Connect with us

Questions parlementaires

Superdreckskëscht

2022 hat déi virëgt Koalitioun an enger Schnellprozedur d’Finanzéierungsgesetz vun der SuperDrecksKëscht an der Chamber gestëmmt, wat zënter dem 15te Juli 2022 a Kraaft ass. Dëst Gesetz war entstanen, nodeems 2022 eng Serie vun Artikelen op reporter.lu verschidde verdächteg Dysfunktionnementer bei der SuperDrecksKëscht opgedeckt an d’Virwërf vu Favoritismus, Vetternwirtschaft a Korruptioun an de Raum gestallt hunn. Am weidere Verlaf hat d’Chamber opgedeckt, dass och de Finanzement vun der Superdreckskëscht iwwert déi lescht Joren net rechtens war, well ee Finanzéierungsgesetz dofir gefeelt hat. Den zweete Punkt gouf mam Gesetz gereegelt, mee di bestoend Virwërf goufen ni aus dem Wee geraumt. Bei der Aktioun SuperDreckskëscht war opgefall, dass virun allem eng Firma mat engem Konstrukt un Ënnerfirmen vun der Aktioun SuperDreckskëscht a soumadder vu Steiergelder profitéiert hat.  Déi deemolëg Ëmweltministesch hat deemols een Pseudo-Audit an Optrag ginn (dee keen offiziellen Audit war, esou wéi et am Dokument selwer drasteet), deen d’Situatioun vun der Aktioun SuperDreckskëscht beliicht. An der Chamberssitzung vum 16te Juni 2022 hate 27 Deputéierten, dovunner 21 vun der CSV, sech an zwou Motiounen dofir ausgeschwat, dass een neien onofhängegen Audit sollt opgestallt ginn an dass d’Aktioun vun der SuperDrecksKëscht sollt nei ausgeschriwwe ginn. An enger weiderer Motioun hu mir Piraten iwwerdeems d’Opléisung vum Kontrakt tëschent dem Ëmweltministère an der Firma Oeko-Service Luxembourg S.A souwéi d’Neiausschreiwung vun der ganzer Aktioun SuperDrecksKëscht gefuerdert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert den neien zoustännege Minister ee komplett onofhängegen Audit an Optrag ginn, deen den internationalen Normen entsprécht an deen déi ganz Aktioun SuperDrecksKëscht an d’Firmekonstrukter hannendrunner onofhängeg beliicht? Falls jo, bis wéini wäert dëst geschéihen?

  2. Wäert d’Regierung, ugesiichts vun de Virwërf, déi géint d’Aktioun SuperDreckskëscht a sengem Prestataire Oeko-Service Luxembourg S.A. virleien, de Kontrakt mam Konzessionär opléisen an eng Neiausschreiwung vun der Aktioun Superdreckskëscht an Optrag ginn? Falls jo, bis wéini soll dat geschéihen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 140

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert