Moria Spendenaktioun

Version française en bas.

D’Pirate lancéieren eng Spendenaktioun fir de Léit op Lesbos ze hëllefen.

Duerch d’Feier am Camp vu Moria hunn vill Flüchtlingen déi souwisou bal näischt méi haten, och nach hire lëschte Besëtz verluer. Mir Pirate wëllen hëllefen a bidden Iech un bei eiser Moria Aktioun matzemaachen.

Wéi funktionéiert dat ganzt:

  1. Dier kaaft een Moria-Package bei eis am Shop op piraten.lu (https://www.piraten.lu/produkt/moria-package/
  2. Ee Package kascht 30€ (Dir kënnt och méi ginn) a besteet aus enger Mask an enger Taass. 100% vun de Recettë gi benotzt, fir de Léit op der Insel Lesbos Schong a Strëmp ze kafen. Domat kritt Dir ee klenge Merci fir är Spend an d’Suen ginn integral weider un eis Partner-ONG. D’Piraten hale keen Euro vun dëse Suen!
  3. Déi gespente Sue ginn a Schong a Strëmp investéiert, déi op Lesbos geschéckt ginn.
  4. Op Lesbos ginn dës vun der ONG Boderline Europe* an Empfang geholl. Si verdeelen d’Saachen da weider un d’Léit, déi se am dringendste brauchen

*Ee Wuert zur ONG mat der mir zesumme schaffen:

 Boerline Europe ass eng däitsch ONG, déi 2007 gegrënnt gouf. Si hunn Büroen zu Berlin, Palermo a Lesbos. 2012 krut d’Organisatioun den Aaachener Friedenspräis Iwwerrescht.

Säit 2015 sinn si op Lesbos aktiv, wou si de Léit, déi do ukommen hëllefen. Si bidden, ënnert anerem, Coursen am Engleschen an am Griicheschen un an hëllefen de Léit hier Papéiren an d’Réi ze kréien. Méi Infoen zu Boderline Europe fannt dir ënnert: https://www.borderline-europe.de 

Les pirates s’engagent pour aider les réfugiés sur l’île de Lesbos !

Suite aux feux qui ont détruit le camp Moria, les réfugiés ont perdu leurs dernières possessions. Nous voulons aider et nous vous invitons à participer à notre action. Comment pouvez-vous participer ?

  1. Vous achetez un Moria Package dans notre online shop https://www.piraten.lu/produkt/moria-package/
  2. Un Package coûte 30 Euro (vous pouvez donner plus) et contient un masque et une tasse, offerts par les Pirates. Les pirates ne gardent pas, même pas en partie, vos dons !
  3. Avec ces dons nous achetons des chaussettes et chaussures qui sont livrés directement à Lesbos.
  4. Sur place l’ONG Borderline Europe va accueillir les vêtements et les distribuer auprès des réfugiés.

Quelques informations sur l’ONG avec laquelle on coopère :

Boderline Europe est une ONG allemande, crée en 2007, avec des bureaux à Berlin, Palermo et Lesbos. En 2012, l’organisation a reçu le prix de la paix de la ville d’Aixe-la-Chapelle. Depuis 2015, ils organisent sur l’île de Lesbos des cours d‘anglais et de grecque pour les réfugiés et leur aident à résoudre d’éventuels défis administratifs liés à leur demande d’asile. Plus infos sur: https://www.borderline-europe.de

RTL.lu: Och an der Fonction publique kee Recht op Teletravail

Mä wann et méiglech ass, kënnen 3 Deeg Teletravail d’Woch accordéiert ginn.

Den zoustännege Minister Marc Hansen huet e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber op eng urgent parlamentaresch Fro vum Pirat Marc Goergen geäntwert. Deen hat Prezisioune gefrot, nodeems de Premier e Samschdeg nees zu méi Teletravail opgeruff hat an dës Woch awer Staatsbeamten den Homeoffice refuséiert kritt hätten.

Et misst ee mat de Verwaltungscheffe kucken, wat méiglech ass. Teletravail wär op ville Plaze méiglech, op villen och net.

https://www.rtl.lu/news/national/a/1599323.html

Video + Ried – Thema: Huissier de Justice

Mir Pirate schütze jiddereen am Land! 💪

Merci fir déi vill Messagen no menger offener & éierlecher Ried an der Chamber. 🤩

Wei sinn deng Erfahrungen mam Dierwiechter? 🧐

Ech weess et ass net einfach driwwer ze schwätzen, ëmsou méi Respekt fir déi vill Messagen. #whistleblower

✍️ Thema: Huissier de Justice

Här Präsident, 

Haut diskutéiere mir iwwert eng kleng Ännerung am Gesetz ronderëm Dierwiechter, fir hinnen d’Aarbecht ze erliichteren. Beruffsgrupp vum Huissier de Justice huet per Gesetz d’Aufgaaben Riichterentscheedungen duerchzesetzen an offiziell Akten ze produzéieren. 

D’Leit hei am Land verbannen d’Aufgab vum Dierwierchter awer virun allem mat dem vum Geldandreiwer.  

Et ass déi Aufgab, déi bei de Léit am Land wuehl déi bekanntsten ass, wann den Dierwiechter virun der Dier steet a schellt fir Geld sichen ze kommen.  

Mir Piraten hannerfroen ganz kritesch, ob elo an enger Krisenzäit nach sollten Dierwiechter eraus bei de Bierger, déi aktuell villäicht selwer kee Salaire kréien oder soss finanziell Problemer hunn während dëser Kris.  

Weiterlesen

Expositioun vun doudegen Déieren am Casino-Lëtzebuerg?

An engem Bréif froen ech de Casino Lëtzebuerg ëm Informatioune ronderëm eng Konschtausstellung, an där scheinbar doudeg Déieren ausgestallt sinn.

20200327-Bréif-Piraten

Déi Dammen an Hären,

d’Zeitung L’essentiel beriicht an engem Artikel vum 8te Mäerz iwwert eng Konschtausstellung vun der Madamm Jung beriicht, déi an de Gebailechkeeten vum Casino-Lëtzebuerg ze gesinn ass.

Op dëser Ausstellung fannen sech eng sëllegen Konschtartikelen, déi, wéi op Fotoen z’erkennen ass, aus Déierekadavere bestinn.

Ech wollt an dem Zesummenhang den Aussteller gäre froen, ob et sech bäi den Ausstellungsstécker ëm richteg Déieren – respektiv Déierekadaveren – handelt. Falls jo:

  • Ëm wéi eng Déieren handelt et sech?
  • Vu wou kommen dës Déieren?
  • Wéi ass de Message vun der Kënschtlerin an dem Kontext ze verstoen? Wéi eng Roll spillen d’Déierekadaveren an dësem fräien Konschtkonzept a wat fir ee Message wëll d’Kënschtlerin dem Observateur mat op de Wee ginn?

 Ech géif mech op eng Réckmeldung Ärerseits freeën.

Mat frëndleche Gréiss,
Marc Goergen

Source: Facebook-Account vun der Ministesch fir Kultur

RTL: 9 Muffele goufe bei privater Juegd am Februar geschoss

No der Schounzäit (nom 15. Abrëll) gëtt dann eng administrativ Juegd organiséiert, bei där et sech awer net wäert ëm eng Klappjuegd handelen.

Virun engem Mount, samschdes, den 29. Februar, hat et op engem Juegdlous bei Iechternach eng Privatjuegd op Muffele ginn – déi Déieren, déi jo an de Bëscher fir eng ganz Partie vu Schied un de Planzen suergen.

Bei dëser Juegd goufen 9 Muffele geschoss. Dat preziséiert d’Ministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Nofro vum Marc Goergen vun de Piraten.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Marc Goergen

Weider ass et d’Remark, datt no dëser privater Juegd, net weider op d’Muffele geschoss ginn ass. Souwisou wier zanter dem 1. Mäerz bis de 15. Abrëll eng Schounzäit am gaangen. No dësem Datum da wäert eng administrativ Juegd ofgehale ginn, dat awer net fir all d’Muffelen ze schéissen, mä fir koherent mat den Ofschosszuele vum Plan de Tir ze sinn.

Dës staatlech Juegd ass och keng Klappjuegd, mä gëtt exklusiv vum Usëtz an op der Pirsch duerchgefouert, fir d’Déieren ze schéissen.

D’Optioun vum Afänken an also Net-Schéissen, bleift och bestoen, mä wier mat ville Schwieregkeete verbonnen, heescht et weider an der Äntwert vun der Ëmweltministesch.

Mise en place d’un fonds d’urgence à destination des très petites entreprises et des indépendants

https://guichet.public.lu/fr/entreprises/financement-aides/coronavirus/fonds-urgence-petites-entreprises-independants.html

Dans le contexte de la crise du Covid-19, la Direction générale des classes moyennes a mis en place un fonds d’urgence à destination des très petites entreprises et des indépendants.

Grâce à cette mesure, les entreprises de maximum 9 salariés et les indépendants qui sont en possession d’une autorisation d’établissement valable délivrée avant le 18 mars 2020 (réalisant un chiffre d’affaires annuel de minimum 15.000 euros et dont l’activité a dû être interrompue suite à l’entrée en vigueur du règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19) pourront introduire une demande pour bénéficier d’une aide financière immédiate et non remboursable de 5.000 euros.

L’objectif de cette mesure est d’apporter un soutien financier immédiat aux nombreuses entreprises de très petite taille ainsi qu’aux indépendants qui, bien que constituant une partie essentielle de notre tissu économique, sont généralement aussi les plus vulnérables face à des événements imprévisibles tels que le Covid-19.

A cet égard, il est important de préciser que l’octroi de cette aide se fait indépendamment du projet de loi qui complètera les instruments d’aides déjà existant.

https://guichet.public.lu/fr/entreprises/financement-aides/coronavirus/fonds-urgence-petites-entreprises-independants.html

Marc Goergen : rapporteur du rapport de l’Ombudsman

Les membres de la Commission des Pétitions ont chargé le député Marc Goergen (Piraten) de coordonner le suivi des recommandations du rapport d’activités 2018 de l’Ombudsman.  Il rédigera un rapport au nom des différents commissions parlementaires, en vue du débat d’orientation en séance publique. La volonté de la Présidente de la Commission des Pétitions Nancy Arendt (CSV) est d’organiser ce débat d’orientation avant la trêve estivale.

Les recommandations examinées en commissions parlementaires

Weiterlesen

D’Chamber preparéiert sech provisoresch ze plënneren

D’Chamber preparéiert sech provisoresch ze plënneren : et gëtt dru geschafft fir no Ouschteren am Cercel op der Place d’Armes zesummen ze kommen. Haut nach gëtt, wéint de Sëcherheetsofstänn, an op mannst 3 verschiddene Säll siégéiert. Fir d’Votte brauch sech kee méi ze deplacéieren : se sollen dës Kéier vun de Säll aus kënne gemaach ginn

D’Chamber preparéiert sech provisoresch ze plënneren

Info: www.chd.lu

Séances de la semaine

Mardi, 31 mars 2020 à 14:30

1. Projet de loi n°7532 Projet de loi relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique – Rapporteur : Madame Carole Hartmann
Temps de parole: modèle 1
2. Projet de loi n°7535 Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 25 mai 2011 relative à la chasse – Rapporteur : Monsieur François Benoy
Temps de parole: modèle de base
3. Projet de loi n°7396 Projet de loi portant approbation du Protocole n° 16 à la Convention de sauvegarde des droits de l’homme et des libertés fondamentales, fait à Strasbourg, le 2 octobre 2013 – Rapporteur : Monsieur Charles Margue
Temps de parole: modèle de base

Jeudi, 2 avril 2020 à 14:00

  1. Projet de loi n°7352 Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 18 avril 2001 sur les droits d’auteur, les droits voisins et les bases de données en vue de la transposition de la directive (UE) 2017/1564 du Parlement européen et du Conseil du 13 septembre 2017 sur certaines utilisations autorisées de certaines oeuvres et d’autres objets protégés par le droit d’auteur et les droits voisins en faveur des aveugles, des déficients visuels et des personnes ayant d’autres difficultés de lecture des textes imprimés et modifiant la directive 2001/29/CE sur l’harmonisation de certains aspects du droit d’auteur et des droits voisins dans la société de l’information – Rapporteur : Monsieur Claude Haagen
    Temps de parole: modèle de base
    2. Projet de loi n°7382 Projet de loi relatif à la rénovation et à la mise en conformité du Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains – Rapporteur : Monsieur Carlo Back
    Temps de parole: modèle de base
    3. Débat d’orientation n°7522 Débat d’orientation sur le financement des grands projets d’infrastructure réalisés par l’Etat – Rapporteur : Monsieur Carlo Back
    Temps de parole: modèle 1
    4. Projet de loi n°7536 Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 4 décembre 1990 portant organisation du service des huissiers de justice – Rapporteur : Monsieur Charles Margue
    Temps de parole: modèle de base