Connect with us

Chamber

Nee zu Atom!

Här Präsident,
léif Atomgéigner,

Iwwert Atom kinnt ee Stonnen schwätzen, vieles gouf scho gesott, an et kann een net genuch Kritik un der Technik ausschwätzen an net oft genuch de Risiko erwähnen.

Mir stëmmen haut iwwert ee Gesetz of, dat de Kader reegelt am Fall vun engem Schued duerch een nuklearen Accident, eng Situatioun wou hoffentlech ni antriede wäert.

Mir stëmmen haut dofir eis eegent Gesetz, wou de Kader gereegelt gëtt.

Soumat kënnen d’Leit an Zukunft hei op de lëtzebuergesche Geriichter kloen, wann de Schued vun engem nuklearen Accident kënnt.

Situatioun Nuklearstroum Lëtzebuerg

Mir sinn eis eigentlech alleguer eens,
dass mer missten op Atomenergie verzichten.

Fir Atomfans, ass Argument, awer nemmen op den éischte Blëck, dass déi gefeierlech Atomenergie méi bëlleg ass.

Mee, wann een d‘Folgekäschten kuckt, dat iwwert Joerdausenden:
dann ass d’Rechnung immenz schnell ganz deier.

Guer net ze schwätze vun de Folgekäschte am Fall vun engem Accident.

Dofir sinn déi Aktivisten,
wou sech an der Zivllgesellschaft géint Atomstroum asetzen, net oft genug ze luewen
an hinnen ass net oft genug Merci ze soen.
Et kinnten sech nach vill méi Bierger hinnen uschléissen
an sech konsequent géint Atomenergie asetzen.

Wat mir Piraten kritiséiren:
et gëtt hei esou duergestallt,
als ob Lëtzebuerg ee gudde Schüler a Saachen
Atomstroum ass.

Weenstens glécklecherweis huet Lëtzebuerg keen Atomraaftwierk op sengem Terrain.

Onglécklecherweis verbrauchen awer och mir zu Lëtzebuerg vill Atomstroum, ouni selwer esou ee Kraftwierk ze bedreiwen.

An eise parlamentaresche Froen hunn d’Ministeren eis Piraten bestätegt, dass ronn 10% am nationale Stroummix
am Joer 2018 aus Atomenergie komm sinn.

Mir mussen zu Lëtzebuerg also endlech den Turbo aleen, méi Courage opbrengen,
fir méi ëmweltfrëndlech ze ginn,
virun allem an der Stroumproduktioun.

Hei musse virun allem déi gréng Ministeren eng Datz kréien, well se sinn net erréischt zanter 2018 op hiere Posten.

Zënter 7 Joer decidéieren déi gréng mat,
wéi eis Energiepolitik soll ausgesinn,
an trotzdem importéiert Lëtzebuerg nach ëmmer Atomstroum.

Esou vill zu der grénger Wierkung an der nationaler
Emwelt- an Energiepolitik.

Wou déi Gréng Partei entscheed, ass net noutwennegerweis och Ëmweltschutz dran, mee heiansdo och 10% Atom.


Déi Mauve Emweltpolitik vun de Piraten ass awer,
dass mir als Land komplett atomfräi ginn, och am Verbrauch.

Am Dezember hat ech schonns a menger Ried zum Klimaplang kritiséiert, dass d‘Regierung an de leschte Joren am Klimafong Suen op d’Säit léeet,
ouni, dass dës investéiert ginn.

Mat deenen 180 Milliounen, déi am Dëppe leien, kann een also massiv nohalteg a sozial Energiepolitik fërderen an et kënnt direkt eppes bei de Leit un.

Eis mauve Energiepolitik ass dofir der Meenung, dass ee komplett op den Import vun Atomstroum verzicht an elo,
an der Klimakris, massiv erneierbar Energien ausbaut.

Fir de Stroumverbrauch vun nuklear op erneierbar Energie ëmzestellen,
fuedere mir Piraten,
dass de Staat massiv op ëffentleche Gebaier Photovoltaik ausbaue soll.

Dat sinn d’Ministèren, Etablissements publics, mee och d’Gemengen.

