Connect with us

Chambre des Députés

Bréif un de Chamberspresident: Doleance iwwert d’Informatiounspolitik an d’Notzung vum Huis Clos an de Kommissiounen

Här President,

heimadder wëll ech meng Onzefriddenheet a mäin Onmutt ausdrécken mat der Aart a Weis vun der Informatiounspolitik an de Chamberskommissiounen. 

An enger Kommissiounssitzung fir Verdeedegung hunn d’Deputéiert, ënnert Geheimhaltung (huis clos), Informatiounen iwwert d’Akeef vu der NATO presentéiert krut. D’Deputéiert dierfen deemno net oppen iwwert déi hei presentéiert Informatiounen kommunizéieren. 

Et ass dann iwwerraschend, dass an engem RTL Kloertext déi Verantwortlech esou Informatiounen verzielen, déi nach e puer Deeg virdrun ënnert Geheimhaltung waren. 

Et wierkt, wéi wann ee vu Regierungssäit net wéilt, dass d’Deputéierten, grad aus der méi kritescher Oppositioun, hir Opklärungsaarbecht solle maachen.


Dëst ass awer wichteg, an engem Dossier, deen de Staat iwwert déi nächst Joerzéngten Milliarde wäert kaschten. 

 

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert