Déiereschutz
Zuehlen zu den Accidenter mat Wëlldéieren
Op meng parlamentaresch Fro n°5921 aus dem Joer 2022 krut ech d’Unzuel un Accidenter tëschent Autoe mat Wëlldéieren vun der deemoleger Ëmweltministesch. An der Äntwert op d’Fro n°1680 vum aktuellen Ëmweltminister krut ech geschriwwen, et géife keng Zuelen dozou ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Zesummestéiss goufen et an deene vergaangene 5 Joer, opgelëscht no Mount, tëschent Wëlldéieren a Stroossegefierer?
-
Wéi vill goufen der Police gemellt a wéi vill goufe bei Assurancë gemellt?
QP Nummer 3047
