Connect with us

Questions parlementaires

Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?

No den Attacken op zwee Tanker am Golf vum Oman, huet den Här Aarbechts- a Sportsminister Dan Kersch Stellung op de soziale Medie geholl an duergestallt, dass hien net mat Krichshandlunge géint den Iran averstane wär. Hei schreift hien, dass hien sech vu Lëtzebuerg erwaart, am Fall vun engem Krichsszenerio ënnert kenger Form an dësem ze intervenéieren.

D’Decisioun, fir an enger Konfliktsituatioun ze intervenéieren, gëtt awer an dem Fall net vum Här Aarbechts- a Sportminister decidéiert, mee op Basis vum Gesetz vum 27. Juli 1992 „relative à la participation du Grand-Duché de Luxembourg à des opérations pour le maintien de la paix (OMP) dans le cadre d’organisations internationales“ getraff, wou de Regierungsrot d’Entscheedungsfäegkeet zougeuerdent kritt.

An dem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Besëtzt d’Regierung iergendwellech Informatioune vum SREL oder vun auslännesche Geheimdéngschter, déi eng Interventioun säitens Lëtzebuerg legitiméiere géifen? Hat den Aarbechts- a Sportminister een Abléck an esou Dokumenter oder huet hien a sengen Aussoen op Presseartikele reagéiert?
  2. Wollt den Här Aarbechts- a Sportminister mat sengen Aussoen Afloss op ee Ministère ausüben, fir deen hien net kompetent ass? Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung
    géigeniwwer dem Här Minister Kersch sengen Aussoen, dass hien am Fall vun enger Interventioun vu Lëtzebuerg, säin Amt nidderleeë wëllt? Consideréiert d’Regierung dës
    Ausso als eng Aart Erpressung?
  3. Wéi fiabel schätzt d’Regierung d’Aussoe vum NATO-Partner USA, och en vue vun den deemolegen Aussoe virum Irak-Krich?
  4. Wäert d’Regierung, am Fall vun engem eventuelle Krisenzeenario, wéi den Här Aarbechtsminister en duerstellt, am nächste Regierungsrot eng Decisioun treffen? Géif d’Regierung, Stand haut, een NATO- oder EU-Engagement an der Regioun ënnerstëtzen?
  5. Den Aarbechts- a Sportminister hat och nach d’Ausso gemaacht „den vun den USA ugefachten Irak-Krich, den noofolgenden Syrien-Krich mat all sengen Konsequenzen huet Europa immens geschued.“
    a. Deelt d’Regierung dem Aarbecht- a Sportminister seng Opfaassung, dass de Syrien-Krich eng Konsequenz vum Irak-Krich ass?
    b. Gesäit d’Regierung d’USA an der Matschold am Syrien-Krich?
  6. Gouf, am Kader vum Besuch vum russesche Premierminister zu Lëtzebuerg, d’Situatioun a Syrien an am Iran thematiséiert?
    a. Falls jo, wéi eng Inhalter goufen zu dësem Sujet beschwat?
    b. Huet Russland an deenen Diskussioune versicht d’Regierung vun der russescher Positioun ze iwwerzeegen?

Update 16. Juli 2019. An hiren Äntwerten op eis Froen, geet d’Regierung net weider op de PR-Stunt vum Här Aarbechtsminister an. D’Ministere verweisen drop, dass der Regierung hir Positioun kloer wär. Mir Pirate constatéieren: esou kloer huet dat am Facebook Post vum Minister Kersch net ausgesinn.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert