Connect with us

Chamber

Aktualitéitsstonn zu der Beliwwerung an der Sécherheet vun der Energie a Lëtzebuerg an Europa

Marc Goergen :

An tëscht diskutéiert d’Chamber jo bal, oder, all Woch schonn, iwwert d’Energie. Verschiddenes widderhëlt sech och leider, ouni dass awer bis elo wierklech sech eppes un der Situatioun verännert huet.

A mir Pirate gesinn och do ganz kloer déi konservativ oder réckbliwwe Parteien, sief et an Europa oder och heiansdo hei, wann een d’Äusserungen héiert, déi einfach an der leschter Zäit scho verpasst hunn fir op déi erneierbar Energien ze setzen, well hätte mir deene Parteie schonn an der Vergaangenheet nogelauschtert, déi op ëmweltfrëndlech Energien wollte setzen, wäre mir haut net esou ofhängeg vu Russland.

Mee et sinn awer déi Parteien, déi konservativ Parteien, déi elo kräische kommen. Dat ass e bëssen komesch. Dir kräischt och ëmmer Här Kartheiser an et freet mech awer, dass Dir de Message verstanen hutt.

Mir sinn och houfreg, mir sinn och houfreg, drop fir als Piraten Europäer ze sinn, well an dëser Situatioun, wa mir eng Energiesécherheet wëllen, dat just iwwer Europa wäert goen.

Mir kënnen eis hei zu Lëtzebuerg sécherlech de Mond fuseleg schwätzen, mee mir mussen awer sou éierlech sinn, dass mir ni wäerten zu Lëtzebuerg eisen Duuscht an Honger no Energie kënnen produzéieren.

Dat heescht, eisen Interessi als Land ass et ganz kloer, op europäesch Léisungen ze setzen, am Norden de Wand, am Süden d’Sonn. Fir dass mir aus deenen fossille Produkter kënnen erauskommen.

Déi nei Techniken wäerten et och sinn, déi dëst méiglech maachen. Ech héieren ëmmer bësse konservativ Parteien, déi just de Status quo kucken an dat ass bëssen de Problem. Kuckt iech eng Kéier un, mat wéi engem Laptop dir virun fënnef oder zéng Joer geschafft hutt.

Haut huet äre klénge Smartphone mat der klenger Batterie méi Kapazitéit wéi de Laptop. An sou wäert et och bei der Mobilitéit goen, sou wäert et och bei aneren Techniken goen.

Déi Solarpanelen, wou mir haut hunn, déi wäerten an noer Zukunft mol honnert u Kapazitéit maachen. Dono un zweehonnert, dat wäert sech vervielfachen. Herno hu dir ganz kléng Solarpanelen, wou déi selwecht Energie kënnen hierstellen.

Herno hu dir ganz kléng Batterien an den Autoen. Et dierf ee net deene nolauschteren, déi et elo verdäiwelen an et just op déi aktuell Situatioun, well déi Technik wäert viru goen. Kuckt iech eng Kéier un, wat déi eenzel Batterien gemaach hunn. Fréier hat dir en Handy, do hu dir missten e Koffer mathuelen. Haut kritt dir en Handy, haut wësst dir mol net méi an ärem Smartphone, wou d’Batterie verbaut ass, well déi eenzel Deeler sou kléng ginn.

A sou wäert et och mat deenen anere Produkter ginn, wou haut energiehongreg sinn.
Dat entlaascht eis awer net, dass mir trotzdeem alles musse ginn, fir aus dem Petrol méiglechst schnell eraus. An do ass grad de Staat fir eis Piraten an der Verantwortung, well dee u sech eigentlech e Virbildfaktor hunn.

Wann een elo kuckt, dass do zum Beispill déi meescht Gebaier nach mat enger fossiller Energie versuergt ginn, da kann dat fir eis einfach net sinn. Dofir wäert ech och eng Motioun deposéieren, dass de Staat soll bis zweedausenddrëssesch op all senge Gebaier, wou et méiglech ass, Solar installéieren.

Et sinn awer och de Fuerpark vum Staat, ech hat elo eng rezent question parlementaire, wou e grénge Minister da Police erëm lauter fossil Autoe kaf huet. Ech mengen de Staat ka vill schwätzen, dass mir raus wëllen, mee e muss et awer iergendwéi och als Virbild liewen.

Well et ka jo net sinn, dass de Staat higeet an e verbrauch nach ëmmer dee schlechte Produkt vun de fossille Brennstoffer an e seet de Leit awer se sollen ëmklammen.
An dat ass ee vun de Problemer, et muss een et ganz virliewen.

Och mir als Chamber mussen et virliewen. Och mir als Chamber mussen eisen footprint kucken. Huele mir d’Kommissiounen, firwat do net, och an deene Kommissiounen, wou ee net kontrovers Diskussiounen huet, mol einfach soen, mir maachen déi vum Homeoffice aus, dass mir deementspriechend do déi fossil Produkter schonn aspueren.

Just als Klengegkeet, mee dat sinn awer déi Symboler, wou de Leit herno no bausse soen, hei kuck, déi maachen et och.

Mir sinn och keng Fans dovun elo bei anere Länner, wéi Qatar, also Qatar ass jo virdrun och hei erwäänt ginn, e gouf lescht Woch schonn erwäänt, an der Diskussioun. Ech fannen dat elo net eng lupenrein Demokrate, wou een elo onbedéngt muer muss akafe goen.

Also et muss een och virsiichteg sinn, wann een elo vun engem Schlechte bei en anere Schlechte geet. Do muss ee ganz virsiichteg sinn, wann ee grad sech ofhängeg wëll maachen mat zum Beispill hei an dësem Fall Flësseggas.

Bei de Sanktioune fir Russland, do si mir guer net averstane mat der Positioun, wou d’Regierung oder bezéiungsweis d’Finanzministesch gëschter um honnert Komma siwen ugedeit huet, an dat mol einfach als real Politik ofgedoen huet, dass ee weiderhin géing Pëtrol a Gas aus Russland kafen.

Dat versti mir Pirate net, mir Pirate sinn éischter op der Linn, dass mir nach léiwer gëschter wéi haut aus dem Pëtrol an dem Gas vu Russland mussen erausklammen an net einfach kënne soen, dass mir weiderhin dee Krich finanzéieren just well dat, wéi hat se gesot, real Politik wär.

Dat ass fir eis Piraten onverständlech an ech hoffen och dass d’Regierung hir Positioun do wäert änneren.

Wou mir Piraten awer bei der Regierung eise volle Support ausschwätzen, ass, fir alles wat se a Richtung Ëmwelttechnike virundreiwen. Dofir begréisse mir och dass déi Ëmweltprimmen, zum Beispill fir d’Elektroautoen, wéi et gëschter ugekënnegt ginn ass, verlängert gi sinn.

Dat ass eng Etapp, et komme nach ganz vill Etappen wann ech esou an der Ëmweltkommissioun kucken, wou och kënnt mat de Luetstatiounen, wou ganz vill Projeten am Moment nach an der Pipeline sinn an do kann d’Regierung och op de Support vun de Piraten zielen, wann et drëm geet fir alternativ Energien ze setzen.

Merci.

 

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert