Questions parlementaires
Käschte vun der Publicitéitscampagne fir d’Klappjuegten
De 16te Oktober 2026 huet de Mobilitéitsministère zesumme mat der Sécurité routière an der Jeeërfederatioun nees eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Klappjuegdsaison ugekënnegt. Hei gëtt de Foussgänger a Vëlosfuerer aus Sécherheetsgrënn dovunner ofgeroden, wärend Klappjuegten an de betraffene Gebidder ënnerwee ze sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill huet dës Publicitéitscampagne insgesamt kascht, opgeschlësselt no Medium (Radio, Grafiken, etc.)?
Wie vun den bedeelegten Acteuren hat d’Initiativ geholl, fir dës Publicitéitskampagne ze starten?
QP Nummer 5155
