Connect with us

Rieden

Gesetzesprojet 7971 iwwert d’Aféierung vun enger Rei Mesuren am Kader vun der Covid-19 Pandemie

Marc Goergen:

Merci Här Präsident,

Och mir Pirate wäerten haut dëst Gesetz matstëmmen, an och mir freeën eis natierlech op déi Lockerungen, ech muss awer och ganz kloer soen, dass mir an de leschten Deeg do vill Iwwerleeungen haten, ob et schonn den Zäitpunkt ass, fir déi eenzel Lockerungen anzegoen, an dat och esou freedeg no baussen ze kommunizéieren.

Well et jo awer, wann een d’Nouvellen och lauschtert, sief et elo mat deem neien Sub-Typ BA zwee, dass een 30% méi schnell infektiéis, dass den RKI gëschter, gewarnt huet.

Kann een sech awer d’Fro stellen, ob et schonn de Moment ass fir alles opzehiewen, also mir hu jo ëmmer gefuerdert, dass ee méi géing ophiewen. Elo ass d’Regierung eigentlech méi wäit gaangen, wéi dat wat mir an deene leschte Covid Gesetzer gefuerdert haten.

Dofir war d’Entscheedung och fir haut dat Gesetz matzestëmmen net ganz einfach a mir hunn eis et och net einfach gemaach. 

Et sinn d’Experten, déi en Dënschde mengen ech, an der Kommissioun waren an de Rapport gemaach hunn, deen, muss ech soen, ganz propper a ganz seriö war, an déi Daten hunn eis och iwwerzeegt.

Mir ginn net vun der schwéierster Variant aus, der Deltacron Variant, déi do erwäänt ginn ass. Wann déi géing antrieden, musse mir sou oder sou nobesseren, mee mir hu vun deenen Zuelen, wou se präsentéiert hunn, dass mir an eng Situatioun kommen, dass mir kënnen déi Lockerungen elo, zu dësem Moment, mat dëser Datelag, well dat dierf een an déier ganzer Situatioun ni vergiessen, et ass déi aktuell Datelag.

Dobaussen héiert een heiansdo Leit, déi scho soen, hei et ass elo fäerdeg.

Dat kënnt net méi. Nee.

Et ass déi aktuell Datelag, déi et erméiglecht huet, dass een haut alleguer déi Restriktiounen, zum gréissten Deel, et sinn der nach am ëffentlechen Transport, dass een zum gréissten Deel déi Restriktiounen, ophieft.

An do muss een och ganz virsiichteg sinn, souwuel d’Regierung, wéi d’Chamber oder och jiddereen deen an der Ëffentlechkeet kommunizéiert, dass dat den aktuelle Moment ass, dass dat keng Garantie ass fir d’Zukunft.

Den Här Lauterbach seet et jo ganz oft vun enger Summerwell, anerer schwätzen, dass am Hierscht et sech wäert zouspëtzen, wann eben déi nei Variante kommen.

An deementspriechend ass et op der aktueller Datelag.

Mir Piraten haten och laang intern Diskussiounen, ob mir net éischter fir eng Variant wären, dass ee gesot hätt, de Covid Check bleift bei groussen Eventer, well mir dat änlech gesinn wéi am ëffentlechen Transport, grad wann ee keng Sëtzplazen huet, ass et awer riskant.

Mee mir droen awer och haut déi Lockerung mat, well déi aner Punkten eis iwwerzeegt hunn.

Mee sollt et sech schnell bëssen zouspëtzen, wann déi nei Variant vun dem Omicron elo wäert dominant Zuelen, wéi an anere Länner dat jo elo virausgesot ginn ass, muss ee sécherlech och do, ganz schnell, kuerzfristeg nobesseren. 

Fir op déi eenzel Punkten am Gesetz anzegoen, do sinn et der e puer wou mir, nenne mir et handwierklech, net onbedéngt déi beschte Variant gewielt ginn ass.

Fänke mir do bei de Lëschten un, wou an de Betriber, bei de Gemengen an iwwerall, bei de Patronen ugefäerdegt gi sinn. Och hei an der Chamber hu mir sou eng Lëscht fir do ënnen duerch de Covid Check.

Dass do elo net ganz kloer am Gesetz gereegelt ass, dass déi musse geläscht ginn.

An dat si ganz ganz vill Daten, dir verloosst iech do op den EU-Schutz, vum GDPR, wou mir Piraten awer elo net onbedéngt der Meenung sinn, dass een sech dorobber sollt, nëmmen dorobber verloosse, mee et hätt ee missen an dësem Text dat ganz kloer ervirhiewen, dass déi Lëschten elo ze läsche wären, wann  de Betrib op de Covid Check verzicht.

