Connect with us

Questions parlementaires

Klappjuegten

All Joers, vun ongeféier Mëtt Oktober bis Mëtt Dezember, si wärend enger Rei Wochen iwwerall am Land vill Klappjuegten. Wärend dëser Zäit gouf an de Medien, souwuel an den digitale Medie, wéi och an de Printmedien, respektiv um Radio, eng grouss ugeluechte Sensibiliséierungscampagne vum Mobilitéitsministère lancéiert, fir d’Leit drop hinzeweisen, dass d’Saison fir d’Klappjuegten ugefaangen huet a Persounen hir Vitess op de betraffene Stroossen sollen upassen.  Do dernieft stellen och d’Jeeër selwer nach Schëlder op, fir de Public drop opmierksam ze maachen, dass zu engem gewëssen Zäitpunkt op enger Plaz eng Juegd ass. Op dëse Schëlder laanscht d’Stroossen sinn dacks och Schëlder gemoolt, déi eng maximal Vitess vun 30km/h virschreiwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill huet dës Campagne insgesamt kascht, opgelëscht no der Aart vun de verschidde Medie?

  2. Sinn d’Vitesslimitatioun oder aner Stroossebeschëldeungenr, souwéi Spärunge vu Parkingen oder anere Plazen, déi net vu P&CH oder der Gemeng opgestallt oder virgeholl gi sinn (wéi zum Beispill d’Schëlder vun de Jeeër déi uweisen, dass eng Klappjuegd stattfënnt an op de betraffene Stroossen soll mat 30km/h gefuer ginn) rechtlech bindend? Wa jo, wat ass déi entspriechend Base légale dofir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 147

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert