Questions parlementaires
Sanktiounen wéinst Middegkeet vun engem TICE-Chauffeur
An hirer gemeinsamer Äntwert vum 13te Februar 2026 op meng parlamentaresch Fro n°3493 hunn d’Ministeren op d’Fro vun Disziplinarmoossname bei Middegkeet follgendermoosse geäntwert: „Nee, de Chauffeur muss an de genannte Fäll net mat Disziplinarmoossnamen oder Avertissementer rechnen.“ An der Äntwert vum 9te Mäerz 2026 op d’Fro n° 3623 huet den Inneminister iwwerdeems präziséiert, dass e Gemengebeamte fir déi éischt dräi Krankheetsdeeg kee Krankeschäin (Certificat médical) brauch. An engem Fall beim TICE geet ervir, dass ee Beamten sech vu senger Schicht ofgemellt huet, well en sech wéinst kierperlecher Middegkeet net an der Verfaassung gespiert huet, fir de Bus ze fueren. De Beamte gouf awer, entgéint den Aussoe vun de Ministeren, wéinst onentschëllegtem Feelen sanktionéiert a krut een Deel vu sengem Loun gestrach. De Beamte waart zënter 6 Méint op eng Äntwert säitens de Ministeren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann den Inneminister bestätegen, dass den Agent an d’Personaldelegatioun per Bréifschreiwen iwwert dës Virfäll informéiert huet? Falls jo, firwat huet den Inneminister bis elo nach net op d’Bréiwer vum 12ten Januar a vum 13te Februar 2026 geäntwert a wéini kënnen den Agent an d’Personaldelegatioun mat enger schrëftlecher Äntwert rechnen?
Gouf de Fall vum betraffenen TICE-Agent vun de Ministeren iwwerpréift? Falls jo, wéini a wéini krut de Beamten eng Äntwert op seng Bréiwer? Kritt de Beamten de Montant vum gestrachene Loun zeréck? Falls nee, firwat net?
Wéi bewäert d’Regierung, op Basis vun den Äntwerten op d’QP n°3493 an n°3623, dass eng Absence wéinst Middegkeet als onentschëllegt Feehlen bewäert a sanktionnéiert gouf an ee Beamten dowéinst een Deel vu sengem Traitement ofgezu krut? A wéi enge Fäll ass d’Ofwiesenheet wéinst Middegkeet an enger Zäitspan, wou kee Krankeschäi muss gefrot ginn, ee Grond fir eng Sanktioun?
Wéi wäert den Inneministère a senger Roll als Ministère de tutelle op dëse Fall reagéieren?
QP Nummer 5138
