Connect with us

Chambre des Députés

Video + Ried – Thema: Huissier de Justice

Mir Pirate schütze jiddereen am Land! 💪

Merci fir déi vill Messagen no menger offener & éierlecher Ried an der Chamber. 🤩

Wei sinn deng Erfahrungen mam Dierwiechter? 🧐

Ech weess et ass net einfach driwwer ze schwätzen, ëmsou méi Respekt fir déi vill Messagen. #whistleblower

✍️ Thema: Huissier de Justice

Här Präsident, 

Haut diskutéiere mir iwwert eng kleng Ännerung am Gesetz ronderëm Dierwiechter, fir hinnen d’Aarbecht ze erliichteren. Beruffsgrupp vum Huissier de Justice huet per Gesetz d’Aufgaaben Riichterentscheedungen duerchzesetzen an offiziell Akten ze produzéieren. 

D’Leit hei am Land verbannen d’Aufgab vum Dierwierchter awer virun allem mat dem vum Geldandreiwer.  

Et ass déi Aufgab, déi bei de Léit am Land wuehl déi bekanntsten ass, wann den Dierwiechter virun der Dier steet a schellt fir Geld sichen ze kommen.  

Mir Piraten hannerfroen ganz kritesch, ob elo an enger Krisenzäit nach sollten Dierwiechter eraus bei de Bierger, déi aktuell villäicht selwer kee Salaire kréien oder soss finanziell Problemer hunn während dëser Kris.  

Guernet ze schwätze vun de sellegen Indépendant wou elo an der aktuelle Kris em hier privat Existenz fäerten. Well déi aktuell Hëllefen einfach net duer ginn oder si guerkeng Hëllef kreien. 

Wisou net fir kleng Scholden elo eng Toleranz ginn während der aktueller Situatioun,  fir dass keen vun den Betraffenen nach méi ënnert finanzielle Drock geréit.  

Mam Text vum Gesetzesprojet hu mir Piraten kee weidere Problem fir den Dierwiechter op deem Punkt entgéint ze kommen, wann d’Qualitéit beim Service stemmt. 

An do komme mir op de Punkt, wou et vereenzelt Problemer gëtt. 

Et ass esou, dass et virkënnt, dass vereenzelt Dierwiechter an Fäll sech beim Andreiwen vu Geld ewéi de „Rambo“ behuelen.  

Vill Leit sinn an deene Fäll dramatiséiert iwwert dëst Behuelen, wann Dierwiechter, direkt zu e puer Mann heisch, an hier Wunneng andréngen,  an do alles op d’Kopp geheien fir eppes ze fannen, wat se kënnen zu Geld maachen.  

Oft geschitt dat och fir kleng Rechnungen. Wann am deene Fäll och nach den Dierwierchter engem d’Dier aschléit, dann ass dat fir vill Leit eng dramatesch Situatioun, déi net einfach ze verkraafte ass.  

Psychologe stufen esou Aktiounen änlech an wéi een Abroch oder Iwwerfall.  

An verschiddene Fäll sinn och eeler Leit oder Kanner bei esou Aktiounen dabei. Vill Betraffen komme bis haut net iwwert déi Erfahrung ewech. 

Wéi de Präsident et schonns virgëschterbetount huet: de Bierger muss weiderhinn a seng Institutioune vertraue kënnen. Dorënner fällt dann och d’Justiz.  

Dofir soe mir Pirate kloer, dass esou een Handelen vun sou munchen Dierwiechter keng Toleranzmarge däerf hunn.  

Ech hat dee Punkt och an der Kommissioun ugeschwat, an do goufen et dann och gläich 3 verschidden Meenungen,  
wéi an esou engem Fall virzegoen ass.  

Am Gesetz steet, dass de Procureur d’Etat d’Plainten un d’Bezierksgeriicht weiderleet. 

Dofir wëll ech kuerz, Här President, haut erklären.  

Si mer ganz éierlech: wéi eng Persoune wou net am Justizsystem sinn, kennen sech mat Gesetzer a judiciale Prozeduren aus?  

Wéi ech gëscht an der Justizkommissioun gefrot hunn, wou de geschiedegte Bierger sech da beschwéiere kann, krut ech direkt e puer Weeër gesot, mee keng eenzel Ulafstell wou dann elo de Bierger sech beschwéiere kann. 

Déi schlechtesten, déi dobäi opkomm ass, war wuehl de Präsident vun der „Chambre des huissier de justice“ ze schreiwen, well déi ass wuel an dem Fall guer net onofhängeg a wee seet, dass et net dee Präsident oder Memberen aus dem Comité selwer betrefft? 

Wann een d’Situatiounen heiansdo kuckt,  wou Persounen an eng Situatioun vum Misär geheit ginn wéinst enger onbezueltener Rechnung fir Poubellen, Stroum, Gaz an dann nach beim Andreiwe vun der Schold net grad fein behandelt ginn, dann fërdert dat net d’Vertrauen an eis Insititutiounen.  

An de meeschte Fäll betrëfft dat Bierger, déi d’juristesch Weeër net kennen an och net wëssen, wéi een een offizielle Bréif opsetzt. Et sinn déi vulnerabel, déi sech selwer an esou enger Situatioun net hëllefe kënnen. 

Eigentlech wollte mir haut eng Motioun deposeieren, mee mir respekteiren den Etat de crise,  

 
Dofir warde mir mat eiser Motioun, dass nach dës Legislatur eng zentraal Ulafstell fir d’Bierger opgestallt gëtt, am beschten och digital iwwer guichet.lu, 

wou d’Bierger kënnen iwwersiichtlech an einfach erkäert kucke goen, wou een sech zum Beispill beschwéiere kann, wann een Dierwiecher sech donieft behëllt,  

wéini den Ombudsmann gräift oder wéini et Sënn mécht sech een Affekot zur Säit ze huelen.  

Mir brauchen hei am Land ee méi einfachen Accès un d’Justizinstitutiounen mat enger zentraler Ulafstell.  

Einfach an ouni ze vill Opwand fir de Bierger. 

Als Piraten hoffe mir do op sozial Ënnerstëtzung vun der Majoritéit, fir dass och eis äermste Bierger Vertrauen an d’Institutiounen kënnen hunn. 

Kommt mir ginn eis de Ruck, a schützen déi Leit, wou eis Hëllef brauchen an setzen se net nach méi déif an de Misär. 

Merci 

Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. Jean Schanen

    April 4, 2020 at 11:06 am

    Moien Merci daat as mus en alles mèchea mat respect behadellen mir mussen alle onse resnugen bezellen maai mat respect

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert