Connect with us

Police & Arméi

Lëtzebuerger Arméi an den Testzentren

Fir d’Covid-19-Pandemie kënnen ze geréieren, gouf hei zu Lëtzebuerg d’Arméi erbäigezunn, wou si, ënnert Anerem, och d’Testzenteren hei am Land logistesch a personell ënnerstëtzt huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich waren d’Ausgabe fir d’Material, dat fir d’Arméi am Kader vun der Missioun TAR (=Test antigénique rapide) ugeschaaft ginn ass?

  2. Op wéi vill Euro belafen sech d‘Gesamtkäschte vun der Missioun TAR?

  3. Wéi vill Tester sinn, opgeschlësselt no Testzentrum, insgesamt an deene 5 Testzentre gemaach ginn? 

  4. Wéi vill Tester goufen, opgeschlësselt no Testzentrum, beim militäresche Personal duerchgefouert?

  5. Wéi vill Tester hätten, laut initiale Berechnungen, sollen an deene 5 Zentre gemaach ginn?

  6. Wéi vill Persoune vun der Arméi waren, opgelëscht no Mount, pro Testzenter affektéiert? 

  7. Wéi eng Kompanien a Servicer vun der Arméi ware wärend der Missioun TAR an hirem Fonctionnement beanträchtegt oder komplett zou?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5827

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert