Questions parlementaires
Ausfall vu Microsoft-Déngschter an de Lëtzebuerger Schoulen
An Däitschland gëtt iwwer gréisser Stéierunge bei Microsoft-Déngschter wéi Outlook bericht. Am lëtzebuergesche Bildungsministère an och an de Schoule ginn op ville Plaze Microsoft-Produkter benotzt, dorënner Outlook, Teams a Microsoft 365.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
1. Sinn déi lëtzebuergesch Schoulen an d’Déngschter vum Educatiounsministère vun dësen Ausfäll betraff? Falls jo, wéi eng Schoulen an Déngschter si betraff a wéi laang daueren d’Stéierungen un? 2. Wéi eng alternativ IT-Léisungen stinn de Schoulen bei esou Ausfäll bereet, wann déi vu Microsoft ugebueden Déngschter ausfalen?
QP Nummer 5119
