Questions parlementaires
Asaz vun Tropenholz um Fond-de-Gras
Een Tageblatt-Artikel vum 19ten Oktober hat den Asaz vun Tropenholz bei den CFL thematiséiert, wou d’Nohaltegkeet vum Holz net konnt nogewise ginn. A menge parlamentaresche Fro n° 4181, 4410 an 5060 war ech och schonn op dëst Thema agaangen. Am Fonds-de-Gras zu Péiteng gouf een hëlzent Trapepodest mat Tropenholz gebaut, an de Kulturminister huet hei geäntwert, dass heifir Moabiholz aus enger PEFC-Zertififéierung genotzt gouf. Och wann d’Verwende vu Moabiholz legal ass an eng PEFC-Zertifizéierung virläit, bleift d’Fro, ob et aus ekologescher an ethescher Siicht ze rechtfäerdegen ass, datt de Lëtzebuerger Staat bei engem ëffentleche Bauprojet op eng Bamzort zeréckgräift, déi vun der IUCN als vulnerabel agestuuft gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann de Kulturminister erklären, wéi eng alternativ Materialien ënnersicht goufen an aus wéi enge techneschen an ekologeschen Grënn dës Optiounen net geholl goufen?
Wäert d’Regierung sech dofir anzesetzen, datt bei zukünftege staatleche Bauprojeten op Holz vu bedrote Bamzorte verzicht gëtt, soulaang et technesch an ekologesch sënnvoll Alternative gëtt?
Wäert d’Regierung an Zukunft weider op Tropenholz setzen, fir Bauprojeten hei am Land ze realiséieren?
QP Nummer 5216
