Connect with us

Parlamentaresch Froen

Akaf vu Militärmaterial

D’EU-Länner mussen an Zukunft selwer méi fir hir Verdeedegung maachen a vill Länner preparéieren dofir massiv Investissementer an hir Verdeedegung. Och déi lëtzebuergesch Regierung huet ugekënnegt, dass d’Verdeedegungsausgabe wäerten an d’Luucht goen. An der Vergaangenheet goufe schonns eng Rei Rekordinvestissementer gemaach, dorënner d’lescht Joer vun 2,6 Milliarden Euro fir den Akaf vu Gefierer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann d’Ministesch oplëschten, aus wéi enge Länner dat lëtzebuergescht Militärmaterial an deene leschten 10 Joren akaf ginn ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2121

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert