Connect with us

Questions parlementaires

Chineesesch Technologien bei der Arméi

DER SPIEGEL beriicht an engem Artikel vum 10ten November 2026, dass d’Bundeswehr aus Sécherheetsgrënn keng chineesesch Drone méi an hire Kasären an op hiren Übungsplazen asetzt. Et besteet de Risiko, dass dës Drone sensibel Donnéeën, Biller vun de Militärinstallatiounen oder Informatiounen iwwer Waffesystemer un auslännesch Autoritéite weiderginn. D’Bundeswehr huet och Restriktioune fir Autoe vu chineeseschen Hiersteller agefouert, well déi agebaute Kameraen a Sensoren eng méiglech Gefor fir d’militäresch Sécherheet duerstellen. A menger Fro n°3583 war ech schonn drop agaangen, dass och a Polen de Verdeedegungsministère et verbueden huet, fir chineesesch Gefierer an der Géigend vu militäreschen Infrastrukturen ze benotzen oder ze parken. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Sécherheetsmoossname besti bei der Lëtzebuerger Arméi, fir ze verhënneren, dass  Donnéeën duerch chineesesch Technologien (Smartphones, Smartwatches, Autoen, Computerchips, Kameraen, Sensoren, etc.) gesammelt an weidergeleet ginn?

  2. Ginn et bei der Lëtzebuerger Arméi Restriktioune fir d’Benotzung vun Technologië vu chineeseschen Hiersteller an der Ëmgéigend an op den Terraine vu militäreschen Infrastrukturen a Servicer?

  3. Wéi bewäert d’Verdeedegungsministesch d’Sécherheetsrisiken an d’Risike fir Spionage duerch chineesesch Technologien an der Arméi? 

  4. Existéieren europäesch oder NATO-Reegelen zum Asaz oder Präsenz vu chineeseschen Technologië bei der Arméi?

  5. Wéi eng Positioun ënnerstëtzt déi Lëtzebuergesch Regierung op europäeschem Niveau an dëser Fro?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5156

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert