Connect with us

Questions parlementaires

Cell-Broadcast

 No de massiven Iwwerschwemmungen am Joer 2021 hat déi deemoleg Inneministesch ugekënnegt, dass d’Warn-App Gouvalert wärend den Onwiederen un hier Grenze gestouss war an dass een an Zukunft wëll d’Handysbenotzer iwwert SMS (Cell-Broadcast) warnen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 4732 hat déi deemoleg Regierung erkläert: ““De Cell Broadcast huet de grousse Virdeel, datt d‘Biergerinnen a Bierger näischt mussen eroflueden an d’Couverture vill méi grouss ass wéi bei enger App. An déi Richtung soll och de Warnsystem zu Lëtzebuerg evoluéieren, mam Fokus op eng multikanal Warnung […].“” Kommunikatiouns-Experten an Däitschland rode schonn zënter de 90er Jore, fir Warnunge per Cell-Broadcast un d’Leit ze schécken. Een Artikel op tagesschau.de vum 20te Juli 2021 erkläert de Cell-Broadcast a kuerze Wierder esou: “”Das ist wie ein Streuschuss an alle Geräte im Empfangsbereich eines Mobilfunkmastes.” Auf diese Weise können Menschen in einer bestimmten Region zielgenau mit Warn-Hinweisen versorgt werden.” Dës Woch goufen et op verschiddene Plazen hei am Land erëm eng Rei Iwwerschwemmungen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’Sms-Noutwarnungen iwwert Cell-Broadcast wärend den aktuellen Iwwerschwemmungen op alle Plazen hei am Land funktionéiert? Falls nee, wou net?

  2. Ass de System vum Cell-Broadcast Stand haut komplett funktionell an entsprécht de Krittäre vun engem performante Warnsystem?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 146

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert