fbpx
  • Questions parlementaires

    Wéi gutt ginn Déierenziichter kontrolléiert?

    D’Zuucht vun souwéi den Handel mat Déieren sinn zu Lëtzebuerg gängeg Methoden fir Suen ze verdéngen. Déierenziichter vun hei oder aus dem Ausland bidden op Internetbörsen verschidde Sorten vun Déieren un, vun Hënn, iwwer Kaazen bis Goldfësch. D’Präisser reechen, je no Déier, vun e puer Euro fir e Fësch bis zu e puer dausenden Euro fir een Rassenhond. Wee mat dëser Handelsaktivitéit Sue verdéngt ginn, misst dat normalerweis och als Kommerz deklaréieren. Um Internet oder a klenge Foren existéieren mëttlerweil awer esou vill vun deenen Déierentauschbörsen, dass een sech d’Fro ka stellen, op all d’Déierenziichter an all Déierenhändler déi néideg Autorisatiounen fir dëse Kommerz besëtzen. D’Déiereschutzgesetz vun 2018 geseit a…

  • Questions parlementaires

    Earth Overshoot Day: wou steet Lëtzebuerg?

    D’NGO Global Footprint Network huet dëst Joer de 29te Juli als Äerdiwwerlaaschtungsdag (Earth Overshoot Day) confirméiert. Dat ass den Dag, un deem d’Mënschheet all Ressourcen op der Äerd verbraucht huet, déi normalerweis fir ee Joer missten duergoen. Ab dësem Dag gëtt consideréiert, dass d’Mënschheet hir Ressourcen op Kredit bezitt, dëst op d’Käschte vun eiser Natur an eise Kanner a Kandskanner. No den Donnéeë vun der Website overshootday.org huet Lëtzebuerg schonn de 16ten Februar seng Ressourcë verbraucht, wat 5 Deeg no Katar ass an ee Mount virun den USA. Dëst heescht, dat wa jiddereen op der Äerd esou géif liewe wéi Lëtzebuerg, dass d’Ressourcë schonn de 16te Februar opgebraucht wären. An…

  • Questions parlementaires

    Gesiichtserkennung mat VISUPOL?

    Mir wollten vum Minister fir Bannenzeg Sécherheet wëssen, ob am Kader vum VISUPOL eng Gesiichtserkennungssoftware agesat gëtt. Hei ass eis Fro: Am Kader vum Ausbau vum Iwwerwaachungssystem VISUPOL stellen sech gewësse Froen zu de Mëttelen, déi dëser Iwwerwaachungstechnologie zu Dispositioun gestallt ginn. Iwwerwaachungskameraen zeechnen nämlech net nëmme Biller op, mee kenne mat verschiddene Softwaren genau d’Identitéit vun enger Persoun identifizéieren.  An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen: Leeft iwwert de Programm vum Visupol eng Gesichtserkennungssoftware? Falls jo, mat wéi engen Donnéeën gëtt d’Gesichtserkennung bedriwwen? Greift de Programm vum Visupol am Kader vun der Iwwerwaachung op iergenwelch Datebankenvum Staat zou? Falls jo, wéi eng sinn dat?  Wou sinn d’Daten,…

  • Questions parlementaires

    Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS

    Am Februar hate mir bei der Inneministesch nogefrot, wou d’Indemnitéiten fir Fräiwëlleger vum CGDIS bleiwen. Mir goufen informéiert, dass nach ëmmer Onreegelméissegkeete bei den Iwwerweisungen vum CGDIS virkommen. Dofir hu mir der Ministesch nach eng Kéier e puer Froe gestallt. Hei ass d’Fro: A menger parlamentarescher Fro n°429 haat ech d’Madamm Ministesch iwwert d’Ausbezuele vun den Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS befrot. An hirer Äntwert hat si deemools geschriwwen, d’Ausbezuele vun der Indemnisatioun vun 1€/Stonn fir d’Permanence géif am Enn Abrëll ausbezuelt ginn. Wéi verschidde Fräiwelleger mir awer beriicht hunn, krute si eréischt am Mee hir Indemnisatiounen ausbezuelt. Doriwwer eraus ass, mengen Informatiounen no, d’Nobezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz vun 2018 nach…

  • Questions parlementaires

    Nofro zur Besteierung vu Fluchhafenaktivitéiten

    Op eis Fro, ob d’Regierung Wëlles huet Kerosin ze besteieren, krute mir nawell e puer Äntwerten. Mir wollten awer nach weider Detailer zu der Regierung hirer Strategie fir de Findel kréien. Hei ass eis Nofro. Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit, Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung & Wirtschaft weiderzeleeden. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°780 huet d’Regierung hir Positioun iwwert d’Besteierung vu Fluchreesen erkläert, ouni sech dobäi op eng konkret Mesure festzeleeën. D’Regierung verweist op d’Siche vun enger europäescher Solutioun. D’Regierung erkläert weiderhin “datt d’Externalitéiten vun de verschiddenen Transportmëttele solle korrekt berücksichtegt ginn…

  • Questions parlementaires

    Firwat gëllt d’Tempolimitt 90 bei Hëtztwellen och fir Elektroautoen?

    Mir hunn der Regierung d’Fro gestallt, ob dat aktuellt Gesetz iwwert d’Tempolimitt bei héijen Ozonwäerter net misst iwwerschafft ginn. Hei ass eis Fro: Här President, Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit & Energie weiderzeleeden. Bei héijen Temperaturen am Summer ass et gängeg, dass d’Tempolimitt op den Autobunnen op 90km/h reduzéiert gëtt, wann d’Ozonwäerter de Schwellewäert vun 160 Mikrogramm iwwerschreiden. Dëst ass och am Artikel 156 Punkt 3 vum Code de la Route festgehalen. Etüden no soll eng Reduzéierung vun der Geschwindegkeet den Ausstouss vu gëftege Gaser, dorënner de NOX3, bemierkbar reduzéieren. D’Benotze vun Elektroautoen geet…

  • Questions parlementaires

    Enn vun Windows 7

    De 14. Januar 2020 wäert de Support fir d’Betribssystem Windows 7 stoppen. Ab dësem Moment wäerten dem Endnotzer vu Windows 7 keng Sécherheetsupdaten méi zur Verfügung gestallt ginn. Organisatiounen, déi speziell Firmelizenze kaaft hunn, kënnen dogéint weider ee Support kréie, wann d’Organisatioun dëse Service bezilt. An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen: Opgelëscht pro Ministère, op wéi ville Computeren ass aktuell ee Windows 7 Betribssystem installéiert? Op wéi ville vun dëse Computere gëtt Windows 7 nach benotzt?  Besëtzt d’Regierung fir d’Joer 2020 eng Alternativ zu de Windows 7 Lizenzen? Falls jo, wéi ee Betribssystem wäert d’Regierung asetzen? Wéi vill kascht d’Ersetze vun alle Windows 7 Lizenzen? Falls…

  • Questions parlementaires

    Nofro: Social Media Accounts vu Ministeren

    Facebook, Twitter, Instagram. Vill vun de Ministerinnen a Minister sinn op Social Media aktiv. Mer hunn de Staatsminister gefrot, wéi d’Benotzung vu Social Media ënnerhalb vun der Regierung gereegelt ass. An der parlamentarescher Fro n°633 hat ech de Premierminister a Minister fir Kommunikatioun a Medie gefrot, wéi d’Deelen oder d’Publizéiere vu Werbung op Social Media ënnerhalb der Regierung gereegelt ass. De Premierminister huet doropshin op den Artikel 78 vun der Konstitutioun verwisen, dee beseet, dass d’Ministere fir hir Aktioune responsabel sinn. Och wann juristesch gesinn d’Akte vun de Ministeren domadder eng Base légale hunn, ass domadder net meng zweet Fro beäntwert, ob all Regierungsmember seng Werbung och selwer verwalt. An…

  • Questions parlementaires

    Eng Fro zu eiser Kannerbetreiung

    Elteren hunn et net einfach zu Lëtzebuerg. Engersäits wëll d’Regierung, dass jiddereen an engem Stot schaffe geet. Op der anerer Säit schränken d’Auerzäite vun de Crèchen d’Elteren immens an. Net jidderee schafft 8h00-17h00! Mir brauchen eng Kannerbetreiung, déi méi laang wéi 19h00 op huet. Mir wëlle vun der Regierung wëssen, wéi et weidergeet: An de leschte Joren huet d’Regierung eng sëlleche Schrëtt ënnerholl fir d’Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg méi accessibel ze maachen. D’Famillje goufe finanziell entlaascht andeems d’Kannerbetreiungsstrukturen (Crèchen, Maisons relais, Foyer du Jour) duerch Bäihëllefe vum Chèque Service Accueil (CSA) méi abordabel gemaach goufen. Des Weidere steigt d’Unzuel u Betreiungsstrukturen konstant, wat et ëmmer méi Elteren erlaabt Gebrauch vun dëse Servicer ze maachen. …

  • Questions parlementaires

    Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

    An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Marc Goergen : Eng Réi parlamentaresch Ufroen an Däitschland hunn opgeworf, dass déi däitsch Bundesregierung sech iwwert de Bundesnachrichtendienst een Accès op Sproochassistenten a Privatstéit verschafe kann, ob Alexa, Siri  oder Google. Verschidde Sproochassistenten zeechnen net nëmmen d’Befeeler op, déi de Besëtzer him gëtt, mee lauschteren permanent ouni Zoustëmmung d’Ëmgéigend of. Falls dës Methodik wouer ass, handelt et sech ëm een déiwen…