Dat Zweet ass, mat der Vermummung, ja do ass bëssen en, an der Justizkommissioun kréie mir dat oft mat, wéi, a vläicht hunn ech dofir och en anere Brëll, fir dat ze kucken, dass dat do handwierklech net onbedéngt ganz propper war mat der Vermummung.

Also do hätte mir eis awer gewënscht, dass dat vill méi kloer ass.

Well elo hu mir eigentlech den Effekt, an ech weess, do ware vläicht Presseartikele gëschter, iwwer schnell, mee dass eigentlech déi Leit, déi sech nach wollt schützen an de Supermarchéen a soss enzwousch, elo fäerten, dass se herno eppes Falsches maachen.

An eigentlech soll de Message awer vun der Politik sinn, dass et weiderhin ganz recommandéiert ass, akzeptéiert ass, wann ee seng Mask unhält, wann een akafe geet, oder iergendwou higeet, an net, dass een dann bemol géint de code pénal géing verzichten, verstoussen.

Dat, dat hätt een handwierklech kéinte vill méi propper léisen a mir hoffen, dass do och ganz schnell eng Léisung wäert kommen.

Déi Reegele wou fir de Prisong gëllen, akzeptéiere mir och, do ass eben d’Fro nach, an dat gouf mir vu Polizisten ugedroen, wéi et dann herno op de Policebüroen gereegelt ass.

Wäerten déi och nach ënner Covid Check fonctionéieren, well jo awer déi änlech Clientèle ass. Ob och un d’Beamte geduecht ginn ass an de Policebüroen.

Mir begréissen natierlech, dass d’Regierung elo op d’Eegeverantwortung vun de Leit setzt, fir sech weiderhin ze schützen.

Mir hoffen dat wäert awer och weiderhin sou bleiwen, well an de leschte Méint war dat net ëmmer de Fall, wann ee bemol gesot huet, d’Leit dierfen no eelef Auer net méi eraus, oder aner Mesuren. Do war näischt ze héieren, dass een op d’Eegeverantwortung vun de Leit gesat huet fir weiderhin sech ze schützen. Sief et mat Masken oder mat Desinfektioun.

An dann déi kroklech Fro, wou och d’Experten an der Kommissioun ugeschwat hunn an ech mengen dat ass eigentlech eng Fro wou mir als Chamber, d’Leit dobausse missten drop virbereeden.

Ech mengen déi véiert Impfung wäert kommen, sief et fir déi nei Varianten ofzedecken oder fir déi aktuell Varianten iwwerhaapt ze verstäerken.

Well kuckt ee sech d’Zuelen un, an ech hat mir se extra nach eemol rausgesicht, wou d’Experten eis ginn hunn, sou geet den Impfschutz trotz Booster, no fënnef Méint, fir eng Transmissioun op véier Prozent erof, wat awer ganz fragwürdeg ass, wann een herno iwwerall fräi zirkuléiere kann, ouni déi eenzel Schutzmoossnamen.

Dat heescht mir komme warscheinlech net dolaanscht fir déi véiert Impfung herno de Leit ze recommandéieren, well mir Pirate jo nach ëmmer der Meenung sinn, et dierft keng Impfflicht ginn.

Mee, da musse mir de Leit dat awer elo och ganz kloer kommunizéieren an net elo de Message heiansdo iwweräifreg eraus ginn, dass d’Pandemie quasi eriwwer wär an, also wann dir awer bësse kuckt wéi d’Messagen dobausse verstane ginn a och déi Euphorie.

Dir verstitt et als, also ech hu verschidde Riedner virsiichteg fonnt, ech hunn aner Riedner manner virsiichteg fonnt.

Ech mengen dat war elo diplomatesch genuch ausgedréckt. Mee mäi Message sollt sinn, dass mir de Leit net d’Kommunikatioun ginn, dass et eriwwer wär mee dass si sech éischter virbereeden, fir am Hierscht awer nach eemol eng Impfung an, dass dat e ganz wichtege Schrëtt ass, an dass mir och déi Leit am Boot behalen, déi vläicht elo net fräiwëlleg sech impfe waren. 

Bon, ech war mech direkt bei Astra aschreiwen, mee et ginn och déi aner Leit.

Dass mir déi awer am Boot behalen an deenen och ganz kloer soen, am Hierscht wäert warscheinlech nach eng Impfung kommen, fir dass mir duerch déi Well kommen.

Merci.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert