Connect with us

Déiereschutz

Hamster gëtt an engem Baumaart dout gemaach

Eng staatlech unerkannten Déierenassociatioun huet op de soziale Medien eng Foto vun engem klengen Hamster verëffentlecht, dem et siichtbar net gutt goung. Am Post gëtt erkläert, dass den Hamster net bei de Veterinär bruecht gouf, mee einfach am Geschäft – engem Baumarkt – op eegen Initiativ „euthanaséiert“ gouf.

D’Déiereschutzgesetz vun 2018 schreift kloer vir, dass d’Déieren net dierfen doud gemaach ginn ouni am Viraus betäubt ze sinn. Wien een Déier ouni Betäubung dout mécht, kann mat enger Prisongsstrof vun bis zu 3 Joer oder enger Geldstrof vun bis zu 200.000€ bestrooft ginn. D’groussherzoglech Reglement vum 5ten Dezember 2018 gesäit vir, dass engem Déier, deem et net gutt geet, gehollëf muss ginn.

D’Geschäft, wou anscheinend „Fachkräfte“ schaffen, déi sech mam Déierewuel missten auskennen, hätte kéinten op ee Veterinär zeréckgräifen. Dat gouf awer net gemaach. Warscheinlech, well dat Méikäschten mat ech bruecht hätt, déi een an enger Profitlogik, wou een Déier ee Produit ass, Sue verluer hätt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf d’Personal an engem Baumarkt een Déier dout maachen?
    Falls jo, wéi gëtt kontrolléiert, dass d’Schutzmoossnamen vum Déiereschutzgesetz agehale ginn?

  2. Wéi eng Bedingungen muss ee Baumarkt erfëllen, fir Déieren dierfen ze verkafen?
    Wéi eng Qualifikatiounen oder Agrémenten muss d’Verkafspersonal hunn, fir lieweg Déieren dierfen ze verkafen?

  3. Wéi vill Déieren sinn 2022, 2023 an 2024 an esou Geschäfter gestuerwen? (Aanechters gefrot: wéi vill Déieren goufen comptabelstechnesch als „Perte“ deklaréiert?)

  4. Wäert dës Regierung sech dofir asetzen, dass de Verkaf vu liewegen Déieren a Baumäärt, wou donieft nach Faarwen, Schrauwen an Dünger verkaf ginn, ophällt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1976

Nofro

 A menger parlamentarescher Fro n°1976 hat ech dorobber opmierksam gemaach, dass een Hamster an engem Baumaart dout gemaach ginn ass. Aktuell ass et esou, dass lieweg Déieren a Baumäert nieft Faarfdëppercher, Schrauwen an Dünger verkaf däerfe ginn. D’Regierung huet net kloer gesot, ob si dat an Zukunft wëll verbidden. Weider erkläert déi zoustänneg Ministesch, dass den Artikel 6 (2) 4. vum Gesetz eng ministeriell Geneemegung fir Geschäfter virgesäit, fir dierfe lieweg Déieren ze verkafen. „Bei der Prozedur fir d’Geneemegung gëtt och gepréift, wat fir eng Formatiounen d’Personal huet resp. wéi déi intern Formatioun vum Personal an deem Beräich ass.“ 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Opgelëscht no Autorisatioun, déi am Artikel 6 vum Gesetz festgeschriwwen ass, wéi vill ministeriell Geneemegunge goufen an deene leschte 5 Joren ugefrot ?
  2. Wéi vill vun dësen Demandë goufen an deene leschte 5 Jore refuséiert?
  3. Wéi vill Geneemegunge goufen nodréiglech an deene leschte 5 Joren entzunn?
  4. Wat fir eng Kompetenzen mussen déi intern Formatiounen vermëttelen, fir dass d’Ministesch kann d’Geneemegung ginn? 

Fro n°2145

CHD

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert