Connect with us

Motiounen

Méi flexibel Umeldungsreegele fir Familljen a Verwandter

Context:

Interpellation n°4196 : Mesures pour contrer la crise du logement

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • déi héich Wunnkäschten hei am Land erschwéieren et ville Familljen, fir eng passend Wunneng kënnen ze lounen oder ze kafen;
  • zousätzlech dozou interpretéieren verschidde Gemengen d’Gesetz vum 20ten Dezember 2019 ënnerschiddlech a leeën a Gemengereglementer nach méi strikt Reegelen fest betreffend der Beleeung an den Umeldungen, wat et Familljen oft zousätzlech erschwéiert, fir eng passend Wunneng kënnen ze lounen oder ze kafen;
  • d’Zesummeliewe vu Familljen a Verwandten sollt net mat der kommerzieller Sous-Locatioun gläichgesat ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Reegelen fir d’Umeldung vu Familljememberen a Verwandten aus dem selwechte Stot ze flexibiliséieren an individuell familiär Situatiounen besser am Gesetz souwéi de Gemengereglementer ze berücksichtegen.
  2. zesumme mat de Gemengen an dem CGDIS harmoniséiert Reegelen auszeschaffen, déi an all Gemeng gëllen an déi fundamental Sécherheetsufuerderungen beim Wunnen net ofschwächen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert