Connect with us

Chambre des Députés

RTL: 9 Muffele goufe bei privater Juegd am Februar geschoss

No der Schounzäit (nom 15. Abrëll) gëtt dann eng administrativ Juegd organiséiert, bei där et sech awer net wäert ëm eng Klappjuegd handelen.

Virun engem Mount, samschdes, den 29. Februar, hat et op engem Juegdlous bei Iechternach eng Privatjuegd op Muffele ginn – déi Déieren, déi jo an de Bëscher fir eng ganz Partie vu Schied un de Planzen suergen.

Bei dëser Juegd goufen 9 Muffele geschoss. Dat preziséiert d’Ministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Nofro vum Marc Goergen vun de Piraten.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Marc Goergen

Weider ass et d’Remark, datt no dëser privater Juegd, net weider op d’Muffele geschoss ginn ass. Souwisou wier zanter dem 1. Mäerz bis de 15. Abrëll eng Schounzäit am gaangen. No dësem Datum da wäert eng administrativ Juegd ofgehale ginn, dat awer net fir all d’Muffelen ze schéissen, mä fir koherent mat den Ofschosszuele vum Plan de Tir ze sinn.

Dës staatlech Juegd ass och keng Klappjuegd, mä gëtt exklusiv vum Usëtz an op der Pirsch duerchgefouert, fir d’Déieren ze schéissen.

D’Optioun vum Afänken an also Net-Schéissen, bleift och bestoen, mä wier mat ville Schwieregkeete verbonnen, heescht et weider an der Äntwert vun der Ëmweltministesch.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert