Connect with us

Finanzen & Steieren

Automatesch Upassung vum Steierbarème)

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net mat an d’Luucht ginn, wann den Index kënnt.

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Mat all Indextranche kritt een 2,5% um Bruttoloun bäi, mee netto bleiwe keng 2,5% iwwreg, well ee mat méi Bruttoloun och méi Steiere muss bezuelen an deemno beinhalt all Indextranche eng Steiererhéijung, déi d’Kafkraaft vun de Leit schwächt (och kal Progressioun genannt);
  • Dës Regierung huet am Kader vun hirem“ Entlaaschtungs-Pak“ ugekënnegt, fir de Steierbarème ëm 6,5 Indextranchen unzepassen an esou d’Steierlaascht vun de Leit ze reduzéiere fir d’Kafkraaft ze stäerken;
  • Den Entlaaschtungs-Pak vun der Regierung ass keen automatesche Mechanismus, deen d’kal Progressioun ofschaaft an dem Steierzueler garantéiert, dass zukünfteg Indextranchë steierlech neutraliséiert ginn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’kal Progressioun ofzeschafen, andeems de Steierbarème bei der Akommessteier an Zukunft indexéiert gëtt an dëst ab dem Steierjoer 2025.

Eis QP zum Thema

D’lescht Woch koum fir vill Leit eng erfreelech Noriicht: ab dem 1te Mee fält eng nei Indextranche an domadder ginn d’Gehälter, d’Pensiounen an aner Akommes fir jiddereen hei am Land ëm 2,5 Prozent an d’Luucht.

Déi 2,5% kommen allerdings net um Bankkonto vun de Leit un, well mat all Indextranche kritt een zwar 2,5% um Bruttoloun bäi, mee netto bleiwe keng 2,5% iwwreg, well ee mat méi Bruttoloun och méi Steieren muss bezuelen (= kal Progressioun). 

Eng Piraten-Motioun vum 11ten Dezember 2024 hat proposéiert, dass de Steierbarème bei all Indextranche sollt ugepasst ginn, soudass déi 2,5 Prozent och um Bankkonto vun de Leit ukommen.

  1. Wäert d’Regierung mat der Indextranche vum Mee 2025 de Steierbarème upassen? 
    Falls jo, wéini? Falls nee, firwat net?

Fro n°2297

CHD

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert