Connect with us

Questions parlementaires

Sécherheet vum nationale Stroumnetz nom Stroumausfall am Raum Miersch

Den 18te November 2026 koum et am Raum Miersch zu engem gréissere Stroumausfall. Zu Biereng, Rolleng a Miersch waren eng Rei Stéit a Betriber tëscht 11:00 an 12:25 Auer, also bal annerhallef Stonn, ouni Stroum. Als Ursaach goufe Wiederkonditiounen uginn. Vu moderne Stroumnetzer misst een sech awer erwaarde kënnen, dass kleng Wiederkonditioune keng Auswierkungen op ee ganzt regionaalt Stroumnetz hunn. Grad an Zäiten, an deenen ëmmer méi wichteg Infrastrukturen, Kommunikatiounsmëttel, Heizungen an och d’Mobilitéit vum Stroum ofhänken, ass d’Resilienz vum Stroumnetz vun zentraler Bedeitung. D’Stroumnetz misst dofir national mat Redundanzen, alternativen Aspeisungen an Ëmschaltsystemer equipéiert sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. 1. Wat waren déi genee meteorologesch an technesch Ursaachen vum Stroumausfall vum 18ten November 2026 am Raum Miersch?  2. Wéi vill Stéit a Betriber waren dovu betraff? 3. Wéi eng kritesch Infrastrukture ware betraff?

  2. Wéi eng Redundanzsystemer, alternativ Stroumleitungen an  Ëmschaltméiglechkeete bestinn aktuell am Lëtzebuerger Stroumnetz, fir bei engem Ausfall d’Versuergung iwwer en anere Wee sécherzestellen? Waren esou Systemer och am betraffene Secteur vu Miersch disponibel?  1. Falls jo, firwat konnt d’Versuergung net bannent e puer Minutten hiergestallt ginn?  2. Falls nee, wéi eng technesch oder operationell Hindernisser verhënneren aktuell, datt bei engem lokalen Ausfall automatesch op eng alternativ Versuergungsleitung ëmgeschalt gëtt?

  3. Ass séchergestallt, datt all déi kritesch Infrastrukturen hei am Land souwéi an der Groussregioun, bei engem Stroumausfall op eng  Noutstroumversuergung zougräife kënnen?  Falls jo, wéi? Falls nee, bei wéi enge kritesch Intrastrukturen ass dat nach net de Fall?

  4. Plangt d’Regierung fir zousätzlech Moossnamen an d’Redundanz, d’Automatiséierung an d’Wiederresistenz vum Stroumnetz anzeféieren, fir ze verhënneren, datt scho lokal Wiederereegnesser zu Stroumausfäll vu bal annerhallef Stonn féieren?  1. Falls jo, wéi eng konkret Moossnamen si virgesinn a bis wéini sollen dës ëmgesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5178

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert