General
AE-IMM Mëndlech Fro
Am Kader vun den Enquêten iwwer Korruptioun bei der Direction générale de l’immigration hunn d’Police- an d’Justizautoritéiten, den Informatiounen aus der leschter Kommissiounssëtzung no, Kopië vun informatesche Systemer an hirem Contenu gemaach, dorënner d’Logfichieren aus dem System AE-IMM.
Dobäi gouf erkläert, datt d’Justizautoritéiten nach iwwer Logdonnéeë verfügen, déi beim CTIE mëttlerweil geläscht goufen.
Den Informatioune vum Inneminister no goufen net nëmmen d’Logfichiere vun de beschëllegte Persoune saiséiert, mee all d’Logfichiere vum ganze Ministère.
Domat wieren och Donnéeë vu Persounen an Dossiere betraff, déi net vun der Enquête viséiert sinn.
Den Artikel 4, Paragraphe 2, vum groussherzogleche Reglement vum 26te September 2008 gesäit vir, datt Journaliséierungsdonnéeën dräi Joer no hirer éischter Enregistréierung geläscht ginn, ausser wa si Objet vun enger Kontrollprozedur sinn.
Et stellt sech d’Fro, wéi dës Läschungsfrist mat de Bestëmmungen iwwer d’Saisie an d’Notzung vun informateschen Donnéeën, notamment den Artikelen 31 a 66 vum Code de procédure pénale, zesummespillt.
An deem Zesummenhang hu mir dës Froen gestallt:
- Ënner wéi enge Konditiounen erlaben d’Artikelen 31 a 66 vum Code de procédure pénale d’Saisie vun alle Logfichiere vun engem Ministère, och wann dës Donnéeë vu Persounen an Dossieren enthalen, déi net vun der Enquête viséiert sinn?
- Op wéi enger rechtlecher Grondlag kënnen déi saiséiert Logfichieren iwwer déi dräijäreg Späicherfrist eraus vun der Justiz gespäichert, ausgewäert an als Beweismëttel viru Geriicht benotzt ginn?
- Wéi gëtt bei der Auswäertung vun esou enger kompletter Kopie séchergestallt, datt nëmmen déi fir d’Enquête néideg Donnéeë benotzt ginn?
- Wéi eng Reegele gëlle fir den Zougang, d’Späicherung an d’Läschung vun de saiséierten Donnéeën, déi kee Bezuch zu den ënnersichte Faiten hunn?
Fro n°383
