn?
Wéi eng Déngschtleeschtungen stellt Déifferdeng am Kader vu senger Roll als CDA zur Verfügung, notamment an de Beräicher Kultur, Sport, Mobilitéit, Bildung a sozial Infrastrukturen? Kann d’Regierung eng Oplëschtung mat der Bezeechnung vum Projet, dem Joer vun der Realisatioun, den Investitiounskäschten an dem regionalen Notzen zur Verfügung stellen? Ginn et Donnéeën dozou, a wéi engem Mooss dës Angeboter och vun Awunner aus anere Gemenge genotzt ginn?
Gëtt vum Staat kontrolléiert oder evaluéiert, ob déi betraffe Gemengen hir regional Funktioun als CDA och tatsächlech erfëllen? Falls jo, wéi eng Evaluatioune goufen an dësem Zesummenhang fir Déifferdeng duerchgefouert?
Sinn déi zousätzlech finanziell Mëttel, déi eng Gemeng duerch den CDA-Statut kritt, u Krittäre gebonnen, fir dës Suen an Infrastrukturen an Déngschtleeschtunge mat engem regionalen Notzen ze investéieren? Kann d’Regierung erklären, wéi séchergestallt gëtt, datt dës Suen net ausschliisslech der Gemeng zeguttkommen, mee och e Méiwäert fir déi ganz Regioun an d’Nopeschgemengen entsteet?
QP Nummer 5179
