Connect with us

Motiounen

Steierlech Unerkennung vu Loyeren ënner dem Maartpräis

Context:

Aktualitéitsstonn n°4897 iwwert d’Wunnengskris

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • vill Proprietairë si bereet sinn, fir hir Wunneng zu engem méi niddrege Loyer ewéi dem Maartpräis ze verlounen;
  • d’Cour administrative hat am Urteel 53709C vum 28ten Abrëll 2026 ee konkrete Fall tranchéiert, wou bannent enger Famill ee méi bëllege Loyer steierlech vun der Steiervewaltung bestrooft gouf, well hei net de Maartpräis vum gefrot gouf;
  • d’Decisiounen an d’Bewäertungen vun der Steierverwaltung (ACD) hunn eng direkt Auswierkung dorobber, wéi vill Loyer ee Proprietaire vu sengem Locataire freet;
  • dës Approche vun der Steierverwaltung, fir d’Loyeren nom Maartpräis ze bewäerten an ze besteieren, découragéiert Proprietairen, fir méi gënschteg Loyeren ze froen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. gesetzlech kloerzestellen, datt bei enger tatsächlecher a korrekt dokumentéierter Verlounung am Prinzip nëmmen deen effektiv agehollene Loyer besteiert gëtt.
  2. der d’Steierverwaltung kloer Uweisungen ze ginn, dass si bei der Bewäertung vum Loyers-Akommes um Wunnengsmaart sech net op d’Maartpräisser stëtzt an dozou bäidréit, fir gënschteg Loyeren (z.B 10€ pro Quadratmeter) z’erméiglechen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert