Finanzen & Steieren
FRO.LU: Iwwerweisen vu Krypto-Gewënner op Lëtzebuerger Banken

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Den Handel mat Krypto-Produiten wäert international an den nächste Jore weider ausgebaut ginn an domadder bidden sech nei Chancë fir nei Finanzdéngschtleeschtungen a Wirtschaftsaktivitéiten. Lëtzebuerg sollt, als international Finanzplaz, net den Uschloss un dësem Marché verléieren, deen ëmmerhin eng grouss Unzuel u klengen Investisseuren unzitt. Dofir ass et wichteg, dass déi traditionell Finanzdéngschtleeschter, wéi d’Banken, Investitiounen a Kryptowärungen ënnerstëtzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Kënne Banken zu Lëtzebuerger hire Clienten refuséieren, hiert Akommes, wat si aus dem Handel mat Kryptowährungen erwirtschaft hunn, op hire Bankkonto z’iwwerweisen (zum Beispill als Fiat-Geld vu Coinbase oder aanere Kryptoboursen?
Falls jo, aus wéi enge Grënn kann dëst refuséiert ginn (wa séchergestallt ass, dass d’Geld aus legalen Handelsaktivitéiten erwirtschaft gouf, also Blanchiment an illegal Aktivitéiten ausgeschloss kënne ginn)?
Fro n°1645
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 1645