Déiereschutz
Schützt Är Déieren virun extreemer Hëtzt

Mam Summerufank stinn déi nächst Hëtztwelle virun der Dier. Vill Leit ënnerschätzen d’Risiken vun den extreem héijen Temperaturen, grad fir eis Déieren. Et goufen déi leschte Wochen erëm Fäll, wou Hënn an Autoen gelooss goufen. Dës Leit si sech net bewosst, dass am Auto schonn no e puer Minutten an der praller Sonn iwwer 50 Grad Celsius kënne sinn, wat fir een Hond zu engem schnellen a qualvollen Dout ka féieren. Den Artikel 4 Punkt 3 vum Déiereschutzgesetz gesäit vir, dass jiddereen, deen en Déier hält, dofir suerge muss, dass d’Temperature vum Déier u seng Aart adaptéiert muss sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat ënnerhëlt d’Ministesch, fir d’Leit op d’Geforen vun der Hëtzt op d’Déieren opmierksam ze maachen?
Wat ass d’Strof fir eng Persoun, déi hiert Hausdéier bei gliddegen Temperaturen am Auto léisst?
Wat solle Leit ënnerhuelen, déi een Déier bei héijem Temperaturen an engem Auto fannen?
QP Nummer 2526