Finanzen & Steieren
Ënnerschiddlech TVA beim Wäin

Fir Wäin hierzestellen, gëtt, einfach a knapp gesot, den Zocker am Drauwemost fermentéiert. Wat méi Zocker an der Drauf ass, wat henno méi Alkohol am Wäin kann entstoen. Einfach gesot: wat méi Sonn a wat méi waarm Temperaturen, wat méi Zocker an der Drauf. Dëst ass een natierleche Prozess an den Alkoholgehalt am Wäin hänkt dovunner of, wéi d’Klima am Joer war. De Wënzer huet a sech domadder kee Problem a passt sech der Natur un. Allerdings mécht d’TVA-Gesetz ville Wënzer hei am Land d’Liewe schwéier, well hei festgehalen ass, dass d’TVA op Wäiner mat manner wéi 13 Prozent Alkohol méi niddreg ass, wéi bei Wäiner mat engem méi héijen Alkoholsgehalt. Esou ass et méiglech, dass ee Wäin, jee no Joergang oder Lag, eng ënnerschiddlech héich TVA muss applizéieren. Dës Reegel ass ee bürokratescht Hindernis fir vill Wënzer a féiert zu Präisënnerscheeder tëschent de Wäiner, déi net wierklech Sënn maachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wäert d’Regierung eng Ännerung vun der TVA um Wäi virhuelen, esou dass een eenzegen TVA-Taux fir Wäi gëllt?
Wäert d’Regierung de Wee goen, fir de Seuil vum Alkoholsgehalt um Wäin (vun aktuell 13%), fir deen den Taux intermédiaire vu 14% gräift, eropzesetzen?
QP Nummer 2515