Connect with us

Questions parlementaires

Gouvernance an Interessekonflikter op der Uni.lu

An der Sitzung vun der Chamberkommissioun (de l’Enseignement supérieur, de la Recherche et de la Digitalisation) vum 24te Mäerz 2026 goufe méiglech Interessekonflikter am Zesummenhang mat de wirtschaftlechen Aktivitéite vum President vum Conseil de gouvernance vun der Universitéit genannt. Dobäi geet et notamment ëm d’Partnerschafte vum Fuerschungszentrum SnT mat Firmen, wéi Hitec oder Lift Me Off (LMO), an deenen de President direkt oder indirekt bedeelegt war.  Dës méiglech Interessekonflikter decken sech komescherweis och mat der budgetärer Entwécklung vun der Uni a senge Fuerschungszentren, wéi meng parlamentaresch Fro n°4004 et weist. Tëscht 2023 an 2025 sinn d’Ausgabe vum SnT massiv geklommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Projeten a Firmen, an deenen de President vum Conseil de gouvernance vun der Universitéit een direkt oder indirekt Intressi hat oder nach huet, goufe wärend sengem Universitéitsmandat mat ëffentleche Gelder (vun der Universitéit oder Ministèren) finanzéiert?

  2. Kann d’Ministesch oplëschten, wéi eng Projeten den SnT (oder aner Fakultéiten a Fuerschungsinstituter) mat Hitec a Lift Me Off realiséiert huet a wéi eng Montanten un dës Firme bezuelt sinn? 

  3. Kann d’Ministesch d’Chronologie vun de Partnerschaften tëscht dem SnT an de Projete mat Hitec an LMO duerleeën an uginn, wéi eng Persounen op béide Säite fir d’Verhandlungen, d’Geneemegungen an d’Ënnerschrëfte vun de Kontrakter zoustänneg waren? 

  4. 1. Wéi gouf wärend där Period, an där de President vum Conseil de gouvernance vun der Universitéit och bis Juni 2023 als CEO vun Hitec täteg war, d’Trennung tëscht senge privaten an institutionelle Responsabilitéite garantéiert?  2. Kann d’Ministesch ausschléissen, datt de President vum Conseil de gouvernance virun der Kommissiounssitzung vum 24te Mäerz an iergendenger Weis an d’Verhandlungen tëschent der SnT an Hitec an LMO agewierkt huet?  3. Kann d’Ministesch bestätegen, datt de President vum Conseil de gouvernance an der Kommissiounssitzung vum 24te Mäerz 2026 d’Verhandlungen vun LMO dem Chief Technical Officer (CTO) an dem Chief Operational Officer (COO) zougeschriwwen huet an erkläert huet, datt dee selwechte Prinzip bei Hitec géif gëllen? 4. War dem Ministère bekannt, datt den CTO an den COO vun Hitec bis Juni 2023 direkt dem President vum Conseil de gouvernance vun der Universitéit als CEO ënnerstallt waren, wärend si Kontrakter mam SnT verhandelt hunn? 5. Hält d’Ministesch eng Delegatioun un den CTO an den COO fir eng ausräichend Garantie géint méiglech Interessekonflikter, wann dës Persounen, zum Zäitpunkt vun de Verhandlungen, dem CEO ënnerstallt waren, deen och President vum Conseil de gouvernance vun der Universitéit war?

  5. Wéi goufe bei de Projeten tëschent der Uni an den uewe genannte Firmen d’Notzung vu Personal, Material an Infrastrukturen, d’Rechter un de Fuerschungsresultater an eventuell finanziell Transferte vun der Universitéit souwéi vum Ministère de Tutelle bewäert a kontrolléiert?

  6. Tëscht 2023 an 2025 sinn d’Ausgabe vum SnT massiv geklommen an d’Uni huet seng finanziell Reserve massiv ugezaapt (50 Milliounen an 2 Joer). D’Ministesch erkläert an der Äntwert op meng virëg Fro n°4992: „Déi staark Erhéijung vun den Depensë beim interdisziplinäre Zentrum SnT an der Fakultéit FSTM kann een duerch déi staark extern Finanzéierung vun dësen Entitéiten erklären a stellen domat kee finanzielle Risiko fir d’Universitéit Lëtzebuerg duer.“ 1. Kann d’Ministesch opschlësselen, wéi eng Ausgaben beim SnT a fir FSTM extern finanzéiert goufen, wéi eng duerch de reguläre Budget a wéi eng duerch Reserven? 2. Wien huet bewäert, datt dës Ausgabenerhéijunge finanziell nohalteg sinn an u wéi eng Krittären kann d’Ministesch dëst behaapten? 3. Goufen zousätzlech intern Mëttele fir den SnT an FSTM genotzt (Reserven, de reguläre Budget) a falls jo, wéi vill?

  7. 1. Bei wéi enge Berodungen an Ofstëmmungen iwwer d’Budgeten, de Réckgrëff op d’Reserven, strategesch Mëttelen oder Partnerschaften huet de President vum Conseil de gouvernance sech wéinst senge wirtschaftlechen Interessen a méiglechen Interessekonflikter net bedeelegt?  2. Kann d’Ministesch fir déi concernéiert Decisiounen uginn, wéi dës Netbedeelegung dokumentéiert gouf a wien d’Sitzung fir dee Punkt geleet huet?  3. Goufen och Decisioune mat méiglechen indirekten Auswierkungen op déi concernéiert Entreprisen an dës Bewäertung abezunn?

  8. 1. Wien ass zoustänneg, fir e méiglechen Interessekonflikt vum President oder vun engem anere Member vum Conseil de gouvernance onofhängeg ze bewäerten an déi néideg Moossnamen duerchzesetzen?  2. Wéi gëtt dës Onofhängegkeet garantéiert, wann de Rektorat oder d’Direktioun vun engem Fuerschungszentrum eng Situatioun bewäerte soll, déi e Member vum Organ betrëfft, dat hir Aktivitéite kontrolléiert?  3. Wéi eng Verantwortung iwwerhuelen dobäi de Regierungskommissär an de Ministère de Tutelle? 4. D’Universitéit huet erkläert, datt d’Zesummenaarbechtskontrakter mat Firmen « exclusivement de la compétence du rectorat et du SNT » wieren. Kann d’Ministesch confirméieren, wien déi concernéiert Partnerschafte geneemegt huet, an hält si dës Geneemegungen an déi dobäi applizéiert Schutzmoossname fir ausräichend, fir eng onofhängeg Bewäertung vun de méiglechen Interessekonflikter ze garantéieren? 5. Ass d’Ministesch der Meenung, datt d’Reegele fir d’Verhënnere vun Interessekonflikter bei dëse Partnerschafte souwéi an de Rekrutement- a Promotiounsprozedure konsequent an no eenheetleche Krittären applizéiert ginn, och am Liicht vun de Fäll, déi am Artikel « Carambolage académique » am LAND vum 27te August 2026 beschriwwe goufen?

  9. De VIVES Inter-University Fund (VIVES IUF) huet seng Investitioun an LMO 2021 ausdrécklech mat der Zesummenaarbecht mam SnT verbonnen. De Fong krut am Joer 2024 ronn 5 Milliounen Euro vum Luxembourg Future Fund 2. 1. Wéi eng Moossname goufen ergraff, fir een Interessekonflikt am Zesummenhang mat de private finanziellen Interesse vum President vum Conseil de gouvernance vun der Universitéit a senger Firma LMO ze verhënneren?  2. Goufen dës Moossnahmen dokumentéiert oder schrëftlech iergendwou festgehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5208

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert