Questions parlementaires
Kee Congé beim TICE
D’Ministesch huet mer an der Äntwert op meng Fro n°4811 bestätegt, dass beim TICE an de vergaangene Méint ëmmer nees geplangte Busfaarten op verschiddene Linnen ausgefall sinn. Fir de lafende Betrib ze garantéieren, hunn och misste Buschaufferen aus hire Congé zeréckkommen oder hire fräien Deeg geruff ginn. D’Ministesch huet heizou Follgendes geschriwwen: „Et ass ze bemierken, datt d’Unzuel vun de Réckriff direkt mam Stand vun de Krankmeldungenzesummenhänkt. Generell gëllt: Wat méi Krankmeldungen et gëtt, wat méi Réckriff néideg sinn, fir deBetribsoflaf an den ëffentlechen Transport sou gutt wéi méiglech oprechtzeerhalen. An de Méint Juni, Juli, August a September louch de Krankmeldungsstand tëschent 4 % a 6 % iwwer de Wäerter vum leschte Joer. Bei engem Bestand vun 316 Chaufferen entsprécht dëst rechneresch ongeféier 12 bis 19 zousätzlech krankgemellte Chauffere pro Dag, jee no Mount an op Basis vun der jeeweileger Referenz.“ D’Unzuel vun de Krankmeldungen ass awer nëmmen een Deel vun der Erklärung. Et muss ee sech och froen, firwat an de vergangene Méint esou vill Leit krank gi sinn. Den Taux d’absentéisme ass nämlech ee wichtegen Indicateur fir d’Wuelbefannen op der Aarbecht ze moossen, wéi ech schonns a menger Fro n°4531 ugemierkt hat. Notamment muss ee sech d’Fro stellen, ob d’Personaldecken beim TICE nach ausreechend ass, fir de lafende Betrieb an d’Wuehlbefannen an d’Gesondheet vun den Buschaufferen ze garantéieren. Wann d’Chaufferen sech net kënnen ausrouhen, dann huet dat een Impakt op hir Middegkeet an hir Gesondheet. Eng ähnlech Feststellung hunn ech schonn a menger virëger Fro n°1005 bei de Lokführer bei den CFL gemaach: „D’Roudeeg si virun allem do, fir dass d’Lokféierer tëschent hire Schaffwochen eng Paus aleeën, fir sech kierperlech a mental kënnen z’erhuelen. Manner Roudeeg bedeit manner Repos an doduerch méi Middegkeet, manner Leeschtungsfäegkeet an ee Risiko fir d’Gesondheet.“ Laut mengen Informatiounen ass et och beim TICE esou, dass déi betraffen Agenten dëst Joer vill fräi Deeg gestrach kruten an wéinst engem strikten Schichteplang dëst Joer hir Congésdeeg net dierfen eranhuelen, well keng Congésplazen disponibel sinn oder well si aus hirem accordéierte Congé zeréck schaffe komm sinn. Verschiddene Buschaufferen hunn nach keng 25 Deeg geholl, Anerer nach keng zwou Wochen um Stéck. Den Artikel 29 vum geännerte Gesetz vum 24ten Dezember 1985 fixant le statut général des fonctionnaires communaux verankert d’Recht op Congé. De geännerte Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux gesäit am Artikel 11 zwou Wochen um Stéck vir. D’Circulaire ministérielle n° 3744 vum 29te Oktober 2019, Punkt D, präziséiert, dass déi éischt 25 Deeg, also 200 Stonne bei Vollzäit, am Prinzip am lafende Joer mussen ugefrot an accordéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
1. Wéi huet sech d’Unzuel u Buschaufferen (Agenten am Fuerdéngscht) beim TICE zënter 2023 bis haut entwéckelt, opgelëscht pro Mount? 2. Wéi vill Buschaufferen hunn den TICE an dësem Zäitraum verlooss, a wéi vill goufen agestallt, jeeweils pro Mount?
1. Wéi vill Buschaufferen sinn an engem CDD agestallt ginn? 2. Wéi vill CDDen sinn net verlängert ginn?
1. Wéi vill Agenten am Fuerdéngscht hunn dëst Joer nach keng 25 Deeg Congé fir 2026 accordéiert kritt, am Sënn vun der Circulaire n°3744? 2. Bei wéi villen ass dat op refuséiert Demanden a feelend Congésplazen zeréckzeféieren?
Wéi vill Buschaufferen hunn dëst Joer nach keng zwou Woche Congé um Stéck geholl oder accordéiert kritt, wéi den Artikel 11 vum Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987 et virgesäit?
1. Wéi vill Agente sinn 2026 aus hirem accordéierte Congé zeréck schaffe komm, am Kontext vun den Artikelen 13 a 14 vum Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987? 2. Wéi vill Congésdeeg a -stonne sinn dovu betraff?
Wéi vill Buschauffere kréie bis Enn des Joers net déi 25 Congésdeeg oder déi zwou Woche Congé um Stéck?
Kréien dës Agenten nei Congésdatume proposéiert, fir de Congé bis den 31ten Dezember 2026 ze garantéieren, am Respekt vum Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987 souwéi der Circulaire n°3744? 1. Wa jo, wéi vill sinn dovu betraff, a wéi vill krute schonn nei Datume proposéiert? 2. Wann net, firwat net?
Den Artikel 4, Punkt 1°, vum Règlement grand-ducal vum 31ten August 2018 portant fixation des conditions et modalités d’un compte épargne-temps dans la Fonction publique communale gesäit den automateschen Transfert vun net gehollene Congésdeeg iwwer 25 Deeg eraus op de CET vir. Den Artikel 5, Punkt 1°, an den Artikel 12 vum Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987 betreffen déi éischt 25 Deeg bei längerer krankheetsbedéngter Absence. • Wat geschitt dogéint mat deenen éischte 25 Deeg, déi wéinst refuséierten Demanden oder Réckriff aus dem Congé net bis Enn des Joers kënne geholl ginn? • Kann de Ministère bestätegen, dass dës net verfalen? • Op wéi enger Rechtsgrondlag a bis wéini kënnen dës nogeholl ginn?
1. Wann den TICE d’Congésrechter nom Artikel 29 vum Statut an dem Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987 net ka garantéieren, wéi gedenkt de Ministère de tutelle ze reagéieren? 2. Wéi eng Kontroll- a Korrekturmoossname wäert en ergräifen an op wéi enger Rechtsgrondlag a bannent wéi engem Delai?
Wéi vill Stonne stinn aktuell insgesamt um CET vum Fuerpersonal am Kader vum Règlement grand-ducal vum 31ten August 2018?
Wéi vill Stonne ginn no aktueller Schätzung Ufank 2027 fir 2026 zousätzlech op d’CET vum Fuerpersonal iwwerdroen, geméiss Artikel 4 vum Règlement grand-ducal vum 31ten August 2018, opgeschlësselt no Hierkonft?
Wéi vill Stonne goufen 2021 bis 2025 am Kader vum Règlement grand-ducal vum 31ten August 2018 op den CET vum Fuerpersonal bäigeschriwwen an am selwechten Zäitraum duerch effektiv gehollene CET-Congé ofgebaut, jeeweils pro Joer an insgesamt?
Wéi vill Buschauffere feelen aktuell, fir de Service an d’Prise vum Congé am Respekt vum Règlement grand-ducal vum 21ten Oktober 1987 ze garantéieren?
QP Nummer 5063
