US-Dronenugrëff am Iran: war Lëtzebuerg iwwer d’SES mat bedeelegt?

De Verdeedegungsminister huet der Entwécklung vun der Satellitenindustrie an de leschte Joren eng wichteg Roll zoukomme geloos, wouduerch d’Satellitekommunikatioun ee wichtege Pillier vun der militärescher Entwécklung vun eisem Land ginn ass. Och am Koalitiounsaccord huet d’Regierung sech d’Maitrise “des technologies satellitaires et de communication” op de Fändel geschriwwen.

Allerdéngs ass den Asatz vun der Satellitentechnologie immenz ëmstridden. Wéi d’Tageblatt an engem Artikel vum 9. Januar 2020 schreift, ass bekannt, dass deen zu Lëtzebuerg usässege Satellitenbedreiwer SES iwwert seng Duerchtergesellschaft “SES Government Solutions”mam US-Militär an hirem Militärdrohnenarsenal zesummeschafft. Virun e puer Deeg huet d’US-Militär mat esou enger Militärdrohn een Attentat op den iranesche Generol Qasem Soleimani verübt, wat den Ausseminister selwer an engem Wort-Artikel vum 9.1.2020 als “lamentabel an terrifiant” bezeechent huet. 

Den Informatiounen vum “Recueil des participations directes, établissements publics et groupements d’intérêts économiques de l’état”no besëtzt de lëtzebuergesche Staat 12,60% (ronn 72 Milliounen Euro) Undeeler bei SES. Iwwerdeems bedreift de lëtzebuerger Staat zesumme mat der Firma SES de GovSat-1-Satellit, dee virun allem fir militäresch Zwecker agesat gëtt. De Verdeedegungsminister gëtt op ww.100komma7.lu zitéiert

ouni dës Ausgaben hätt Lëtzebuerg seng Engagementer vis-à-vis vun der NATO, wat d’Militärausgaben ugeet, net kënnen anhalen.

No engem Beriicht op NDR.de aus dem Joer 2014 ginn d’Drohnenugrëffer vum US-Militär iwwert d’US-Militärbasis zu Ramstein an Däitschland gelenkt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann déi lëtzebuergesch Regierung versécheren, dass Lëtzebuerg a kenger Aart a Weis, direkt oder indirekt, um Drohnenuschlo vun den USA am Iran bedeelegt war? 
  2. Kënnen d’Ministeren zu 100% ausschléissen, dass Material an/oder Servicer benotzt goufen, fir dësen Uschlo ze realiséieren, déi a Verbindung mat enger Firma stinn, un där de lëtzebuergesche Staat Undeeler besëtzt?

Fluchverbuetszon am mëttleren Osten

No den Onrouen am Iran/Irak, wëlle mir vum Minister wëssen, ob och d’Cargolux de Loftraum fir de Moment sollt vermeiden.

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit & Verdeedegung weiderzeleeden.

Nodeems an de leschten Deeg Rakéite vum iraneschen Territorium aus fortgeschoss goufen, huet d’US Federal Aviation Administration ugekënnegt, dass bis op Weideres keng amerikanesch Cargofligere méi dierfen iwwert den iraneschen an irakesche Loftraum fléien. 

Och d’Cargolux ass geschäftsméisseg am iraneschen an irakesche Loftraum ënnerwee.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wäert de Minister, änlech wéi d’USA, bis op Weideres een Iwwerfluchverbuet fir zu Lëtzebuerg registréiert Cargofligeren am Iran an am Irak ausspriechen? 
  2. Wéi begrënnt de Minister seng Entscheedung?

Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?

No den Attacken op zwee Tanker am Golf vum Oman, huet den Här Aarbechts- a Sportsminister Dan Kersch Stellung op de soziale Medie geholl an duergestallt, dass hien net mat Krichshandlunge géint den Iran averstane wär. Hei schreift hien, dass hien sech vu Lëtzebuerg erwaart, am Fall vun engem Krichsszenerio ënnert kenger Form an dësem ze intervenéieren.

D’Decisioun, fir an enger Konfliktsituatioun ze intervenéieren, gëtt awer an dem Fall net vum Här Aarbechts- a Sportminister decidéiert, mee op Basis vum Gesetz vum 27. Juli 1992 “relative à la participation du Grand-Duché de Luxembourg à des opérations pour le maintien de la paix (OMP) dans le cadre d’organisations internationales” getraff, wou de Regierungsrot d’Entscheedungsfäegkeet zougeuerdent kritt.

An dem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Besëtzt d’Regierung iergendwellech Informatioune vum SREL oder vun auslännesche Geheimdéngschter, déi eng Interventioun säitens Lëtzebuerg legitiméiere géifen? Hat den Aarbechts- a Sportminister een Abléck an esou Dokumenter oder huet hien a sengen Aussoen op Presseartikele reagéiert?
  2. Wollt den Här Aarbechts- a Sportminister mat sengen Aussoen Afloss op ee Ministère ausüben, fir deen hien net kompetent ass? Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung
    géigeniwwer dem Här Minister Kersch sengen Aussoen, dass hien am Fall vun enger Interventioun vu Lëtzebuerg, säin Amt nidderleeë wëllt? Consideréiert d’Regierung dës
    Ausso als eng Aart Erpressung?
  3. Wéi fiabel schätzt d’Regierung d’Aussoe vum NATO-Partner USA, och en vue vun den deemolegen Aussoe virum Irak-Krich?
  4. Wäert d’Regierung, am Fall vun engem eventuelle Krisenzeenario, wéi den Här Aarbechtsminister en duerstellt, am nächste Regierungsrot eng Decisioun treffen? Géif d’Regierung, Stand haut, een NATO- oder EU-Engagement an der Regioun ënnerstëtzen?
  5. Den Aarbechts- a Sportminister hat och nach d’Ausso gemaacht “den vun den USA ugefachten Irak-Krich, den noofolgenden Syrien-Krich mat all sengen Konsequenzen huet Europa immens geschued.”
    a. Deelt d’Regierung dem Aarbecht- a Sportminister seng Opfaassung, dass de Syrien-Krich eng Konsequenz vum Irak-Krich ass?
    b. Gesäit d’Regierung d’USA an der Matschold am Syrien-Krich?
  6. Gouf, am Kader vum Besuch vum russesche Premierminister zu Lëtzebuerg, d’Situatioun a Syrien an am Iran thematiséiert?
    a. Falls jo, wéi eng Inhalter goufen zu dësem Sujet beschwat?
    b. Huet Russland an deenen Diskussioune versicht d’Regierung vun der russescher Positioun ze iwwerzeegen?

Update 16. Juli 2019. An hiren Äntwerten op eis Froen, geet d’Regierung net weider op de PR-Stunt vum Här Aarbechtsminister an. D’Ministere verweisen drop, dass der Regierung hir Positioun kloer wär. Mir Pirate constatéieren: esou kloer huet dat am Facebook Post vum Minister Kersch net ausgesinn.