Dat ganzt soll awer net fir de Profit gemaach ginn,
mee iwwert eng Kooperativ mat de Bierger,
déi dat dann um Stroumpräis erëm zegutt kréien.

Dat sinn dann gudd investéiert Suen.

Dat ass de mauve Wee mat Courage,
fir Lëtzebuerg Fit ze maachen fir eng gesond Ëmwelt.

Well wei ka Lëtzebuerg selwer anner Länner iwwerzeegenen net méi op Atomstroum ze setzen?

Ma op engem Maart, op deem kee méi Atomstroum keeft.

Situatioun Belsch & Ausland

Nach kuerz zur Situatioun mat der Belge, mir hu haut eng Situatioun wou mir no virun der Dier bei engem Atomkraaftwierk wunnen.

Mee net nëmme Cattenom mécht engem Angscht, och Tihange an der Belsch leit nëmmen op enger kuerzer Distanz.

Mee weisou hunn déi Länner nach Atomkraftwierker?

Ma well den Honger op Energie bei de Bevëlkerungen ongebremst ass,
well iwwert Joerzengenten vergiess gouf an néi ëmweltfrëndlech Techniken ze investéieren.

Well am Kapitalismus, Atomkraaftwierker bis op de leschten Cent profitabel solle sinn, och wann se dofir 60 Joer stoe musse an de Risiko onbeschreiftlech ginn ass.

D‘Stroumindustrie huet an der EU eng grouss Lobby,
ja eng Lobby, déi leider vill Afloss op d‘Entscheedungen an der EU hëllt
a mat hierer Propaganda ee falscht Bild vum Atomstroum verkeeft.


Mir maachen der Belge elo zu Recht Drock, fir net hier Endlagerung vum Atomoffäll no bei eis Grenzen ze setzen.

Genau richteg. Och mir Pirate soe kloer Nee.

Allerdéngs: Wat mir als Piraten awer guernet gutt fonnt hunn, war wéi Amateurhaft hei Ministesch
an och eng Gréng Partei virgange sinn
mat eisem belsche Noper an eise belsche Kollegen.

Eng Amateurhaft Pressekonferenz moies,
an Mettes huet déi Gréng Partei hei nach d‘Chamber mëssbraucht,
fir hiere Showstunt mat dem Thema Atom an enger Aktualitäitsfro.

Weisou do net eng transparent Deklaratioun vun der Ministesch an der Chamber?
Anstatt eng Showbühn fir hier Partei?

Elo kommen déi Gréng mat Copy Paste Motiounen an d‘Gemengeräit, dat ass net authentesch, dat ass populistesch.


Mee Ja, mir Pirate verstinn, dass et fir déi Gréng et am Moment schweier ass an der Regierungs-Koalitioun,

Dat bedeit fir eis awer net, dass een en diplomateschen Tëschefall mam Nopeschland muss ausléisen,

fir erem een Thema ze hunn an vum eegenen CETA–Fiasko a vielen annere Problemer an der Partei ofzelenken.

Wann ee wees dass een op de gudde Wëllen vun engem Partner ugewiesen ass,
da muss een och gutt virbereed a gutt iwwerluecht virgoen, fir säin Ziel ze arreechen.

Well eent ass elo kloer:
wann d‘Belsch elo stuer bleift an duerch dësen diplomateschen Tëschefall kee postivt Resultat fir eis Land wäert eraus kommen,
dann ass dat kloer d‘Verantwortung vun der Ministesch Carole Dieschbourg.

Eis Piraten huet et awer och verwonnert, dass aner Regierungskollegen,
virun allem de Kapitän vun der Equippe,
déi jo u sech bekannt sinn fir eng roueg a lues Entscheedungskultur,
do net de grénge Partner a sengem Aktionismus gebremst hunn.

Och wa mir Piraten d’Aart a Weis wéi d’Ministesch sech hei duerstelle wollt net deelen,
esou si mir dann awer kloer mat der Regierung op enger Ligne léien wat d’Resistenz géint een
Atommüllendlager ugeet.

Mir hoffen dat Gesetz wat haut gestëmmt wäert ginn, wäert nie ee gebrauchen,
an dass een an noer Zukunft wäert kennen an enger Atomfräier Welt liewen,
et muss ee just de Courage opbréngen.
Merci

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert