Chamber
Reaktioun vun de Piraten op déi nei Covid-Gesetzer
7694 Nouvelles mesures COVID
Här President,
Mir sinn eis awer hoffentlech hei bannen alleguerten eens, dass et wichteg ass,
dass gezielten a logesch Mesure getraff ginn,
fir den Infektiounstaux erof ze kréien,
a soumat eise Gesondheetssystem ze schützen.
Dass mir alleguer eppes ënnerhuele mussen ass kloer.
Mee dem Projet, deen d’Regierung eis virgeluecht huet,
feelt et op eenzele Punkten, u Koherenz a Logik.
Schoulkantinne bleiwen op,
awer Betriebskantinne ginn zou.
Et muss een a ville Beräicher Ofstand halen,
Persounen op klengem Raum reduzéieren,
mee laut dem neie Gesetz, net am ëffentlechen Transport.
Elleng däerf ee keng Ronne méi an der ëffentlecher Schwemm schwammen,
mee eng ganz Schoulklass kann zesummen an d’Waasser hopsen.
Elo wär de Moment gewiescht,
D’Ausgangsspär eraus ze huelen,
dat géing eis Police entlaaschten,
déi och Personalproblemer an der Pandemie huet.
Wéi solle mir elo nach serieux de Leit,
déi nei Moossnamen erklären?
D’Leit fir Verständnis froen?
Wéi soll de Bierger , deen nu mol des Gesetzer all Dag liewe muss, verstoen, wat Regierung sech beim Text geduecht huet?
Sport ausserhalb vun der Schoul,
dat geet quasi net méi,
mee dass déi selwecht Kanner wou moies zu enger Villzuel de Sport zesumme gemaach hunn,
dierfen sech Mëttes net méi gesinn
fir sech bei den Hausaufgaben ze hëllefen oder
hirem Fräizäitsport no ze goen. Do feelt D´Logik.
Mee et ass awer och jidderengem an der Bildung bewosst: Kanner kennen nëmmen an der Schoul gutt sinn,
wann den Ausgläich duerno stattfënnt.
Fir d’Regierung ass et wichteg,
dass d’Eltere kenne weider schaffen.
Ausser d‘Eltere schaffen an der Restauratioun,
besetzen e Kino, schaffen an der Kultur oder am Fitnessstudio.
Da sollen se doheem bleiwen,
an de Betrib elo mol forcéiert zou maachen.
Do kann een sech wierklech Froe stellen,
op hei net laut Regierungsmeenung,
alles Soziales a Kulturelles soll agestallt ginn,
awer de Mënsch nach wieder wei eng Maschinn schaffe soll?
Haaptsaach d’Rad vum Geld dréint.
Schaffen,
an nëmmen net sech mat Aktivitéiten entspane kennen,
Do komme mir an ee ganz bedenkleche Gesellschaftsmodell.
Mir Pirate stellen eis déi Fro,
a mir hoffen och aner Deputéiert hei bannen,
wei mir duerno aus de neie Gesellschafts-Gewunnechten
erëm eraus kommen?
Restriktiounen a Verbueter goufen an der Vergaangenheet schonn oft agefouert, an dann net méi opgehuewen,
Antiterrorgesetzer mat Aschnëtter an d’Privatsphär,
sinn do de beschte Beispill.
Mir als Gesellschaft mussen immens virsiichteg sinn,
wie wäit mir ginn.
D’Kultur wäert mat dësem Gesetz leider gestoppt ginn,
Theater dierf net méi optrieden,
also Acteure vun enger fräier oppener Welt
dierfen net optrieden.
Eis kritesch a piratesch Meenung zu de Reliounen ass bekannt,
Elo kennt et awer, wat fir eis Piraten total onverständlech ass:
Wat d’Regierung opléisst am neie Gesetz,
ass dass Gotteshäisser, nenne mir se mol esou,
wieder dierfen hiren Theater spillen,
dat ass eng Formule aus dem Mëttelalter fir déi eis Regierung sech entscheet huet, an déi 3 Majoritéitsparteien haut hei stemme wäerten.
Dem Theater, a soumat der fräier Meenungsäusserung sot dir mam Vott: NEE,
awer Reliounen dierfe wieder viru Leit optrieden.
Dat ass rengen Aktionismus,
bedenklechen Aktionismus souguer.
Här Präsident,
Komme mir zur Horesca, obwuel vill Betriber an de leschte Méint vill Suen an ee Konzept gestach hunn,
fir d’Sécherheet vun hire Clienten duerch genuch Ofstand, eng gutt Belëftung an Trennwänn ze garantéieren,
ginn si elo nees gezwongen zouzemaachen.
An dat nodeems déi lescht Méint scho vill Geschäftsleit un hier finanziell an och emotional Grenze bruecht hunn.
HORESCA Federatioun sot gëscht richteg,
si sinn ausgenotzt ginn als Testlabo a mussen
elo d Rechnung bezuelen.
Mir Piraten hu viru Méint scho gefrot,
fir de Letzshop drop vir ze bereeden,
dass Restauratioun och kënnt elo iwwert dee Wee den take away oder Liwwerung organiséieren,
esou hätt Regierung kënne schnell der HORESCA hëllefen,
si kennen digital fit maachen,
hire Betrib oprecht erhalen.
Mee och do, elo kennt Fermeture fir Restauranten,
awer Letzshop huet nach keng Léisung bereet.
E weidere Feeler.
Komme mir elo zur Schoul,
gleeft een dem Minister,
ass d´Schoul quasi eng Zone mat Schutzschëld géint de Virus.
Och wann schonn, bal kee méi am Land, dat gleeft.
De Bildungsminister betount gären, dass d’Schoul quasi net déi Plaz ass, wou d´Leit sech och géifen ustiechen.
Mee do kann een awer da Fro stellen,
wei et mam Transport an d’Schoul ass?
Allgemeng, och bei den Erwuessenen,
wien seet,
dass déi Fäll wou een net weess;
wou eng Infektioun war,
net zum Deel aus dem Transport kommen?
Mir Piraten hate viru Wochen an der Santéskommissioun ee Punkt ugeschwat,
fir Chrëschtvakanz ze verlängeren,
fir esou Infektiounen iwwert Chrëschtdag a Silvester net direkt duerno wieder ze ginn,
mee sech eng natierlech Quarantän ze ginn
vun 10 Deeg no Neijoer.
Well egal wei eng Gesetzer,
mir bezweifelen,
dass sech d´Leit wäerte Chrëschtdag un nei streng Gesetzer halen,
nee se wäerten déi Zäit an der Famill genéisse wëllen.
Nach ass et net ze spéit,
fir eis Propose vun der verlängerter Vakanz op ze gräifen,
just fréi genuch der Educatioun Bescheed soen,
net erëm Last Minute.
Esou Moossname géinge méi bréngen,
wei eng Ausgangsspär.
Mee an der Meenung vun der Regierung:
an de Schoulen,
an am ëffentlechen Transport gëtt et jo kee Problem.
Schmäerzhaft soen d´Leit schonn,
fir sech ze treffen,
kënnt een einfach gratis am Bus oder Zuch duerch d’Land fueren,
do ka ganz Famill sech gesinn.
Just den Desinfektiounsgel muss ee selwer matbréngen.
Zeréck zu dem Commerce,
Mécht een elo HORESCA Zou,
feiert dat och zu Abousse bei anere Geschäfter an der Ëmgéigend souwéi de Liwweranten,
der Landwirtschaft, de Wënzer a ville weideren.
Mir Pirate wëllen dofir ze bedenke ginn, wéi wichteg et ass och deene klenge Commercen,
déi elo nach weider wäerten ophunn,
och finanziell iwwert d’Ronnen ze hëllefen.
Wa mir net wëllen, dass no der Pandemie just nach e puer grouss Marken de Maart dominéieren,
Dofir ass et wichteg, dass mir Projete wéi den 7703,
an deem spezifesch Aiden fir de Mëttelstand virgesi sinn,
esou séier wéi méiglech op den Ordre du jour setzen a stëmmen,
Här President,
Zum Ofschloss, a wei gëscht an der Kommissioun gesot,
ass Zäit haut net esou knapp gemooss,
komme mir mol op dee bestëmmte Punkt am Gesetz,
wou déi mannste Famillje verstinn, well dee Punkt Familljen diskriminéiert.
an zwar dee fir nëmmen 2 Leit doheem dierfen ze empfänken.
Sécherlech mat de gréissten Aschnëtt an dem privat Liewen.
Eng Reegel wou ouni Logik opgesat ginn ass:
well se net wéi an anere Länner,
seet een Haushalt,
also Leit wou een all Moment Kontakt hunn,
wat fir eis déi besser Wiel gewiescht wär,
a wou fir mir eis och agesat hunn an der Santéskommissioun.
Huele mir dat einfacht Beispill vun der Famill zu 4 wou d´Grousselteren op Besuch kommen, dat geet,
awer déi selwecht 4 dierfen net bei d Grousselteren heem,
Egal wei, 4+2 oder 2+4 ass ëmmer 6 an ëmmer de selwechten Inflatiounsrisiko.
Mir brauche e bessert Mobilitéitskonzept,
wat et de Leit erlaabt och um Wee fir ob d’Aarbecht
oder an d’Schoul hier Distanzen anzehalen.
———
Et ass dach esou absurd, eng Motioun vun déi Lenk, iwwregens vu leschter Woch, muss emol erreecht an der Kommissioun diskutéiert ginn, ier eng Léisung kennt,
do kënnt een elo mengen do stoung vun de Kolleegen eng Weltreform dran, ma nee.
Et war just gefrot Desinfektiounsmëttel am ëffentlechen Transport un ze bréngen.
Eigentlech schonn eng Schan a Blamage, dass eng Oppositiounspartei muss de Minister op esou eng banal Moossnam opmierksam maachen.
Bis haut, ass nach ëmmer keng Moossnam geholl.
———-
Mir brauchen eng Léisung fir d‘Grandes Surfacen, wou et zwar eng Limitatioun vun engem Client pro 10qm gëtt,
mee trotzdeem net verhënnert gëtt, dass sech d’Leit fir ee Mantel oder eng nei Spillkonsol iwwert d’Féiss falen
Déi Fro no der Kontroll,
hunn ech dunn och gestallt an der Sécherheetskommissioun, ma do gëtt drop gewaart , dass d’Grand Surface urifft, also wie wann ee géing uruffen, kommt ech verkafe grad ze vill.
Gesetz huet do ee een grousst Laach, wat Grande Surface ugeet, D’Leit verdeelen sech schliisslech net reegelméisseg.
Lokal Konzentratiounen ginn duerch déi aktuell Reegelungen nach net ausgeschloss.
Wisou net Kanner eraus huelen aus dem Gesetz?
lauschtert een den Argumenter vun dem Educatiounsminister no fir d’Schoulen, kënnt een eng Ännerung maachen,
dass Kanner am Gesetz erreicht ab 12 Joer betraff sinn.
Et wären esou vill Méiglechkeete ginn,
fir Familljen net ze diskriminéieren,
mee nee,
Regierung ass Stuer op hirer falscher Formel vun
2 Leit bléiwen an net op den Haushalt iwwergaangen.
Dir maacht Iech awer als Majoritéitsparteien, mat esou Manövere kee Gefalen,
well geet Akzeptanz erof vun dem Gesetz, da ginn d’Infektiounen erop.
Här Präsident,
zum Schluss,
Mir brauchen e bessert Mobilitéitskonzept,
wat et de Leit erlaabt och um Wee fir ob d’Aarbecht
oder an d’Schoul hier Distanzen anzehalen.
———
Et ass dach esou absurd, eng Motioun vun déi Lenk, iwwregens vu leschter Woch, muss emol fir d’éischt an der Kommissioun diskutéiert ginn, ier eng Léisung kennt,
do kënnt een elo mengen do stoung vun de Kolleegen eng Weltereform dran, ma nee.
Et war just gefrot Desinfektiounsmëttel am ëffentlechen Transport un ze bréngen.
Eigentlech schonn eng Schan a Blamage, dass eng Oppositiounspartei muss de Minister op esou eng banal Moossnam opmierksam maachen.
Bis haut, ass nach ëmmer keng Moossnam geholl.
———-
Mir brauchen eng Léisung fir d‘Grandes Surfacen, wou et zwar eng Limitatioun vun engem Client pro 10qm gëtt,
mee trotzdeem net verhënnert gëtt, dass sech d’Leit fir ee Mantel oder eng nei Spillkonsol iwwert d’Féiss falen
Déi Fro no der Kontroll,
hunn ech dunn och gestallt an der Sécherheetskommissioun, ma do gëtt drop gewaart , dass déi Grand Surface urifft, also wie wann ee géing uruffen, kommt ech verkafe grad ze vill.
Gesetz huet do een ee grousst Laach, wat Grande Surface ugeet, D’Leit verdeelen sech schliisslech net reegelméisseg.
Lokal Konzentratioune ginn duerch déi aktuell Reegelungen nach net ausgeschloss.
Wat mir awer net brauchen,
ass eng Ausgangsspär,
vun där den Notze bis elo net bewise konnt ginn.
just bewise gouf den enormen Opwand, se ze kontrolléieren.
Eng Ausgangsspär wou de Minister vergiess huet, ee Formular auszeschaffen,
dass d’Leit, sief et fir schaffen ze fueren,
oder nach méi schlëmm,
CGDIS fir op en Asaz,
net musse wichteg Zäit verléieren an enger Kontroll.
Mir schwätzen hei vun enger entscheedender Beschneidung vun eise Grondrechter,
Mir hätten dëse Gesetzesprojet kéinten notzen,
fir e Feeler reckgängesch ze maachen.
Här President,
Wann d’Mesuren an och d’Kommunikatioune vun der Regierung net koherent sinn,
wéi sollen dann d’Leit dobaussen déi Reegele verstoen oder nach besser, déi akzeptéieren?
Esou laang mir kee logeschen Text hunn,
een Text deen den aktuelle Problemer koherent Mesuren entgéint stellt,
kennen d’Piraten hiren Accord net ginn.
Mir Pirate wäerten dëse Projet dofir net matstëmmen.
Merci.